Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gronn

 
Gronn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.01.2010
  • Gekuckt:
    27307
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1100x733
  • Späicherplaz:
    575 KB
  • Originaldatum:
    2010:01:07 23:52:13
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 24 - 105
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41781]
Kommentar vum Fotograf:
nodeems ech haut den Nowend vun enger Konferenz zeréck bei den Auto getrëppelt sin misst ech einfach eng kleng Paus machen. Kritik ass erwënscht :-) Klicken fir së scharf ze gesinn.
Jeanny 08.01.2010 - 07:41
ech fannen se super,
mat dem waarme Liicht an der Spigelung
galileo 08.01.2010 - 07:52
D'Beliichtung ass ganz flott gelong, d'Schärft ass super an d'Spiggelung och - mir gefällt just d'Faarwtemperatur nët....méi kaal géif ech perséinlech bësser fannen.
deendo 08.01.2010 - 09:24
Gudde Moien dir zwee,

merci fir är Kommentarer.

Waat d'Farwtemperatur ugeet haat ech së schon bei der Opnahm korrigéiert. Den automateschen Waissofglaich haat se nach vill méi ant Orange "faalen" geloss. Ech hun en dunn op "Glühlampe" gesaat well ech wees dass së dann e vill méi héichen Blo-Undeel kritt. Allerdéngs sin sämtlech Luchten an warmen Fuerwen gewiecht, an och d'Fassaden oft waiss-beige-giel...
gloda 08.01.2010 - 09:36
Du kanns den wäisspunkt jo manuell sichen. En läit net ëmmer do wou déi Presets en hisetze géifen.
deendo 08.01.2010 - 10:21
Jo daat stëmmt. Ech haat och driwwer nogeduecht fir së am Raw opzehuelen, allerdéngs hun ech no menger Windows Neiinstallatioun nach nët gekuckt ob ech Raw Dateien iwwerhaapt ".plug & play" opkréien? Dun hun ech et si geloss closed_eye

Oder kann een dee Waisspunkt och am Photoshop nach nodréichlech an enger Jpeg Opnahm sichen ouni zevill Qualitéit ze verléieren?

Wann ech ganz éierlech sin gefaalen mer déi warm Faarwen esouguer zimlech gudd, och wann ech wees dass et och aanescht méiglech gewiecht wier.
gloda 08.01.2010 - 11:39
Wann s de Photoshop (Camera RAW) hues, oder Lightroom, kanns de och JPEG Fichie'en domat opmaachen an den Wäisspunkt setzen. D'Resultat get net grad dat selwecht wéi bei engem RAW mee et as schon net schlecht. Aner Software kann et bestëmmt och, mee déi kennen ech net.
deendo 08.01.2010 - 14:01
Merci fir dain Tipp, ech probéieren daat den Nowend direkt aus smile
ChLo 08.01.2010 - 20:57
Flott Vue, flott Farwen ... Tiptop
deendo 09.01.2010 - 00:57
Merci ChLo smile
dr_kim_veis 09.01.2010 - 05:34
mier as se och e bessen ze giel mee soss ganz cool...
deendo 09.01.2010 - 14:23
Thx smile Jo daat gielt ass jo schon ugeschwaat gin mais stéiert mech elo nët wierklech. Ech fannen daat verbreet hei éischter eng waarm, gemittlech Stëmmung (a Verbindung mat deenen aalen Haiser).
Jaycee 11.01.2010 - 10:52
Do gesäit een d'Evolutioun... virun 20 Joer war den Hannergrond nach vill méi eidel...

Am Gronn
deendo 11.01.2010 - 22:35
Wow, merci fir deen flotten Verglach! Deemols konnt ech esou e Fotoapparat nach guer net richteg am Grapp haalen closed_eye
Jaycee 11.01.2010 - 23:06
An haut? Fiir en ergonomesch verwinnten EOS 5D MkII User wir ët just eng unzoumutbar Zoumuddung... closed_eye
deendo 12.01.2010 - 09:53
Jo wiem sees de et closed_eye Ergonomesch ass së jo - awer ze schwéier. Wanns de së de ganzen Daag am Grapp hues wees de Owes waats de den Daag iwwer gemach hues *g*
Jaycee 12.01.2010 - 16:59
eh ben, daat erspuert der dann d'Visite am Fitnessstudio...closed_eye
deendo 12.01.2010 - 22:56
Ohhh ech mengen ech kéint mech do awer engkéier Weisen - fir den Réck closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 494 Gäscht online