Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fatal Error

 
Fatal Error
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.03.2009
  • Gekuckt:
    36211
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1962x490
  • Späicherplaz:
    366 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=34225]
Kommentar vum Fotograf:
"Witzech Fotoen" ??? Bof! Also esou witzech as et och alt neess net, wat ech mer do geleescht hun. Ech wollt, als Pädagog, deen ech nun mol a méngem richtege Liewe sin, eemol weise, wéi een ee Rullfilm an eng Lomo spaant, Etapp fir Etapp. A frot méch elo net, wisou ech de Rullo mam Film nobaussen agespaant hun, an dunn och nach, obschon ech gemierkt hun datt do eppes net koscher wier, awer wéi ee Besiessenen de Rullo bis un d'Enn gedréint hun. Ob alle Fall as deen APX do 100%eg beliicht gin, do besteet keen Zweifel. A Photogen as em eng Attaktioun mi räich gin.

!!! Klicken as hei obligatoresch, fir dee Breitbandfilm do voll ze genéissen!


:-))
McQueen 06.03.2009 - 19:03
Hihi....mais Kapp heich..et ass nach keen Meschter vum Himmel gefall.
Nicon07 06.03.2009 - 19:19
Dee Saatz do passt am Fong net sou richteg, well ech hu bis elo nach ëmmer de Film de richtege Wee dragespaant. An dat hun ech schon zimmléch dacks gemaach. Firwat ech haut ee Blackout [ = Schwarz baussen, op lëtzebuergesch] (c'est le cas de le dire an dësem Fall) hat, dat as a blieft wuel e Rätsel. een tvun deen villen ongeléiste Rätselen op dëser Welt.

unhappy
smile
ApplEric 06.03.2009 - 20:10
So, sen dat dei Filmer, dei och an d'Agfa Billy Record 2 gin?
Mein Boop hudd mer lo sein Apparat gin, mee ech fannen keng Filmer derfier.
Weess och eierlech gesot net, wei eng een do brauch, ech hu reischt matt der Fotografie beim APS-Film ugefaang, 35mm-Kameraen hun ech och nach… Mee Billy Record 2 ass awer nach e gudd Steck mei aal.
Nicon07 06.03.2009 - 20:13
Kennen ech net, mais ech kucken awer mol no. Ech soen dir bei Geleenheet bescheed, ok?
ApplEric 06.03.2009 - 20:19
An der Rei.
D'ass nach eng aus den 50er, mee nach wei nei. D'Leit deemols hun einfach besser dropp opgepasst, haut keeft sech jo all Mensch no 1 Joer rem en neien Handy. closed_eye
(Ech hun nach en Nokia vun 1998, sen eigentlech um Rertotripp) closed_eye
http://www.thecamerasite.net/03_Folder_Cameras/Pag...
Nicon07 06.03.2009 - 20:38
Ech war och elo grad op des Site kucken. Affektiv kënnt do een 120er Film dran. Also sou ee wi hei op ménger Foto. A wann d'Kamera sou gudd versuergt as. wéi's du schreifs, da misst de Soufflet och nach dicht sin. Da bleift just de Problem, datt Agfa keng Filmer mi mécht, an datts du muss een aanert Fabrikat aussichen, ausser du géifs bei engem Fotograf léif froen, ob en net nach APX am Frigo leien hätt an hien dir ee wéilt iwwerloossen. (gratis oder fir ee gudde Präis, dat muss du da gesin). Vill Courage op alle Fall, wanns du wëlls domadder fotograféieren. Et as back to the roots, an ech weess net, ob's du schon eemol voll manuell fotograféiert hues. (ech uelen zwar u, schon). Mir kënne jo eemol zesummen op Fototour bei dir zu Esch/sauer oder evt um Stau goen.
ApplEric 06.03.2009 - 20:51
Also, do muss en 120er dran.
Da muss ech mol rondrem luussen goen oder op eBay kucken.
D'dauert zwar rem bis ech Zait hun, Fotoen ze maan, am Moment wierklech nemmen nach digital, och wann ech mer d'letzt Joer nach extra eng Nikon F90x kaaft hun fier mol rem analog ze maan, mee d'ass eng Saach vun de Suen (wann een net selwer entweckele kann) an vun der Zait.
Mee versichen mein bescht. closed_eye
Mengen maan mol deemnächst e puer Fotoen vun der Agfa fier hei ropzelueden, da kreie mer eng flott Retrosammlung zesummen.

Eng Gallery "Historesch Kameraen" oder sou ähnlech wirr flait net dat schlechst.
d'meisst een dem Johny mol proposeiren.
Maimonides 06.03.2009 - 21:20
Exzellent Iddi.
galileo 06.03.2009 - 20:39
Hei passt jo da wuel den Titel vu menger läschter Foto - déi ech iwwregens esou eropgelueden hun, éier ech deen Debakel hei gesinn hun closed_eye))

schéine WE

oh mon dieu....
Nicon07 06.03.2009 - 21:00
Debakel, dat as d'Wuert!!

unhappy

Alt nach gudd, datt ech de Film geschenkt krut, an dann nach...
galileo 06.03.2009 - 21:02
Du bass awer gudd ! A wéi fillt dann deen sech elo, deen e geschénkt huet ?? *ggg*
Nicon07 06.03.2009 - 21:04
Ech hoffen, datt en et grad esou witzeg ophëllt wi ech.
Keup 06.03.2009 - 21:09
Beis Geschicht, an Photoen sin iergendwei flott beliicht. Daat eenzegt waat mech ganz en bessen steiert ass dei pixeleg Schreft.

Trotzdem top daat dooten.
Nicon07 06.03.2009 - 21:19
Di Schrëft heescht "cracked" an ech hun déi schon absichtléch gewielt, well ech war gebrach no desem Mëssgeschéck.
antoine_spautz 06.03.2009 - 21:40
oh neen, mee dat kennt alt heinsto vir.

ech hun och mol eng keiher den burdemdeckel vun menger M6 obgemach vir een neihen vill anzelléen mee ech hat den aalen net zerreck gespullt, tio esou eppes kann gescheihen.

deih comic-artech durstellung gefällt mir, an witz hurt dat ganzt och.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 564 Gäscht online