hmmm, sorry wann een sech hei getreppelt fillt, ech hun gegéckst an wollt dommader froen ob t'Joffer vis-à-vis beim spiggel stung fier ob dei brennwert ze kommen ... erwuart hun ech mer dat jiddereen den "witz" an "t'ironie" versteht an mer dann eng "teschnech" erklärung get firwaat dei 200mm gut sin, get et een gronnt eng foto am studio mat 200mm ze machen wann een grat esou gut en macroobjectif keinnt huelen !?! secher, mam fisheye hätt t'joffer e bessen komesch ausgesin.... mais bon ... filleicht kreien ech nach een gronnt genannt !
en+ mierken ech elo dat et keen spiggelbild mais eng 2t joffer as !!!!
dat ass ok Gaga, sou verstinn ech dat vill besser. Ech well heimadder meng Aentwert zereckhuelen, mais esou wei ett do stéet klengt ett leider zimlech zwédeitech.
Fier op dei 200 mm zereck ze kommen, gett ett wieklech ké sepzielle Grond, ech hat jhüst propbeiert
Ech hat awer och geduecht dat et eng SPigelung ass!. As et keng??
@gaga ech sin ereicht e klengen Ufänger mee ech un geliess dat et kee Speziellen Grond get fier net och 200mm zehuelen. Et muss een emmer just e bessi méi wäit ewech goen. Et ginn Biicher do schreiwen se fier en Porträit wier 70 bis 80 mm eng gudd Moss. Mee ech mengen dat ass emmer wéi een et selwer spiert. Dier léif Profi'en an saugudd Amateuren. w.e.g. zerappt mech net an der Loft, sollt ech elo eléi Schissi geschriwen hun. Merci
Richtech, et ass keng Spigelung, et sin zwé Méedercher.
Du hues zwémol Recht, teschent 50 an 100 mm ass eng ideal Mooss fier Portraiten ze scheissen, dat well awer nött héchen dass dat esou muss sin. Dem Ausprobeieren sin keng Grenzen geluecht! An och nömmen esou kennt d'Fotografie virun.
me bicher liesen ass ëmmer eng gudd iddi, hei sin eben e puer saachen déi einfach stëmmen: de monsterbug hat einfach genuch plaatz fir 200 mm ze benotzen + eng roueg hand + e gutt a aan. wahrscheinlëch duerch distanz zum sujet konnt hien roueg knipsen ouni dass sain sujet dat wierklëch mattkrut, wat den besonnechen ausdrock als konsequenz huet
dat alles zesummen mëcht einfach eng genial foto
nach eng kéier: Kompliment!