Ech war an der Chrechvakanz mol rem engkeier am Studio. An well meng Studiofotoen, wei emmer, rem net vill gin sin sin mer an d'Traapenhaus vum Studio gaang.
Ech fannen d'Pose gelongen, immens elagant an attraktiv, um Model sengem Ausdrock awer feelt mer en bessen eppes.
D'Luucht fannen ech schéin, fier mech bass du souwisou en Outdoor oder On Location Photograph (oder wéi nennt een daat).
Mech géing et interesséieren se am Faarwegen ze gesin, fannen d'BEA bessen blatzeg.
Merci fier den Komentar.
Et freet mech dass se der gefällt. Zum Ausdrock, jo ech wees dass do en bessen eppes fehlt, an hat wees et och selwer. Dei next Fotoen kennen also nemmen besser gin.
Deen Wonch mam faarwegen erfellen ech der nach. Hei fens de nach een ganzen Deel Fotoen aus deser serie, verschidden Filtragen an Posen, ech lueden do dann och nachengkeier deiheiten am faarwegen rop an geif mech iwwert deng freen.
Daat blatzegt war awer een Effekt deen ech hei erzielen wollt.
Ma ech sin gespaant op déi Faarweg. Hun mer den Rescht ugekuckt, an insgesamt kent hatt gudd eriwwer, mee et feelt effektiv nach en besschen méi Pepp am Ausdrock.
Do hues de awer och en ganz schéinen Portrait gemaach n1. Nach bëssen Hautretouche un der Stier an deen wäer super.