Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Modern Times

 
Modern Times
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.10.2009
  • Gekuckt:
    30482
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    60 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    624 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:04 21:52:52
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Eng Fluo-gielen Gilet, an e klengen Fuerwverlaaf vun riets no lénks ;-)

Fir anzesetzen: [pg_img=39753]
Kommentar vum Fotograf:
** klicken fir së schaarf ze gesinn **

Nei an Al zesummen: am Cader vun "150 Joër Eisebunn" huet d'CFL ët färdeg bruecht fir d'Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg mat zwee Zich parallel ze befueren, eng eemoleg Saach. Fir all déi, déi ët verpasst hun eng kleng Foto, opgeholl kuerz virun Beetebuerg.
suraki 04.10.2009 - 22:06
en ech duecht schon et wär eng perfekt "montage " smile
deendo 04.10.2009 - 22:09
Hallo, ech hun gesinn du wars och haut ënnerwee an hues Zich fotograféiert smile Nee, daat doten ass kee Montage, esou gudd kann ech daat (leider) nët. Ech lee'en meng Hand ant Feier!
Shantideva 04.10.2009 - 22:08
Deen Moment muss een mol erweschen! Respekt! Dem Fluo-gielen Gilet hues du jo do net fir neischt ugedoen. (Déi Schwarz ass awer egal wéi méi schéin! tongue)
deendo 04.10.2009 - 22:10
Merci, ëch war gudd preparéiert an haat mer d'Plaaz schon gëschter erausgesicht. Dass ech op der "richteger" Säit stoung war Zoufall! Et waren och e puer firwetzeger do déi keen Gilet ugedoen haaten, mais ech gin léiwer op Nummer sëcher!
Shantideva 04.10.2009 - 22:13
Egal! Déi do huet een wonnerbaren historeschen Kontrast an sech an daat ass eng echt Raritéiet!!!
Edit: Virun allem well d'Dampflok d'Nues vir huet... bigsmile
deendo 05.10.2009 - 15:42
Jo déi Saach gesinn ech och esou, an ech sin definitiv wëlles fir eisen Forums-Sponsor mol ze testen an së mer als Poster entwéckelen ze lossen. smile
Jeanny 05.10.2009 - 06:01
herrlech, hun et geschter an der Tele gesinn, hun et verpasst .
deendo 05.10.2009 - 15:41
Et war wierklech derwärt fir ët zë gesinn, och als nët 100% Eisebunnsfan smile
Feierfresser 06.10.2009 - 09:58
Dei riets ass eng aal CFL Dampflok mat sou wait ech na wees engem Tender drun an Wegmann's Voituren, daat lenks ass eng Automotrice, eng "Duscholux" wei mier se nennen xD, ass daat selwecht wei eng franseisch TR2N, just sou als Info, dei Foto hues du super getraff, probeier se mol eiser Direktioun ze verkaafen, hehe closed_eye
deendo 06.10.2009 - 10:52
Also ech wees just dass et der CFL hier läscht Damplok war (5519) déi zu Kléngbetten virun eng aus der Belsch gekropt gouf. Merci fir d'Info, esouvill kennen ech nët vun Zich, ech kucken së just gären (zumols déi aal)!

Oh wann d'CFL Direktioun esou eng Foto sicht fënnt se se bestëmmt iergendwéi closed_eye

Merci fir dain ausféierlechen Kommentar!
Nicon07 06.10.2009 - 15:45
Also ech mengen, wann ee wëllt vill Foto vun deser an aanere Manifestatiounen an Ereegnesser plus Alldag op der Bunn gesin, da gëtt et nëmmen eng Adress:

http://www.rail.lu

Wien do näischt fënnt, deen ass selwer schold...bigsmile
Nicon07 06.10.2009 - 15:58
Di Foto ass ganz schéin an dynamesch an d'Géigeniwwerstellung vun nei an aal kënnt och gudd, wells du op der richteger Säit vum Gleis stoungs a well d'2211 e bessen en retrait hei fiert. Mais wann ech mir als pingelechen Eisebunnsfotograf erlaben dierf, da maachen ech déch op eng Saach opmierksam, déi ee soll probéieren ze verhënneren, och wann et net einfach ze realiséieren ass: D'Poteaue vun der elektrescher Oberleitung soll ee wa méigléch mat op d'Bild kréien, well dat gesäit e besse bossech aus, wann do sou een Ausleger aus der Fotosrumm erauswiisst. Mais hei ass dat awer elo net sou relevant. An dann ass nach eppes bei Damplokomotive, wat immens schwéier ze meeschteren ass: di schwarz Farf. Entweder hellt een alles op, an da gesäit een zwar d'Rieder an d'Biellen, awer d'Maschinn get gro oder souguer blogro an den Himmel onnatiirléch. Oder awer et verléiert séch alles an engem schwarze "Schattenreich". Ech fannen, datts du et hei ganz gudd gemaach hues, wann een och vläicht e besse méi vun de Rieder vun der 5519 kéint gesin, mais di ganz Foto ass an der Beliichtung an an der Farf ganz harmonesch. Et fällt mir nach op, datt do 2 verschidde Wäissofgläicher am Bild sin, lénks éischter kaal a rechts mi warm. Lo weess ech net, obs du dat express esou gefiltert hues, fir der Nostalgie ee mi warmen Touch ze gin par rapport zur "kaaler" moderner Technik, oder ob et einfach Zoufall ass, datt de Balast vum Gleis aus zwou verschidden Zorte Steng ass op dëser Plaz, déi den Ënnerscheed ausmaachen. Ob alle Fall gefällt mir dat perséinléch gudd, dat ënnersträicht och nach de *"Generatiounekonflikt", deen däi Bild weist.
deendo 06.10.2009 - 16:35
Moien,

also firt éischt soen ech der villmols Merci fir dain ausféierlechen Kommentar. Esou en detailléierten krut ech bis elo nach nie bei eng vu mengen Fotoen geschriwwen!

