Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Chenonceau

 
Chenonceau
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.02.2009
  • Gekuckt:
    21304
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x806
  • Späicherplaz:
    404 KB
  • Originaldatum:
    02.07.2008
  • Fotoapparat:
    D300
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
18-70

Fir anzesetzen: [pg_img=34027]
Kommentar vum Fotograf:
Châteaux de la Loire

2 Fotoen mat Photomatix
Kwitchibo 27.02.2009 - 20:52
Firwaat benotzt all Mensch deen Programm??? an wiso sin ausser dem Shanti seng Foto dei mescht irentswei komesch ??????

dei Technik get normalerweis benotzt fir eppes ze weisen waat een net mat enger Foto weisen kann....z.b eppes waat mega Hell as an eppes waat deischter as ....


mee irentswei fannen ech das immens vill Fotoen hei gewiesen gin wou mat enger Foto besser ze maachen gewiescht wieren...

as elo neischt geint des Foto as okay ausser das den Spetz baal ofgeschnieden as closed_eye

mbG

MARC
NikonD80 27.02.2009 - 21:02
ech benotzen den programm haaptsächlich bei kontrastarmen blatzigen fotoen, an wann ech der wéinsten zwou hun..
Kwitchibo 27.02.2009 - 21:04
Soll net beis sin oder irenteppes stellen einfach fest das vill Leit du elo net alleng mes et besser wei vill annerer!!!
NikonD80 27.02.2009 - 21:09
et ass mir och opgefall, mee dat ass een trend, gerad zou wéi mir opgefall ass dat sw erem a mode komm ass
ech fannen dat awer net schlemm
klex 27.02.2009 - 21:18
ech hun mer och elo graad mol den photomatix eroofgelueden smile
Kwitchibo 27.02.2009 - 21:24
du schwemms wei emmer mam Strom closed_eye
OK-Photography 28.02.2009 - 13:33
hrrhrrr bigsmile
ech muss zougin ech hun mech o enka an den Stroum geworf an et OCH probeiert...mee et as IMMENS SCHWEIER dei richtech Astellungen ze fannen an ouni dLizenz ze kaafen geet et souwisou net, dofir hun meng Fotoen duerno ausgesin wei...joh...naischt waat een weisen kann eben...cool
ech mengen och dass et bei verschiddenen Motiver besser as et EINFACH ze maachen amplaatz komplizeiert an KüNSTLECH...;)

ech benotzen dann leiwer den PS fier gezielt eenzel Deeler fun der Foto nozebesseren (mat overlay fun enger anescht beliichtener Foto) waat eichtens mei "Handarbescht" as an zweetens manner opfällech Resultater brengt...cool

n0brein 28.02.2009 - 00:18
dito
Maimonides 27.02.2009 - 21:23
Neischt géint "URBEX"
a marode Moder, mais sou weit
ech weess ass PHOTOMATIX
nët réservéiert vir dem Shanti
seng exzellent Fotoën.
Wéisou soll nët all Mënsch
dëse Programm benotze därfen ?
Op d'manst huet dës Foto mol en aanere Sujet,
an dee gefaellt mir bal exzellent.
Ët gët heich Zeit dass PHOTOMATIX
mol an aanere Situatiounen wéi gewint
applizéiert gët. Beiléieren kann een ëmmer.
Kwitchibo 27.02.2009 - 21:26
jo ma du daat .

P.s: ech hun net gesoot das keen daat soll maan mee elo mol waat ech denken vun 10Fotoen "DRI" sin da 8.5 fir ze kaatzen.

voila as daat waat ech denken an ech net alleng mee ech schreiwen et elo eben ...muss emmer een deen Beisen sin ...
gloda 27.02.2009 - 21:30
Join the dark side, my friend. We've got cookies.
Kwitchibo 27.02.2009 - 21:32
youpi smile
Shantideva 27.02.2009 - 21:37
Hui, waat eng Debatte! Majo, ech wollt mech awer mol zu Wuert mellen well mein Nick jo awer gefall ass. Ech denken net dass den Kwitchibo daat sou gemengt huet wéis du et elo hei opgeholl hues. Ech denken den Photomatix ass een Programm mat dem een e bessi üben muss. Et ass am Moment een Trend gin den Programm op all Situatioun ze benotzen obwuel heinsdo den Dynamikempfang vun enger Foto et guer net rechtfertegt. Et kritt een och oft vill besser Resultater wann een just nemmen Shadow/Highlights am PS benotzt. Bei mengen Fotoen ass den Liichtkontrastempfang emmer extrem an dofir benotzen ech den Photomatix zimmlech oft. Dann machen ech och 8 bis 12 Fotoen (dh. 16 bis 24 Blenden) fir um Enn een HDR ze hun. Et ass awer net sou dass ech just Urbex Fotoen am HDR machen. HDR ass och net reservéiert fir mech oder fir maroden Moder. Hei sin zwee Beispiller vun HDR deen ech net am Kontext vun Urbex gemeet hun:

!Dës Foto ass net méi am System!

