Dei gefällt mär ganz gutt.
Ech war och nach viru kuerzem do an et ass einfach nemmen trauerech dass d'Leit net mei respekt virun esou eppes hun.
Junkie-tempel keint een des Plaatz och nennen well ech hu sielen e su vill Sprëtzen um Tour begeint wei do.
Et wonnert mech dass do nach keen an séngem Rausch sech Genéck gebrach huet.
Ps : wars de net an d'Magaséng kucken? Do ass nach esou munches waat nach (Vierge) ass.
Mär waren mol 3 Stonnen do, a mär haate na net alles duerch, mee da wärt ech mech nächste Weekend mol opt Sich noom Magasin maan
Geint dei Junkies kann een leider nix maan, ech fannen et just Schued dass do Leit mussen onetz hier Zersteierungswut auslooßen (mee ob der aner Säit, kritt een grad doduerch gudd Motiver, woubäi ech lo dei Zersteierungs do awer NET well guddheeschen)
War e Freiden nach do . Muss och onbedingt nach eng keier zeréck.
Wanns de era kens direkt iwert Traap op den 1. Stack an dan ass et dei Dier léngs niewt déer dei's de geholl hues fir an d'Steierzentral ze kommen.
D'liichtverhältnisser sin zwar misersabel mais mär ware just e bessen stöberen.Ganz uewen an de Regaler ass nach villes waat nach ewei aus dem Buték ass.
Vill Spass.
Messi fir den Tip wan et färdeg as, begeint een sech nach do, woubäi daat net wierklech gudd fir mäi Bludddrock wier, well mech alles bessi u Resident Evil erennert