Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

DEN Klassiker

 
DEN Klassiker
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.11.2008
  • Gekuckt:
    32517
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1800x641
  • Späicherplaz:
    397 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Lightroom an Photoshop, sinn am ganzen 9 Fotoën, an ech haat kee Stativ wou ech d'Foto gemaach hun.

Fir anzesetzen: [pg_img=31762]
Kommentar vum Fotograf:
Jo meng Contestfoto ... schlecht ofgeschnidden obwuel mer verschidde Leit selwer gesot hun dass se d'Foto immens gutt fannen. Ech hu mech dun natirlech gefrot wisou dann d'Majoritéit vun denen aneren net sou denkt, mee ech fannen keng Äntwert. Mir ass et egal ob se lo schlecht ofgeschnidden huet oder net, déi kënnt eng Kéier ophänken bei mir :)
Jean-Jos 15.11.2008 - 14:07
Sou schlecht huet s'awer nët ofgeschniden: si ass ëmmerhin am Mëttelfeld.
Och wann ech nët méi weess, wéi ech ofgestëmmt hun, da weess ech awer, datt, wann ech se haut kucken, se mer exzellent gefällt, an, jo et ass de Klassiker a jo, si ass exzellent am b/w;
déi grouss Schiedpartien hues de gutt doséiert opgehellt; d'Foto huet eng flott Grotéinpalett,
patrickr 15.11.2008 - 15:49
(geläscht)
Johny 15.11.2008 - 17:12
Dat mam Himmel, ech hätt selwer och do gäere méi Kontrast gehaat, mee méi Kontrast huet do méi Räuschen bedeit, an dogéint haat ech zwar näicht, mee den ënneschten Deel war dann nach relativ propper verglach mam Himmel an dat huet dann och rem net gepasst.

Mee villmols merci fir deng äusféierlech Erklärung, lo wees ech wéi déi denken bei denen se net sou gutt ukomm ass smile Dat hëlleft.
patrickr 15.11.2008 - 17:36
(geläscht)
Johny 16.11.2008 - 16:06
Jo ass liicht gesot, zemols wann ech guer net wëlles haat soueng Foto ze maachen do. War just grad do an dun duecht ech, ech géif mol mäin alleréischte Panorama probéiren closed_eye Mee hues natirlech Recht.
Maimonides 15.11.2008 - 17:09
Ech hun dir meng Meenung schonn gesoot.
Shogun 15.11.2008 - 18:58
Gut ze wessen.
Maimonides 16.11.2008 - 00:25
Wann een eng Foto "Den Klassiker" nennt, weess een, oder höllt ee mat a Kaaf, dass se kontestéiert muss gin.
Dën "Himmel" ass, anscheinend, e Problem. Fir mech nët, ausser deem klenge Lach uewe lenks: eng kleng Wollek hätt dat Lach (am Plafong) zou gemaach.
Lénks ënnen am Deischteren oofgesoff ? Fir mëch ass dat deen interassanste Deel vun der Foto: genau do sin nu wirklich gro, manner gro a bal waiss Détailer ze gesin di b/w-méissig am Kontrast stinn mat de Fassaden vu vis-à-vis.
Banale Sujet ?
D'Staad ass nun eben esou, a kann och fotograféiert gin wann se nët an dem beste Liicht ass. Déi di se kennen entdecken neischt Neies, mais fir déi di së nët kennen ass dës Foto en krassen Highlight.
Dës Foto deelt Neischt mat, erklärt och Neischt, si weist just Eppes: e Panorama. An dat war jo dën Thema vum Concours.
A weisen gëllt.
gloda 15.11.2008 - 22:04
Den Himmel fannen ech un sech ok. Méi Kontrast wier schon gudd dran gewiercht. Den Problém mam Rauschen häss de eventuell duerch NeatImage o.ä. just op den Himmel ugewand meeschteren kënnen.
Den Problem fir mech mat der Foto as dass se mer keen Unhaltspunkt get, keen Punkt op deen den Bléck geleed get oder vun deem den Bléck kann ausgoen. Beim BlackPanther sénger wier dat déi lénks Coque, beim kola sénger d'Schëtonguep, obwuel déi zwou och schon e puer aner Bildelementer dran hun déi denen Punkten hier Wierkung streideg maachen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 479 Gäscht online