Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Train Stories

 
All Fotoen an dëser Serie:
2439 Thumbnail
2440 Thumbnail
2441 Thumbnail
2442 Thumbnail
2443 Thumbnail
Train Stories
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2009
  • Gekuckt:
    32511
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=39035]
Kommentar vum Fotograf:
Des Fotoe goufe mat deem Apparat gemaach, deen dir a méngem viirechten upload gewisen a beschriwe krut. Als Film war een TMax400 dran.

Villäicht get et jo Amateuren vu dësem Genre Fotoen, déi dat hei flott fannen. Ech fannen, si hun ee gewëssenen Charme, souzesoen d'Aesthetik vum Aleatoreschen. Méng éischt Reaktioun war: Wat, sin déi nach esou vill gin! ech hat scho geduecht, do kéint ech d'Negativer all op d'Mëscht geheien.
Tomz 03.09.2009 - 11:09
Ass eben bessi speziell mee huet effektiv een gewessen charme weis de schons gesot hues.
Ass dei 3. an dei 4.Foto net zu Beetebuerg? cool
Nicon07 03.09.2009 - 13:24
3 a 4 sin zu Léiwéng a Richtung Beetebuerg gemaach, dach.
y_breuer 03.09.2009 - 11:46
Also vier mech fannen Ech, ass et déi Suen vum Film net wäert.
Do mierkt een ewéi Focusaarm deen Aparat do ass.
Dee wéisse Bord, ass daat duerch de Scanner esou oder kennt et duerch den Apparat esou?
Natiirlech daat ass elo fréi iwwerloos waat elo gefällt a waat net.
Nicon07 03.09.2009 - 13:22
Dee wäisse Bord kënnt durech de Scanner, ech hu méch nämléch net ameséiert, d'Fotoen ze verschaffen. Awer!!! Wann ech méch domadder am PS ameséieren, da kann ech och nach vläicht eppes Brauchbares draus raushuelen.


Wat déng Remarque betrëfft, datt des Këscht d'Sue vum Film net wärt sin, do kann ech dir net onrecht gin. Mais wann ech bedenken, wéivill Fimer ech an der Zäit verknipst hun, wou och nëmmen d'Hallschent vun de Fotoen fir eppes ze gebrauche waren, an dat mat anstänneche Fotoapparater, dann ass déng Remarque ze relativéieren. Bon, dat geet elo just méch perséinléch eppes un, well ech an der Zäit vill ze vill ouni z'iwwerleen, drop lass geknipst hun, an awer... Méch reizt et, nach eemol Suen ze verbëtzen, fir mat der Pseudoholga do op den Tour ze goen.

Et soll jo Fotografe gin, fir déi d'Onschärft ee Stilmëttel ass.... closed_eye
galileo 03.09.2009 - 14:35
Et geet dach hei éischter em de Spass dat auszeprobéieren, wéi em d'Resultat, oder ?

Als Verglach, wëll et grad aktuell ass: Op engem Fouerspill sin d'Suen och fort ouni gräifbart Resultat bigsmile

Also, wann et Spass mecht, virwaat nët....

D'Fotoen hei sin zwar elo nët esou menges....
Jaycee 04.09.2009 - 12:18
Menger Ménung no, wär fiir déi Zort vu low tech Aparillo é low tech Film wéi den HP5 , Tri-X oder wann ët méi bëlleg soll sin den tcheschechen FomaPan 400 méi ubruecht wéi en high tech T-Max... déi klassech Emulsiounen hun am Allgemengen méi ë groussen Beliichtungsspillraum... Alternativ wär é chromogenen SW Film wéi den Ilford XP2 och e Versuch wert...
Nicon07 04.09.2009 - 13:04
Sorry, awer ech hu méch am Kommentar uewe verschriwwen. Ech hat effektiv KEEN TMax mais een TriX 400 dran. Mais och deem säi Spilraum ass där Aleatorik (wann een dat sou soe kann) vun der Low tech Kamera net grad ugepasst. Ech wärt mol mach aaner Fotoen dervunner weisen haut.
antoine_spautz 07.09.2009 - 22:24
ech well faarwphotoen aus der kescht do gesin.
housicker 05.09.2009 - 21:42
Hei hues de een Amateur fonnt! Flott serie, weider sou!
Sin gespaant waat na ou entstoen weart mat dengem aparat!?
Nicon07 06.09.2009 - 09:52
Uff! Awer, een dee méch versteet... smile


Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 471 Gäscht online