De 4.9.2009 gouf jo den 150 B-day vun eiser Eisebunn grouss gefeiert. Hei fiert de Spezialzuch met 2 Damplokomotiven grad Klengbetten fir an d'Stad an duerno op Beetebuerg ze fueren.
Ech wollt déi Këscht vun der duebeler Kräizungsweich an d'Gleissperrsignal awer met op d'Foto kréien, well déi Stécker wärten och gläich historesch sin. Di dote Form vu Signalluucht kënnt aus de 50er Joeren an ass vun enger schwäizer Firma (dofir erënnert d'Form u schwäizer Signaler) an di duebel Kräizungsweichen kommen nach vu vill méi fréier. Haut get esou eppes guer net mi agebaut.