Du hues Recht, et war eng gudd Portioun Zoufall dass ech op der richteger Sait vun den Gleiser stoung. Den Daag virdrun haat ech déi zwou Saiten "getest", an fonnt dass dës opgrond vun enger lichter rietskéier (géint Fahrtrichtung). Ech huelen un dass et duerch den méi geréngen Kurvenradius vun der Damplok koum ass dass së op dëser Plaaz d'Nues e Stéck vir huet.

Mat den Poteauen wousst ech nët, méch huet ët och nët gestéiert. Ech haat permanent den Bildausschnëtt "optimiséiert" waat së méi no koum sin, do wier ët praktesch gesinn och nët ganz einfach gewiecht fir dodrop opzepassen.

Jo, mat der schwarzer Faarw haat ech och meng Bedenken, zumols well ech ët nët am viraus testen konnt. Ech denken ech hun e gudden Kompromëss fonnt, allerdéngs ass dës Foto wéis de richteg bemierkt hues liicht getéint (déi riets halschend, ët steet och bei den "Extras"closed_eye fir der Damplok méi en aalen Touch ze gin. Hier ech deen neien Layer iwwert d'Bild geluecht hun war den Kontrast mer nët méi staark genuch. Duerch d'upassen ass dun och detailzeechnung am Beraich vun den Rieder verluer gaang.

Den Waissofglaich huet gepasst. Daat "kaalt" an daat "waarmt" war gewollt, an ass en Fuerwverlaaf vun engem ganz hellblo bis ant orang't eran.

Ech hoffen ech hun elo déi néideg Explicatiounen gin. Ech war op dain Fotocommunity-Profil lussen an hun festgestallt dass du dech schon vill méi mat der Eisebunn auserneen gesaat hues wéi ech. Ët léiert een ëmmer bai smile
Nicon07 06.10.2009 - 17:09
Merci, déng Erklärunge si ganz flott a bestätege méch doranner, datt ech mol misst och d'Extras liesen, eet ech ee Kommentar ofgin... closed_eye

Merci och, datts du op d'fc bei méch luusse wars. Do stin zwar e besse vill Eisebunnsfotoe, fir se an enger Kéier ze kucken, mais do gesäis du awer och, datt ech an deem Gebitt och Fortschrëter gamaach hun, well do ass nach laang net all Zuchfoto gudd. smile Eppes, wat een ma Eisebunnchannel op der fc dacks erlieft, dat si Biller vun Zich, déi nun awer alles vu Feeler hu, wat méigléch ass. ech wëll lo net hei de PG m!essbrauche, fir eng Lektioun iwwert Zuchfotografie ze maachen. Wann et déch interesséiert, da schreiwen ech dir eemol eng PN oder eng privat mail, wou ech dat méi am Detail kann erklären. Oder ech huelen déch eemol mat op den Tour. smile
deendo 06.10.2009 - 17:59
Et ass gär geschidd, jo jo liesen ier een Tippt. Daat hun ech selwer schon esou oft héieren *grins*

Ech sin iwwert e puer Emwee'er an Links op dain Profill gefall, an hun mech do duerch geklickt. Ech haat mech virdrun nach nie wierklech mat Eisebunnsfotografie befaasst (dat gesait een jo och a menger Photogen-Galerie), mais den Link tëscht der Technik an deem kuerzen Moment deen een huet fir ofzedrécken ass schon reizvoll.

Ech hoffen jo ganz staark dass sech meng Fehler op déi Poteau'en beschränkt! closed_eye Eng Lektioun iwwert Zuchfotografie géif mech awer schon interesséieren. Hues du eventuell e puer interessant Links fir mëch?

Main Gréissen Problem an deem Beraich lait einfach doran dass ech nët wees wéini en "Eyecatcher-Zuch" laanschtfiert well ech an deem Beraich nach guer keng Iddien hun. Dat wier d'selwecht wéi am Fliger spotting smile)

Daat mam Tour kann een wuel engkéier machen
Nicon07 06.10.2009 - 18:18
Ma wanns du wëlls ganz gudd Eisebunnsfotoe gesinn, da géi an d'fc op mäi Profil, an kucks du ënnert ménge Fotoen an de Kommentarer nom Thomas Reitzel, nom Klaus Michel, nom Julian Liebold an nom Roman Verlohner, fir nëmmen déi ze nennen. An da lies och mol d'Kommentarer bei ménge Biller do virun allem déi vum Thomas Reitzel, wat iwwregens ee gudde Frënd vu mir gin ass mat der Zäit. Do steet alles dran, wat ee vun Zuchfotografie wësse muss. Ech hun awer och nach ee link op eng Zeitung am pdf, déi gratis online steet, do brauchs du déch nëmmen z'inspiréieren.
http://www.invollenzuegen.net

A fir den Tour soen ech dir Bescheed. By the way: Eyecatcher Zich sin se quasi alleguer, wann een se op där richteger Plaz fotograféiert. Hei zu Lëtzebuerg si speziell Zich éischter d'Ausnahm. unhappy
deendo 06.10.2009 - 21:42
Lo hues de mer e ganzen Koup fir ze klicken an ze liesen gin smile Ech sin elo schon dobai mech schlau ze liesen. Déi Zeitung ass flott gemach, an et sin immens vill genial Eisebunns Fotoen dran. Ech mengen ech hun grad eng nei Welt entdeckt smile

Dann denken ech elo mol dass ech nach net direkt déi speziell Zich fannen muss, firt éischt muss ech nach e bessen probéieren *ggg*

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 497 Gäscht online