Extras: Sigma 10-20, an ferm am Lightroom an Photoshop remgespilt, an eng leif Fra dei mat den Kanner an der Schwemm war an mech alleng ob Tour goen geloss huet.:O)
Fir anzesetzen: [pg_img=30491]
Kommentar vum Fotograf:
Bages ,een kleng Fescherduerf am Roussilion an der Mettestonn. Hun bessi missten warden bis Sonn sou stong wei ech se wollt an duerf beliecht huet, och hei ass Vigneteirung gewollt fir dei Leit dei et steiert.
dei heite gefaellt mer vum Opbau ganz gudd.. wou ech d'Vignette ennen am Bild ganz flott fannen do steiert se mech dofier aawer emsou mei uewen am Himmel, den Iwergang op den "richtegen" Himmel ass zevill ondezent an fir mech dohier immens steierend.. probeier vlait den Himmel allgemeng mei kraefteg an den Fuerwen ze kreien dann steiert eng "klenG" Vignette net...also bis bei d'Heiser gefaellt mer d'Foto vun den Tein immens gudd.. et as eben just den Himmel deen net knackeg genuch ass firmai Gout
Des gefällt mir besser wéi déi aaner. Virun allem den Steeg ass ganz flott duerch d'Textur vum Holz. Iwert d'Vignette huet d'Spako schon alles gesoot. Ech zweiflen och net drun dass se gewollt ass well d'Objektiver hautzudaags jo net méi souvill vignettéieren, an schon guer net den Sigma 10-20.
net schlecht meng ménung och mat de poteauen, het én eventuell eraushuele koennen de steg super mé leider fellt dann dan de kontrast vum himmel an dueref an d'getten" het én eventuel och kinnten eropsetzen
Grad deng Vignettéierung get engem dat Gefill, datt en an d'Foto eragezunn get. Doduerch kritt se eng immens Déift an d'Duerf reckelt domadder kloer an den Mettelpunkt. Et kann en elo allerdengs driwer streiden op deng Vignettéierung sou staark muss sin me bon, schlecht ass et jidefalls net.