!Dës Foto ass net méi am System!
Maimonides 27.02.2009 - 22:20
Deng, wi ëmmer schéin Fotoën, sin dach di best Illustratioun vun deem wat ech gesoot hun. An deng technisch Erklärungen sin d'Basis vun deem wat ech als "Beiléieren" gemengt hun.
Ech sin awer lo mol zefridden, dass wéinstens 1 meng nët béis gemengte Remarque verstaan huet.
A deenen aaneren géif ech mol proposéieren dass si mol eng 1 Kéier noliese kéinte wat ech geschriwen hun.
Kwitchibo 27.02.2009 - 23:37
also ech hun neischt beises bei dengem Kommentar gelies!net firdrun an net elo

guud Nuecht
Gaga 01.03.2009 - 09:52
dei sin sou gut.... also als neeby well ech och meng remarque lassgin ...
Ech probeieren och allt emol en DRI, well hei gesait een fillfotoen am DRI, an dei gesin dann emmer sou geil (wei dei doten) aus ... wann een elo den prinzip net genau kennt, versicht een eben och mol ze testen waat daat as an waat een dommader kann machen !
ech fannen den tutorial iwer DRI keinnt e bessen ausgeschaft gin, well daat scheinnt mei komplex ze sin, wei et do an 4-5 etapen erklärt get. ech weillt och emol eng serie fun dengen 8 ausgangsfotoen gesin fun sou enger foto, fier ze gesin wou et fortgeet, fier esou zum schluss erauszekommen !!!
also wei ech hei engem schon soot, een amateur mus eben kopeieren fier ze leieren an seng richtung ze fannen ... een anfänger as selten een deen en neien styl erfennt ! also kopeiert en daat waat en gut fennt, an vue que dat t'zill fun PG as, kritiken ze kreien an sech ze verbesseren, as et net mei wei normal dat dei sachen dann hei gewisen gin ! wann een nemmen top fotoen well, dann klick wegl. just op den onglet "top fotoen" an schreif dann just nach remarquen wei "wow,super,schein,geil,fannen ech gut" etc ... ech geiff eichter kritizeieren dat hei sou fill gut leit sin, dei den amateuren all chance huelen e bessen opzefaalen wei emgedreinnt ! dat as meng mehnung !
mais bon .... jidderengem seint !
NikonD80 28.02.2009 - 08:41
ech wees net fir wat de Marc (Kwitchibo) sein Frust muss elo un menger Foto rauslossen, héin mengt jo selwer, dat se einigermossen ok ass, mee wir et da net besser gewiesst, de kommentar do, bei eng foto ze schreiwen, déi wéi héin seet "zum katzen" ass. de marc hat vielleicht een schlechten dach oder dat ganzt luch him schons méi lang um mo an huet missen elo raus.
et huet och naischt, wéi héin schreift "mam stroum matschwammen" ze din".
ech fannen die "effet'en", die een kann mat photomatix schaafen, flott, an ech hun mir de photomatix rofgelueden fir eppes bessse méi wéi 90,-€ an dann well ech de programm och benotzen.
et kann jo net sin, dat de photomatix just fir "elitär" minorität geduecht ass.
en + kucken ech mir vill foto-zeitungen (chasseurs images, rétongueonses photo, color-foto an fotomagazin un, an an denen geseit een, dat de photomatix och gebraucht gett fir foto'en mài ausdrockstark ze machen....
an wat wir et dach hei langweileg, wann jidfereen die selwecht foto'en géif machen, déi selwecht sujet'en géif fotograféieren, selwecht verschaffen, an domat kriticken gänzlech iwerflesseg wieren
an desem Senn wenschen ech iech all e schéine weekend an schéin fotoen

Kwitchibo 01.03.2009 - 17:36
Wann's du se guud fens as et jo okay ech schreiwen dir meng Meenung dohinner !
Wei ech da schon gesot hunn as et bei weiten net dei schlecht's mee wou ech et schreiwen as jo elo egal!
well et steet do an bleift do... et as nëmmen Text keen Gesiicht keng Emotioun; keng Mimik...

