Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Barocoloco

 
All Fotoen an dëser Serie:
5624 Thumbnail
5625 Thumbnail
5626 Thumbnail
5627 Thumbnail
5628 Thumbnail
Barocoloco
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.04.2010
  • Gekuckt:
    24069
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    29.03.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Objektiv:
    1x Tokina 11-16mm, 4x Nikkor FE 10,5
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
No Tripod

Fir anzesetzen: [pg_img=44202]
Kommentar vum Fotograf:
Bitte drop klicken fir méi détailler
Eng wonnerschéin Kierch zu Prague...Eran spazéiert, wollt den Gorillapod un enger bänk festmaachen...security: "No Tripod" ..Ech: "Why?" Security: "No Tripod, Photo OK, Flash OK but no tripod"....
Flash OK? Hätt Ech nemmen meng Studio-Flashen derbai gehaat...pfff
suraki 03.04.2010 - 13:16
dot doten as esou immens flott, mé de "flou" passt hei leider (menger Ménung no) net eran
m-otiv 03.04.2010 - 13:38
ech hätt se och léiwer méi schaarf gehaat...Mä "No tripod" hun se mir gesoot...an et waar ziemlech daischter dass bei méi lues beliichtungszaiten onméigleg war se méi schaarf ze kréien
suraki 03.04.2010 - 13:43
... g11 haha
m-otiv 03.04.2010 - 13:45
Mä die éischt an 2t di sin awer schaarf genug oder?
suraki 03.04.2010 - 13:52
scharf ... mer fehlt et eichter e bessen un Faarfkontrast, dann wirken se vill méi schaarf. Merkommen deng Biller e bessen, ewei mat engen flou uwerlagert, vir ?
m-otiv 03.04.2010 - 14:02
ech hun bewosst désaturéiert...wollt eng aart SW/Gold hun...Ech verstinn daat mam flou...Daat ass wéinst dem HDR Handheld, do waren der wou beliichtungszait mi kuerz waar e bessi verwackelt, an beim Tonemapping verschwëmmt su munsches
gtaddei1 03.04.2010 - 13:21
Sin dem Suraki senger Ménung, den Dertail ass hai waat primeiert. déén misste awer selektiv eraus zeihen (soss krisste dei selwescht foto ewei meng Zesch"cool"
m-otiv 03.04.2010 - 13:46
1 an 2 sin awer schaarf genug oder net?
gtaddei1 03.04.2010 - 14:33
ech mengen jo mé ... villeicht well ech mech dropp konzentreiren wei ech et geif maachen ass eppes do waat mech steiert. ech misst villeicht d'Foto de détongueart gesinn fir dir eppes kennen ze soen.
Shantideva 03.04.2010 - 13:25
Déi aaner Serie fannen ech méi interessant. Hei hues du den Fisheye net sou immens gudd agesaat. Virun allem bei der 2 an 4. An enger Serie gief ech se och vieleicht all mat enger maximaler Breed (oder Heischt) vun 800 px eroplueden. Beim verklengeren hues du vill un Schärft an Detail verluer.
m-otiv 03.04.2010 - 13:40
ech lueden se mol matt 800 px erop, dann gesait een d'fehler manner closed_eye...Mà wéi kann Ech fotoen an enger série ersätzen?
Shantideva 03.04.2010 - 13:43
Bei enger Serie denkt een net direkt drun fir drop ze klicken well och net dobei steht wéi grouss d'Fotoen sin. Awer an Originalgréisst (wann een drop klickt) sin se schon e gudd steck méi scharf.
m-otiv 03.04.2010 - 13:49
ech hänken un der leitung JC...dh ech sollt se vun 4000px op 800 erofschrauwen fir PG an enger serie? da brauch keen dropzeklicken? hei sin se matt 900px original erop gaang
Shantideva 03.04.2010 - 13:53
Genau daat hun ech gemengt:
900px × 596px
Den Server huet een algorithmus mat dem d'Foto dann op 800px verklengert get fir ugewisen ze gin, et sief dann, et klickt een drop. Bei der Verklengerung geht awer emmer Qualitéit verluer hei um Site. Dofir lueden ech meng Fotoen hei emmer just mat engem maximalen Wert vun 800px erop. Vergleich déi Fotoen einfach déis du sou geseis mat denen déis du geseis wanns du drop klicks (ennen op déi grouss, net d'Thumbnails). Dann geht jo eng nei Seit op, an déi Fotoen sin vill méi scharf.
m-otiv 03.04.2010 - 13:58
supergudd ze wëssen shanti....majo merci...hun mech och emmer gewonnert virwaat du an den Gennaro nie méi héig eropluedt...Ech wäert een vun de wéinegen sin deen op all foto klickt fir se méi grouss ze gesinn smile
m-otiv 03.04.2010 - 13:53
ok hun verstaan...den site mecht e resize vun original op 800px, an daat vermeiden ech wann ech direkt op 800 eroplueden
Shantideva 03.04.2010 - 13:55
Jepp smile
Miau 03.04.2010 - 14:53
du bass op d'mannst ween fotograféieren net erausgeworf ginn ewéi ech "anno dazumal", flott Serie awer...
m-otiv 03.04.2010 - 14:55
jo, lo froen se jo och entrée dofir closed_eye
Gaga 03.04.2010 - 18:29
G_SUS !!!!!

do machen mer eisen Shooting !!!

super geil !
sou luess deet et mer leet dat ech net an esou gebeier ginbigsmile !
dei läscht do fehlt e bessen pilier ennen, dei 3 as mega !
mat deem lenks do deen den gruss do mecht,
mat der hand ...
deen fun freier wei heescht et schon mei
... ehhh "ave" !



m-otiv 03.04.2010 - 18:37
gudd iddi fir den shooting do bigsmile

Deen deen de Gruss do mecht daat ass de Kléschen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 487 Gäscht online