An Nach eng vum Tuer iwwer den Kierchbierg, hun nach dei eng oder aaner di nach no kennt :) alt rem hoffen ech dass se gefaalen, an all kritik ass wellkomm wi emmer!
Ech fannen, dass et haptsächlech op der rietser halschend vun der Foto un Kontrast fehlt. Ech géing déi Sait villaicht mat engem Verlaf vun riets no lenks liicht ofdonkelen an e bessi Kontrast derbai ginn.
Wisou hues de d'Blend nët méi zou gemach? Dann Häss de d'Luchten un der Coque och méi schéin op der Foto gehaat.
Ech fannen déi Vue elo allerdéngs nët immens. Oder ass ët der ëmt daat Konschtwierk am Waasser gaang? Wa jo, dann häss de ët missten belichten (noutfalls och mat enger Täschelucht).
mir huet d vue un sech gefall an ech wollt cadrage-zwecks d'coque oofschneiden an d'konschtwierk dropkréien, mir huet et einfach gudd gefall. dobei hun ech och nach eng wou d blend mei zou ass mee do huet den niwwel nach mei dicht gewiirkt...
un d'beliichtung vum konschtiwerk hun ech geschter owend em déi Zäit effektiv net mi geduecht, war eischter eng spontan sortie, mee ass ze probéieren gin sws nach eng keier dorober wann manner niwwel ass
Jo deen léiwen Niwwel bleift ëm dës Joëreszait leider nët aus Mais d'Coque wärt jo nach méi laang stoen, an du hues bestemmt nach iergendwou ech Täschelucht oder en Blëtz leien mat deems de manuell ausléisen kanns Go on!