Ech hat och keen schlechten Daach..
an desem Senn wenschen ech DIR e schéine weekend an schéin fotoen
Treverer 28.02.2009 - 09:00
Ich habe jetzt nicht die ganze Diskussion gelesen, weil das luxemburger Platt doch etwas anstrengend ist ..... aber ich muss trotzdem meinen Mostard dazu geben:

Zum Teil hat Kwitschibo ja Recht ..... diese Technik ist eigentlich für eine andere Anwendung gedacht ..... aber ich sehe auch bei solchen Bildern, wie diesem hier eine berechtigung für diese Technik, da sie auf eine sehr spannende Art und Weise Kontraste ausgleicht und das kann durchaus auch bei einem soclen Foto Sinn machen ..... ich würde nur die typischen Tonemappingeffekte (insbesondere im Himmel) wieder rückgängig machen .... denn dadurch wirken diese Bilder oft etwas künstlich.
salut
Dieter
NikonD80 28.02.2009 - 09:26
ich danke dir für deinen "mostard"
es war damals ziemlich mieses wetter und der himmel war an sich schon stellenweise dunkel

auch dir ein schönes wochenende
OK-Photography 28.02.2009 - 13:36
ech fannen des Foto fu Kadrage hier mei gelongen!
fun der Bearbeschtung hier mengen ech awa dass se ouni Photomatix och gudd gewiecht wier...sou kruut se een KOMECHEN Iwergang an der Fassade (dei get no uewen hin sou daischter...) waat ma net onbedingt gefällt...closed_eye
ausserdem gesait se bessi aus wei wansde se deeldesatureiert hess, waat wansde et am PS gmeet hess secher mei glaichmässech gin wier wei et hai ausgesait...closed_eye
MarcGerard 01.03.2009 - 04:05

pfff...
also ech hun elo net ALLES gelies zu däer geschicht, mee mech stéieren déi DRI'en och schon eng zäitchen.
(HDR as rem eppes ganz anecht, net 't nimm verwiesslen. ech bestin nach emmer drop, dass et NET egal as wéieen numm een dovir benotzt. eng gromper as nach keng fritt ne ? bigsmile

zu deene villen DRI-versich:
ech fannen dass déi meescht einfach ausgesin wéi wann een am photoshop den "Shadow/Highlights" benotzt hätt, (ouni et ze kënnen) ....
an deem seelene fall vun dësser foto hei net. hei as einfach en DRI gemach gin wou kee gebraucht woar, et as also reng technesch net SCHLEMM, mee vum sujet hier huet et einfach net misse sin. den himmel herno bessen ofdonkle wier duergangen.
dat as natiirlech rem méng perséinlech meenung, mee ouni een trëtonguepelen ze welle wollt ech et einfach mol gesot hun.
Shantideva 01.03.2009 - 07:43
Mat den Begreffer ass et haut sou eng Sach. Ech hun daat och emmer DRI genannt. Et mecht een jo emmer een HDR an duerno mecht een en Tonemapping op den HDR fir dass daat Bild sech och op engem normalen Bildschirm duerstellen léisst. Dann ass et een DRI oder LDR. Leider ass et esou dass eigentlech keen Mensch wees vun waat een schwätzt wann een DRI seet an ech sin et sou lues midd fir eiweg déi selwescht Erklärung oofzegin. Souguer an bekannten Fotoszeitschreften get daat meschtens HDR genannt. Wann ech dann soen dass et een HDR war, dann gin ech emmer gefroot firwaat ech d'Kand net mat sengem Numm nennen, sou wéi wann ech d'Woueregt hätt wéilten camufléieren. An Leit déi sech wirklech d'Méih gin hun daat richteg ze léieren wessen dann och dass daat niemols een HDR kann sin wann si et op hierem Bildschirm kennen kucken an et an engem normalen Dateiformat gespeichert ass. smile
MarcGerard 01.03.2009 - 22:54

ech bleiwen dobäi smile en e RAW kann een z.b. och HDR nennen.
ech soen och ganz houfreg "djéipägg" an net "djipägg" (jpeg) smile
mee bon, OffTopic. dat do as gesprécih vir PG-Meetings, oder bei enger flute oder sou smile
dr_kim_veis 01.03.2009 - 08:28
also ech hun lo probeiert dei kommentairer do ennen ze liesen an ze verstoen mee iergendwei as et mer net gelongen. Zuer foto. d'perspektive an d'kompositioun gefaalen mer zimmlech gudd. Leider hun d'gebeier esou en komeschen iwwergang dran deen steiert mech immens. waat mer gefaellt as dass d'planzen sou eraussprangen mee och am enneschten deel vun der foto as iergendwei en hell-daischter iwwergang deen visuell schweier ze verstoen as.
xaph32 01.03.2009 - 08:56
ech fannen d'foto u sëch gudd, op den hdr hätt missen sin, weess ech nët
op all fal den himmel ass gutt an den ënneschten deel och, ech hätt wahrscheinlëch probéiert matt masken d'gebei fraizestellen an d'gebei separat ze bearbechten, ass zwar arbecht me an dësem fall, denken ech mol, d'arbecht wert.
NikonD80 01.03.2009 - 10:41
Merci iech alleguerten fir d'kommentarer
et freet mech dat heidurch erem eng bewegten diskussioun entstan ass
an dem senn, een schéine sonnden..

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 427 Gäscht online