Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schnéi mat Zich

 
All Fotoen an dëser Serie:
4808 Thumbnail
4809 Thumbnail
4810 Thumbnail
4814 Thumbnail
Schnéi mat Zich
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.02.2010
  • Gekuckt:
    22832
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42885]
Kommentar vum Fotograf:
Den abléckléche Wanter an d'Eisebunn zu Lëtzebuerg.
gtaddei1 17.02.2010 - 14:50
Flott série .. fannen de Weissofgleich super ausser bei dàr eischter ewou die Blo Téin awer e bessen ze stark sinn um Schnéi...
Nicon07 17.02.2010 - 15:37
Dat ass guer net sou einfach geweischt, d'Kontraster do ze bewältegen bei där éischter. Leider Gottes ass de Schnéi am Schied awer meeschtens blo. Besonnesch ënnert bloem Himmel... Mais ech kéint jo mol e besse Wärmt am WB bäigin fir ze kucken.

D'Resultat vu méngem nei versuch ass och elo an deser Serie dran. Ech mengen, ech misst elo éischter an déng Richtung gannge sin, an effektiv gefällt mir d'Farwespill sou besser. De WB läit elo bei 6850 K an ech hun nach di ënnscht Partie mat selektiver Faarfkorrektur am PS ugepasst.
gtaddei1 17.02.2010 - 17:13
Elo ass alles tiptop ... sinn frou dass ech net dolanscht luch matt menger remarque
Fir d'Kontraster hai an d'Rai ze setzen ass nett einfach ... automatesch riskeierste dei donkel Plaatzen auszemaachen an déi hell opplatzen ze doen
Nicon07 17.02.2010 - 17:22
Dofir hun ech jo mol fir d'alleréischt am CaptureNX2 mat der u-Point-Technologie eenzel Plaaze sonner behandelt, wéi z.B. d'Clôture am Virdergrond an och nach die giel Front vun der Lokomotive, déi ouni selektiv Nobehandlung iwwerstrahlt, méi däischter gemaach a méi roud mat dran. Duerno hun ech dat an de PS exportéiert mat den Ännerungen, wou ech mam Lasso di Partie ënnert der Baach ausgewielt hun an déi hun ech dun nach sonner behandelt, wéi beschriwwen. Wat een awer alles haut kann an der EBV ereechen... smile
gtaddei1 17.02.2010 - 17:29
Super allzàiten ... gudd
Nicon07 17.02.2010 - 17:38
Merci!
McQueen 17.02.2010 - 14:54
Schéin Serie Nico..

ass dei lescht Foto zu Mamer gemach gin ?
Nicon07 17.02.2010 - 15:39
Déi ass zu Mamer gemaach, jo! Dat ass eng flott Promenade do a Richtung Capellen, déi ech dacks no der Aarbécht nach ënnert d'Féiss huelen. Hei war zwar lo eemol Samschdes moies, wi ech an de Supermarché um Tossebierg Krëschtdaagscadoë kaafe war... closed_eye
McQueen 17.02.2010 - 15:49
Ech kenne den Wee Nico. Hun 3 Joer do gewunnt. Op denger 3. Foto lenks dei "weiss" Heiser....do hun ech gewunnt...an hun all Daag op d'Bunn gesinn smile
Charel_L 17.02.2010 - 15:12
Ei, ech fannen die 2. ass einfach gudd. Die Linnen, einfach flott. Do krein ech och nach richteg Loscht fier d'Modelleisebunn rauszehuelen smile
Nicon07 17.02.2010 - 15:40
Da gehei awer w.e.gl kee richtege Schnéi drop, fir des Szene nozemaachen...bigsmile
m-otiv 17.02.2010 - 15:21
ech fannen 3 am bèschten
Nicon07 17.02.2010 - 15:40
Merci villmols!
Miau 17.02.2010 - 19:39
...ech sin och fir Nr 3, allerdengs hätt ech nach ee weinig recadreiert so 1cm vu links eweggeloss...
Maimonides 17.02.2010 - 20:42
Exzellent Série, Nico.
Mir gefällt di 2. am Besten. Do schneit ët an esou gëtt dein eegenen Thema fundamental ëmgesaat.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 753 Gäscht online