pfff....
(ech fir main Deel well naischt mat dem Pharmazeutikmonopol zedin hun...)
seet mer also och zou dass op der Foto keng lass as, vlait hun joh na puer Lait een Bleck hannert dKulissen fun der Industrie gekukt...
an ech stellen grad fest dass ech na nie an der aaler Seerei war...
hm nee wierklech nik...wees am Graffen wou se lait mee soss as daat na een waissen Fleck op der Kaart...
heescht daat lo dass ech mech awa impfen muss lossen?XD
Di "aal Seeërei" ass kee Must, mais ët schued awer och näischt fir se eng Kéier gesin ze hun. Hei ass mol 1 Kéier aus engem aalen "industriellen" Komplex eng voll funktionell "Haal" gebaut gin. Dodran kann een baal Alles organiséieren: Cabaret, Concerts, Theater, Rämmidemmi, Tralala, etc. Händicäéiertegerecht ass se och. Suguer ën "Impfzenter" kann dodran exzellent funktionnéieren.....
genée sou hun ëch mir daat, no där viller - Panikmache - von wegen Niewewierkongen och viirgestallt.
Ech fir mein Déel verdroën vill Medikamenter nët (meih) a loossen ët leiwer sin !
Ech sin jo och e bessi aus deem "Betrieb", an hun awer nach keen Moment drun geduecht wéini ech mech dann elo endlech géif impfen loossen, nët well ech d'Impfreaktioun faerten, mee well ech mir soen, dass wann ech déi Grippe géing kréien, ech nët vill géing riskéieren (ët gin der déi hun se an daat ouni Symptomatik), daat ass awer just meng ganz perséinlech Vue
Ech sin verwonnert iwert deen Opwand do an daer Foto...? also déi Opdeelung an den Mobiliar an deenen Kabinen (1 Dësch an 4-6 (!!) Still?)
esou eng Impfung dauert 30" an ët wees een jo waat een machen kënnt also deet een keng 3 Pulloveren an seng Jarretière un fir den Arm fräi ze machen
also ech verstin den Ausmoos vun der Impfkampagne schon ganz gutt, well effektiv déi kéint zu engem gewëssen Moment een ganzt Land zum Stëllstand bréngen (Krankenschäiner), matt Konsequenzen op Wirtschaft etc ...
awer dann déi Panikmache zu den eeeeeventuell méiglechen Nieweneffekter wéi den arwa soot ... hmmmmm ?
Sie kéinten jo elo dorauser Schloofzëmmeren machen fir d'SDF'en, elo wou den Wanter virun der Dier steet ...
EDIT:
"FILE 3, FILE 4, etc ..." fannen ech och gutt bei deem Andrang
kéins deng Foto och esou benennen
an un eng Zeitung weidergin
mir hun iwwregens déen eichte Fall an eiser Famill........... awer weit vu mir weg.
E Bouf vun 10 Joër gouf an der Schoul (an Deitschland), dei mettlerweil zou geméet gouf, ugestach !
Ou..Hues du dech ???
Hate mir och, de Bouf ganz am Ufank wei der vu geschwat gouf, den aus Amerika koum. Et war net schlëmm bei him
et ass een sou onsécher, soll een oder soll en nett