Mat dem Cadrage war e Probleem, well de Chili bessi ze grous fir meng Vase war. Wann ech ett nach eng Kéier probéieren, dann ginn ech mir méi e klenge Chili sichen.
Probeier mol mat richteg scharfstellen, wiekt an desem Fall schon Wonner.
Wei schon gesoot den Kadrage: huelé manner enk, daat d'Chili mei Loft (Waasser ) huet an d'Plaatz wu se rafaellt ganz drob kennt. An dan regleier dei Waasser mol ganz Weiss an derno vleit eng Bloteinung dran setzen, wiekt besser.
am meechten steiert mech dei komesch Linn uewen (tippen op Buedem fum Becher mam Waasser) an den ugeschniddenen Wutz fun der Chili...
derbai kent dass se nik wierklech scharf as...mee mengn op dem Punkt huesde eng schweier Aufgab rausgesicht...fir se enner Waasser eischtens scharf an zweetens sou gudd beliischt ze kreien wa secher schons nik einfach....
giff soen dru bleiwen!!an vlait na kukn mei Sprudelen ze produzeiren!(Sprudelwaasser?XD)
gogogo
Du hues Recht, déi Line uerwen as vum Bueden vun der Vase. Och datt en ungeschnidden as leit dorun, datt e widder dem Bord war. Bei dem nächsten Versuch, gin ech mir en méi klenge Chili sichen.
Scharfstellen hues du recht, daat as net ohne am Waasser, well en nie gleich drann fällt, mee ech probéieren ett beim nächste Versuch mat mengem 20mm. Do as Déiftenschärft méi grous, wéinst der méi klenger Brennweit.
Mam Sprudel probéieren ech och, well nemmen duerch probéieren kënnt een bei sou Photoen weider... an daat as jo daat waat Spaass mecht an ett as een duebel sou frou wann d'Resultat schlussendlecht gudd ass.
-well nemmen duerch probéieren kënnt een bei sou Photoen weider- ajop! ;D
an deng Melechserie beweist dassde daat mat den Flessechkeeten ZIMLECH gudd am Greff hoss!!
wees nik opsch dei Gedolt hett...
sen gespaant!