Flott Idee an och eng schéin Gasmask. Mech perséinlech stéieren zwou Sachen e bessi: Dat diffust Liicht vum Blëtz ganz riets, an d'Spigelung an der Visière vun der Gasmask well se d'Ae e bessi iwerdeckt (eventl. mat Polfilter probéieren). D'Spigelung ass awer eischter just een onwichtegen Detail.
Polfilter as eng gudd Iddi, souee muss ech mer mol zouleen. Wat déi Spigelungen mech zwar gestresst hun, déi Glieser sin sou gewölbt, do as et bal onméiglech den Blëtz aus der Family of Angles rauszekréien. (Du hues jo lo Light Science & Magic, dann misst de wëssen vun wat ech schwätzen )
Gloda!
cool Iddi.
Wat mech stéiert as iergendwei d'Beliichtung vun den Hoer. Well lenks boff an riets zitt d'Luut nach su eng komesch Straif an d'Mask (et kann sin dass den Shanti daat selwecht seet? wann dann hues de et nach eemol an Schlumpfensproch, och egal )