Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

6400 ISO

 
All Fotoen an dëser Serie:
3071 Thumbnail
3072 Thumbnail
6400 ISO
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.10.2009
  • Gekuckt:
    27174
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    21.10.2009
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    AF-S Micro Nikkor 60mm 1:2,8G ED
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40182]
Kommentar vum Fotograf:
Méng analog F70 mat der D700 bei available Light mat 6400 ISO fotograféiert. Resultat hei out of the box. Foto Nummer 2 ass een 100% crop
galileo 21.10.2009 - 19:20
T'ass Stëps um Objektiv bigsmile bigsmile

Nee - scho gudd, esou heich ISO-Méiglechkeeten, an d'D700 kann daat richteg gudd.
De Sproch vun der Zukunft (ISO 102400 asw...) wärt vläicht sin:

"Mach d'Luucht mol aus, ech machen gär eng Foto" smile
Nicon07 21.10.2009 - 20:17
Déi do ass gudd. Mais dat sin da jo scho bal Nuechtsiichtapparater, domadder kann ee jo da quasi keng Blaue Stunde-Fotoe mi maachen well da wird die Nacht zum Tage, oder sou...bigsmile


War ee Scherz!
Kwitchibo 21.10.2009 - 19:51
Eng D700 as also Top! smile wei een geseit
grübel grübel!
Nicon07 21.10.2009 - 20:15
Genau dofir hun ech des Fotoe jo gemaach. Fir dir d'Entscheedung mi liicht ze maachen. Brauchs du 9 Biller an der Sekonn??? Geet 5 net duer? Films du gär mat engem Fotoapparat???
klex 21.10.2009 - 22:18
FPS ass net den eenzegen ennerscheed :/
Nicon07 21.10.2009 - 22:33
Ech weess dat dach, méng Foto a mäi Kommentar ass jo just léift Gestëtonguepels. smile
Ech kann dach ganz gudd novollzéihe, wat am Marc firgeet. Am beschte wier et, Nikon géif eng D700s bréngen, déi zur D3s passt, wéi séngerzäit d'D700 bei d'D3 gepasst huet. An dat ass et ,wat elo di meescht Nikonianer denken a wënschen. Mais datt Nikon awer gär fir d'éischt mol e puer 1000 D3s verkeeft, eet se séch op eng d700s eraléisst, dat kann ech mir ganz gudd virstellen.
klex 21.10.2009 - 22:35
jo mee ech hat eigentlech den ennerscheed tescht der D3 an D700 gemengt, D3s huet jo nach aaner saachen drun
Nicon07 21.10.2009 - 22:40
Natiirléch ass do och een, dat steet jo ausser Fro.
klex 21.10.2009 - 22:17
Fannen et perséinlech mei Intressant wann een ISO tester enner realistesche konditioune weist, bei der richteger Beliichtung rauscht all Kamera wéineg. Beispill, eng Foto just Iert et däischter ass, also mat ganz donkelbloem Himmel, kans de bei ISO 6400 vergiessen.
Nicon07 21.10.2009 - 22:39
Ech hun hei d'D70 an der Kichen bei d'Fënster op d'Arbéchtsplak geluecht, dobausse war et bedeckt a gro, et war keng Luucht am Haus un... sin dat keng realistesch Konditiounen?

Wisou kanns du eng Foto an der bloer Stonn mat 6400 ISO vergiessen? Well den Apparat séng Grokaart kuckt, an da probéiert déi Szen ze beliichte, wi wann et hell wier, a well jo Reseven do sin, mécht en dat dann och, an den Himmel get hellgro mat vill Rauschen dran, ass et dat, wat's du wëlls soen? An deem Fall gin ech dir Recht. smile
klex 21.10.2009 - 23:11
nee nach mei spéit, wann et schon ganz daischter blo ass, dann mecht en et normalerweis och net ze hell, ass just einfach onbrauchbar well zevill rauschen dran ass. Realistesch konditiounen haat ech schwiereg konditiounen gemengt, wéi e concert mat schlechter beliiichtung, do hues de egalwéi mei rauschen. Also richteg ellen konditiounen smile Hu Fotoen mat der D3 gemat mat ISO 6400, enner aanerem dei hei la fille aux papillons
wous ech um A3 Print kee Grain ka gesinn... Mee hun och genuch Fotoen gemat a schlechte Konditiounen, wou ISO 2500 onbrauchbar ass ausser fir den Internet. Och wann d'Foto richteg beliicht wuar. Wuar dat wat ech wollt soen.
Kwitchibo 22.10.2009 - 10:02
Eieieiei dir maacht mech erem duecheneen:S
Kranked 22.10.2009 - 22:31
mmmh nee daat geet
klex 22.10.2009 - 22:51
Jo mat Canon geet dat

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 473 Gäscht online