Vum Escher Gaalgebierg aus opgeholl. Déi aal Gas- ... Leitungen machen Plaaz fir déi nei Passerelle déi vun der Gare erop op den Galgebierg féieren soll wann se bis färdeg ass.
hmmm...ech wees net genau fn wou aus de se gemeet hoss mee eng Iddi wier: nach mei heisch sou dass dBeem aus dem Bleckfeld kommen, doduerch sen mol all dei äscht wekk an et bleift mei Architektur fir ze kuken...
fällt awa reischt op den 2. Bleck op dass dHalschecht fun den Linnen aus Holz sen...
merci fir den Link!!!kann ma lo endlech fierstellen waat daat gin soll!
THANKS
Déi sin e bessi durchgeknallt hei zu Esch. Wann déi High-Tech Passerelle dann do ass, dann passen d'Heiser net méi zur Passerelle. Dann mussen si den ganzen Quartier ewegrappen an sou hellt deen Chaos hei nie méi op. Et get just emmer schlemmer. Op der Foto kann een den Escher Chaos ganz gudd erkennen. Ech schléissen mech do dem BP un.
Wann ech ganz éierlech sin fannen ech dass zu Esch iwwerhaaptnaischt beieneen passt!
An wien soll dann spéider an deem Quartier wunnen? Daat gin dann erëm déi berüchtegt "Designer Penthouse Multikomplex Gebaier" wou en Appartement méi kascht wéi op der Wemperhardt! Bis elo wunnen op der Gare dach wuel éischter Leit déi sëch keng Villa baussent der Uertschaft leeschten kënnen.
@BP jo fir deen wier et eng iwwerlee'ung wärt *g* En Megastore deen mat der neier "Belle Etoile" an dem Belvalplaza konkurréieren kann.