Mat 18 an 25 mm has de wirklech kuerz Brennweiten, do muss de virdrun décidéieren, wats de wells dén Owend knipsen
di Perspektiv gefällt mer gut,se get di schéin Molereien vum Plafong erem: du häss kennen e Wäissofgläich machen, däi Bild huet e giele Stach, vleicht riets ofschneiden bis un dat Ornament mat de Rondelen an dann nach riichtzéien....
Flott as di Diagonal vun de Bouspetzten am Plafong, déi an d'Bildmett eranzéien, dat kann de di next Kéier nach méi en Valeur setzen
wollt een vun de nexte Concert och lauschtere kommen
Ech kruut och schon vun aaneren gesoot, ech misst oppassen, waat ech méi als Sujet maan: Kiirch oder Concert. Ma ech war zimmlech begeeschtert vun der Kiirch daat ech déi onbedengt mat abannen wollt D'Fotoen sin fir d'Aarbescht an ech sollt och duerstellen, daat et an enger Kiirch war, vläicht hun ech dowéinst och bei fillen Fotoën d'Kiirch esoufill mat agebonn.
Wann ech bei deser Foto vläicht d'Publikum nach méi dropgesaat hätt, wier et vläicht scho besser... well daat gefällt mer neemlech gudd bei menger éischter Foto.
Vläicht gesäit een sech jo op deem nächsten Concert (ech mengen den 13.11.) an dann kéins de dech jo och ze erkennen gin, well ech dech nët kennen