emmer lues...ech sen joh um derduerchschaffen *röchel*
LOOOOL ;p
hun mer se lo awa schons puermol ugekukt an wees na emmer nik genau waat ech derfun haalen soll....
mengn eng Fotoserie draus ze man wier mei ergiebech gewiecht...
den Kollage wierkt ma bessi enka an forceiert, firunallem mat dene FILLEN an deelweis ugeschniddenen Künstler uewen....
(ausserdem as deng verklengert Versioun zimlech onscharf...do gin seier Detailer verluer:( )
alles an allem awa guernik mol sou schlecht!
huet epps
Ma déi Photo hei sollt, wéi den Poly et schon geschriwwen huet, éischter op eng Reportage erauskommen. Den But: méiglechst vill Impressiounen an Situatiounen op engem minimum vun Plaaz eriwwerbréngen. Ech denken daat ass heibai gelongen.
Déi Collage hei ass jo am fong en "Best Of" vum Concert, déi eenzel Fotoen vun den Kënschtler sin nët ugeschnidden.
Jo d'Kompressioun huet mer Problemer bereet, och bei 1000 Pixel an der Breet wier ech iwwert déi hei erlaabten 700kb koum. Fir do drënner ze kommen war ech méi laang amgang wéi fir t'zesummensetzen
->am photoshop mecht der den qualiteitsreegler densde firum oofspaischeren gewiss kriss dLiewen ganz einfach...no lenks as manner quali=mei kleng - noriets as mei quali=meigrouss KB
(1000pixel krissde domat LOCKER op enner 700bruecht )
Jo, d'Astellung tëscht 1 an 12. An do hätt ech ënner 5 missten fueren fir ënnert den 700kb ze bleiwen.
Bei normalen Fotoen am 300DPI, 2500pixel breet an quali op 10-11 hun ech 1,3 MB -> froen mech waat heidrun esou schwéier ass. Vlaicht well därmossen vill Detailer an den eenzelnen Fotoen sin déi een nët kompriméiert kritt?
Ma dei heiten ass op 72 dpi, dat mat deenen 300 war just e beispill gewiecht Ob ech se wierklech nachemol schärfen soll obwuel se scharf ass? hm ech misst et engkeier testen
Et war wierklech genial, an esou leed et mer deet: du hues wierklech eng verpasst. Ech mengen déi Collage vermettelt awer e klengen androck. En Tipp: géi mol bei d'Kollegen vun RTL Telé lussen. Op der Sait erofscrollen an op "Play" klicken