Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Crash Cours an Zuchknipserei

 
All Fotoen an dëser Serie:
2877 Thumbnail
2878 Thumbnail
2879 Thumbnail
2880 Thumbnail
2881 Thumbnail
Crash Cours an Zuchknipserei
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.10.2009
  • Gekuckt:
    25247
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=39807]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wëll da mol hei, nom Motto: "Einmal ist keinmal", eng Serie Eisbunnsfotoen roplueden, fir deenen Interesséierten e puer Saachen, déi an där Zort Fotografie wichteg sin, duerzeleeën.
1. Foto: Wann d'Wieder net richteg matspillt an den Himmel gro ass, da kann ee mat de Farwe spillen, wann een da Chance huet. Hei ass et de Kontrast blo-giel teschend dem Zuch an dem Poids lourd op der Bréck. Oppasse muss een, datt een säi Motiv schéi fräi huet, am besten tëschend de Poteaue vun der Caténaire an datt de Pantograph och fräi ass an net am Poteau oder an der OpHànkung hänkt. Do get et Leit die do gaaaanz kriddelech sin. :-)
2. Foto: Den Zuch an der Landschaft. Et muss net ëmmer den Zuch a Groussopnahm sin, hei ans do ass et méi flott, wann een eng schéi Landschaft huet oder eng bucholesch Szen, an den Zuch ass just ee Supplément. Besonnesch, wann et keng spektakulär Zich sin. Den TGV ass mëttlerweil jo och alldeeglch gin op eise Schinnen.
3. Foto: Flott si och ëmmer Durchblécker durch een Tunnel, mais do muss een dann no und d'Gleis. Do soll een dann awer net iwwert d'Schinnen trëllen, mais nëmmen dann esou no goe, wann een ouni Gefor bäikënnt. Giel oder orange Gilet wier net schlecht!!! Och net zécken, mam décken Tele ze schaffen.
4. Foto: Bewegungsonschärft kann och ee gestalterescht Element si, wann den Zuch net spektakulär ass awer den Hannergrond eppes hiergëtt.
5. Foto: Een Avant-plan ass och net ze verwerfen. Hei ass et ee Spackelterstrauch, et kann och een Aascht, ee Bam, een Haus, oder soss eppes interessantes sin.

An allgemeng gëllt. D'Schinnen ëmmer an der Diagonal an engem Eck auslaafe loossen.

ech hoffen heimat e puer Leit gehollef ze hun.
deendo 06.10.2009 - 21:27
Tip Top déi doten Série. Nummer 2 a 5 sin meng Favoriten.

Villmols Merci fir déi sëllechen Tipps, déi hun mer schon e gudd Stéck weidergehollef. Zumols wann een sëch nach nët esou intensiv mat dem Thema beschäftegt huet bréngt daat heiten een virun! Ech haat nët geduecht dass een Zich esou flott an Szen setzen kéint!
Nicon07 06.10.2009 - 21:56
Dat freet méch ze liesen. Da wënschen ech dir vill Succès bei déngen éischte Schrëtt an der Welt vum "Trainspotting". closed_eye
deendo 07.10.2009 - 09:33
Merci! smile
Jean-Jos 06.10.2009 - 22:11
Merci Nico fir déi gutt Rotschléi! Déng Biller schwätzen grad esou eng kloer Sprooch wéi déng Erklärungen.
Ganz flott Serie, ech mengen ech kéint Spaass um trainspotting kréien.
Ah jo: 2 a 4 fannen ech richtég staark!
Nicon07 06.10.2009 - 22:22
Oh je, ech wärt jo lo net hei eng Pandämie ausléisen. ..bigsmile
Jean-Jos 06.10.2009 - 22:32
dat kéint awer sin cool
Nicon07 06.10.2009 - 22:34
Majo dann!
Jeanny 07.10.2009 - 13:34
eng ganz flott Serie u gutt Rotschlei, merci Nico

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 494 Gäscht online