keinnt et net och beweegungsonschärft sin ? t'mauer gesait besser aus !
ech geiff et hei super fannen wann den sprenger ganz schwarz wier, also lo keen nordschweed mat enger pigmentsteierung, einfach onbeliicht schwarz silhouette !
mais och esou eng super foto ! den sprong an t'nuecht, well wann hien am wasser ukennt, as t'sonn fort an t'nuet iwerrennt den daag !
Jo do gin ech der komplett recht, leider huet den Moment et net mei zougeloos fier nach epuer Versich ze maachen, d'Sonn war dono ganz séier fort, sou dat leider keng Zeit mei war d'Photo ze verbesseren. Ganz schwarz wier natierlech besser gewiecht, daat gesin ech d'selwegt
@Gloda, ech geiw mengen et wier d'bewegungsonschärft, kann awer och sin dasste recht hues, ech sin nach zimmlech nei waat d'Photographeieren betrefft
ajo, ech gin haut emol beim Mirgain lanscht, en huet een flotten 50mm 1.8, an en haat en macro fier Nicon ! mol kucken waat en mer seet ... filleicht kann een Macroen jo och am PS machen !
Mais eng Fro, hues de dech ameseiert mam Timer den Sprong esou ze knippsen oder haas de hellef ?
Ech hat hellef.
Et war guer net sou einfach, den Kolleg stoung op engem Steen am Waaser, ronderem war et iwerall zimmlech deif Ech hat als eicht epuer Photoen gmaach, an well mer d'resultat gefall ass hun ech missen een sichen den eng vun mir mecht. An fier do mat engem stativ unzefänken wier bessen gefeierlech fier den Apparat gewiecht, daat hätt ech sinn geloos