Probéier den Blëtz net esou ze benotzen wéi hei, d.h. net einfach volle Pulle knätsch drop. Du kann probéieren den Blëtz mat der natierlecher Luucht ze mëschen, oder en externen Blëtz vun der Kamera erof ze benotzen, oder eben guer kee Blëtz.
Di nächst wärt da wuel richtig faarwig gin.
Pass dann awer nët nëmmen op de Blëtz, mais och op d'"Verzerrungen" op. Zumools mat engem Weitwénkel sin di nootste Saachen, haaptsächlich un der Périphérie vun der Foto, verzerrt.
Esou ass dein lénken Aarem ze déck gin.
Den gloda an Maimonides hun vollkommen recht mat dem wat se soen, allerdengs brengs du et faerdeg, grad mat denger "knätsch-drop-Blëtz-beliichtung" zesummen mat dem Collage eng ganz bestemmten Atmosphär eriwerzebrengen. An dat fannen ech mol guer net sou schlecht.