Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gross Rosen

 
Gross Rosen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.12.2009
  • Gekuckt:
    29017
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    430 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41114]
Kommentar vum Fotograf:
Gross Rosen Arbeschtslager an Konzentratiounslager an Polen aus dem zweeten Weltkrich. 130.000 Menschen inhafteiert, dovun ca. 40.000 embruëcht, ennert aneren 4 Letzebuerger.
arwa 02.12.2009 - 14:05
mir gin ëmmer rëm d'Schudderen aus, wann ëch sou Fotoën gesinn, nët dat se schlecht sin, mais wann ëch bedenken, wat do
alles geschidd as.

Wier vleicht gudd derbei ze schreiwen, dat daat ehemalegt
KZ, an déem 40.000 Leit ermuerd goufen, a Polen leit !

http://de.wikipedia.org/wiki/KZ_Groß-Rosen

Pommas 02.12.2009 - 15:31
Merci fir den Tipp, hun dei wichteg Informatiounen dobeigeschriwwen.
kruemelatease 02.12.2009 - 15:39
Foto ass u sech bestëmmt net schlecht, mä ech hunn ee Problem damatt:

Vu que , dass do jo 40 000 Léi (!!!) "drob" gaang sinn, ass mir dës Foto ze "harmonësch"; d'Luucht ass ze "soft" a waarm. Ech fannen daat muss méi düster, méi "gro" riwer kommen.

D'Stëmmung pass hei net, menger Meenung no!
Pommas 02.12.2009 - 16:05
D'Stemmung passt tatsächlech net an de Kontext vun dem wat do geschitt as. Des Foto soll awer dat Gefill vermettelen, dat dei Plaazen zur Vergaangenheet geheieren an d'Sonn an d'Farwen erem do as. Meschtens as ee gewinnt esou Fotoen schwarz-weiss an de Geschichtsbicher ze gesin. Wei ech zu Oswiescim (Auschwitz) war, war de Kontrast teschend där düsterer Platz an der Sonn, den Touristen an de Kannerkutschen dat wat mech am meschten beandrockt huet.
kruemelatease 02.12.2009 - 23:20
Ok, daat erklärt d'Saach dann. Dann wier et natierlech top, wanns de, ech soen lo mol, eng "Kannerkutsch" (als Beispill, oder soss een Sujet) mat ob der Foto häss. Lo gues de just sou eng Art "Galgen", waat jo rem éischter déi "düster" Säit ennersträicht.

Mä interessant awer, deng Foto féiert zu "spannenden" Diskussiounen, dat gefällt mer smile

Pommas 03.12.2009 - 09:47
Eng Kannerkutsch am Hannergrond wär natierlech optimal, dat géif nämlech de Kontrast teschend Vergaangenheet an Zukunft nach méi deitlech machen,

also ech kann duerch ären konstruktiven Feedback hei nemmen eppes beiléieren, fir meng zukünfteg Fotoen nach besser ze machen, merci!
kruemelatease 03.12.2009 - 14:19
Ech léieren och hei nemmen bäi, dofir ass photogen super. Well sinn selwer een absoluten "bloody" Amateur, deen nom Prinzip "learning by doing" viirgeet ...
smile
Jean-Jos 02.12.2009 - 23:18
Déng Approche gefällt mer gutt hei.
Déi déif Sonn an de bloen Himmel, déi dem 'kruemelatease' ze harmonësch wierken, waren awer och zu däerer donkler Zäit um Rendez-Vous an dat kann ee roueg esou weisen (pour mon vilain goût): du bréngs et jo grad mat dénger 'mise en scène' fäerdeg d'"Greueltaten" duer ze stellen: de Balken fir d'Leit opzehänke mat dem Schied wierke krass durech d'Diagonal am VG (mat de néidege Referenzen an déngem Kommentar ass souwisou alles kloer).
kruemelatease 02.12.2009 - 23:23
Jo, och interessant, aaner Siicht, awer mat Sëcherheet keng falsch !!!
Pommas 03.12.2009 - 10:39
Stemmt, och zu där Zeit waren d'Sonn an d'Farwen do. Et as een Fotoen mat esou engem geschichtlechen Hannergrond net op dei Art an Weis gewinnt ze gesin. Meng Absicht as et, Gewunneschten an Clichéen ze breichen wei z.B. "Aal Fotoen vun fréier sollen schwarz-weiss sin". Och wann et sech em dei donkelst Zeit aus der Menschheetsgeschicht handelt, hun ech probéiert, e klengen Fonken Hoffnungsschimmer (Sonn an Farwen) duerzestellen, dei engem ee befreiend Gefill vermettelen.

Merci fir de Feedback!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 560 Gäscht online