Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Planet Féitz

 
Planet Féitz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2010
  • Gekuckt:
    31033
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x2000
  • Späicherplaz:
    489 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Objeten & Still Life
2. Kategorie: Digital Art »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44100]
Kommentar vum Fotograf:
Gescht Owend zevill Zäit--> mech ier gelangweilt--> erausgekuckt: "Boah hallefwegs bloen Himmel" -->rausgelaaf --> mech hei an de Rond Point gesaat a mol en éischten Versuch gestart fir e Planéit ze zwaften... as jo alt hallefwegs eps gin, mee sou schnell wärtsch secher keen mei maan, deen Zäitopwand as souguer mär ze grouss... (waat hätt ech do gemittlech keinten am Pitcher setzen;) )

(soss nach daat üblecht, fir Verbesserungsfirschlei wier ech, wei emer, frou) :)
m-otiv 30.03.2010 - 16:38
Naja... smile ech kann dir vill tips gin closed_eye
sin elo am congé mä wann ech erem sin kenne mir daat eng kéier kucken..
Planet Mamer 2.0

Locke 31.03.2010 - 10:17
ok, chef gett gemeet, merci firt hellef smile
Jean-Jos 30.03.2010 - 22:23
E bëssen erdréckt dat Ganzt an e puer Stitch-Problemer, wann ech richtég gesin; fir de Räscht muss ech soen, datt esou Biller (mat Virléift déi vum vitovox oder neiderdéngs m-otiv ?!?) mech ëmmer nees impressionnéieren.
Locke 31.03.2010 - 00:21
ech wees dass dei Hecken an Mini-Beem net sou toll sin, mee hei virun der dier as et halt sou, an wei gesoot, gescht haat ech einfach zevill zäit an einfach keng loscht na bessi mei wäit ze fueren fir eng anstänneg plaatz ze fannen closed_eye
Locke 31.03.2010 - 11:24
as gudd hun de stitch problem fonntcool am rondpoint wou d`wiss wiider den pawé kennt, mee bon daat leiert mech dann owes no enger PItchersoirée probéieren eps ze analyseieren closed_eye (wanns de der soss na fonnt hues heihin domat) bigsmile
m-otiv 01.04.2010 - 18:15
Merci Jean-Jos smile
Locke, deng aproch ass just falsch...du mess een 360 pano an dann een invert polar coordinates. Daat verzerrt alles, an du hues esou e blöde punkt an der mëtt.
Op planet mamer ass baal een tutorial vun mur geschriwwen gin an de kommenter. Do hun ech schon alles erklärt. Ech benotzen e fisheye an do brauch een einfach manner biller fir den stitch. Planet mamer hun ech awer matt 18mm gemaach, resultaat d'selwecht Just mei opwand.
360 pano deet net duer, muss och biller vum himmel an vum buedem maachen.
Also 360x180graad muss dein stitch sin. Duerno wierklech am ps deng feis oder schiet oder stativ eraus retoucheieren an de stitch muss perfekt sin. Ech fudelen och an monteieren eng sonn aus en aanert bild dran... Wäll soss d'sonn emer iwwerbeliicht ass wann de planeit gutt beliicht ass. Siehe tvtower Prague.
Et ass vill aarbecht an ech sin e puer stonnen um pc, mä matt der zait geet daat baal vum selwen smile
sou, lo steet dir naischt mei am wee...

Fir dann endlech e planeit ze maan muss du eng stereographeg projektioun maachen. Hugin oder ptgui maachen daat relativ einfach
Locke 02.04.2010 - 02:28
messi m-otiv smile, wannsch next Kéier rem nix mei wes mat menger Zäit unzefänken wärtsch mech mol rem dohin tesselen smile (na 2 Wochen bis d`Uni rem ufänkt, dann hunsch definitif rem Zäit closed_eye )
Locke 31.03.2010 - 00:20
wei gesoot war den eischten versuch... mol kucken op et next keier mat engem mei groussen Wäitwenkel besser geet.

p.s.: stitching problemer gesin ech keng vue dass daat ganzt op engem 360° pano baseiert, an do war keen eenzegen ze gesin, an hun daat dengens am detail analyseiert smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 367 Gäscht online