Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Fotoen kucken

 
D'Fotoen kucken
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.04.2010
  • Gekuckt:
    31876
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    48
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f5.6
  • Brennwäit:
    ? mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    ---
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x850
  • Späicherplaz:
    611 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    17-50 2,8 Canon
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
eng rouech Hand

Fir anzesetzen: [pg_img=44241]
Kommentar vum Fotograf:
Eng einfach Foto am MuDam , eng Plaatz fir Foten mat fantasie ze maachen wei neirens baal zu Letzeburg... Vive de Mudam, daier jo mé eppes fantastesches ... an dén wärt do sinn nach ann 200 Joer!
Metalbambi 04.04.2010 - 16:23
A wei kruus de dei do dan duech d'Zensur geschmuggelt? tongue
gtaddei1 04.04.2010 - 16:39
Et ass jo keng Porno! Also méi Fine Art ewei dei dooten gett awer nett. D'Foteon op der Mauer sinn Permanent Austellungen am Mudam .. an d'Foto ass erlaabt.
Metalbambi 04.04.2010 - 16:49
D'war jo och als Witz geduet, ech sin souwisou och der Meenung daat d'Zensur net onbedingt sou strict misst sin.

Foto gefaellt mer iwwregens zimmlech gudd!
gtaddei1 04.04.2010 - 16:55
Ah mé ech hunn dein Witz mat kritt ... hunn daat préziseiert fir den Admin "smile"
Johny 04.04.2010 - 17:43
Ech hu se jo aktivéiert also muss näischt méi preziséiert ginn closed_eye
gtaddei1 04.04.2010 - 17:47
Ech muss jo eppes soen ... an eng Persoun an dem Diskour woar neidesch ... an wien besser ewei den Admin ... "smile"
Miau 04.04.2010 - 20:02
ech si net esou sëcher mam "erlaabt" ech krut gesot es kann fotofrafeiert gin mais nëmmen fir perseinlechen Gebrauch a net fir auszestellen...wei ass dat mat Publikatioun op PG? Wier mol ze klären. "confused"
gtaddei1 04.04.2010 - 20:17
daat ass jo Privaten Gebrauch ... Ech hunn meng Niiece matt dém Hannergrond Fotografeiert... muss ech dem Gudden Herrgott och em Erlabnis froen wann ech 1 Bësch fotografeieren... Né ech witzen... Ech hunn mech jo och dei slewescht Fro gestallt...
Et gett jo eng grouss Diskussioun iwert engem Fotograaf dén ech elo den Numm nett méi wéés dén eng ganz Serie geméét huet iwert Oeuvren vun aaner Artisten... an dann och austellt an domaden Suen verdingt huet...
Ech mengen ech verdingen jo keng Suen matt denen Aanren ihr Fotoen.
Maimonides 04.04.2010 - 16:40
Eppes wat oeffentlich gewise get
ka jo net gutt op desem Site
verbuede sin fir ze kucken.
closed_eye
gtaddei1 04.04.2010 - 16:42
Voilà ... an zemools well ech gefroot hunn op ech den Apparat matthuelen dirft. Mein 7D an den ganze Zäiten vun der Sécurité verfollecht ginn... um Ënn woar ech nach baal Frënn ginn vun e peur vun hinnen.
m-otiv 04.04.2010 - 16:31
waat ass dann do vun dir...och di 3 di hänken?
gtaddei1 04.04.2010 - 16:37
Absolut nett ! dei 3 dei do hängen sinn Permanent Expo vum Mudam an enger 4 Foto Serie dei en Plus voller Digital Noise Sinn ... daat beweist ganz einfach daat D'Foto nett onbedingt perfekt muss sinn mé daat de Message durch kennt... an daat ass en effet dei nei riichtung vun de Profi Fotograen dei matt Digital schaffen. Den Intérêt vun der Foto ass de Message an wei de Message op d'Bild duergestallt gett... daat soll fir ais amateuren dei eppes wellen duerstellen eng Leier. ... D'Biller sinn praktesch nie perfekt mais dei hunn eng Kompo dei einfach wahnsinnesch ass ... du kucks gleichzäitesch 4 riesech fotoen an du gesais alles!...
m-otiv 04.04.2010 - 16:44
jo hun di tendenz och festgestallt...elo probéieren d'fotografen analog am digitaalen ze simuléieren.......flott an ongewinnt vun dir
gtaddei1 04.04.2010 - 16:51
Ech maachen och nach vill aaner foteon dei ech guer nett waisen ... mé ech hunn d'Fotographie an sengem Ensemble gären.
Fir eng fine Art Foto ze maachen muss én vill mé awer dann och vill traineiren... fir eppes op D ' tappéit ze brengen waat senegem Stil Korrespondeiert.
Ech maachen dess och am HDR opschons daat guer nett neidesch wier. Ech hunn awer esou eng grouss Bewegungsfreihéét.
Meng Basis Foto ass an den dooten fall ëmmer gebrauchbar an briicht nett den HDR ze gebrauchen.
Ech hunn villeicht am Hannergrond eng Produktioun vun engem Aaneren Fotograaf gebraucht an dofir keint ech gesoot kreien daat daat nett ok ass, ... dann keint ech dém do mol guer net Onrecht ginn ... mé waat ass hai wichtesch?...
Maimonides 04.04.2010 - 16:38
Ouni di Fra hei vir um Buedem, m-otiv
waer se net ugeholl gin.
Mat hir, am Kontext gekuckt,
ass se derwert gewisen ze gin.
gtaddei1 04.04.2010 - 16:41
Merci Charel, Et ass nemmen fir ze waisen daat én am Mudam Flott saachen machen kenn ... hunn jo daat an mengem Kommentar gesoot.
De Message... daat zielt! d'Perfektioun vum shot ass ewei 1 Message durchkennt durch d'Foto...
m-otiv 04.04.2010 - 16:46
jo kloer....d'Iddi eng nei foto matt eegene existenten Fotoen als hannergronn ze maachen wir jo och eng gutt Iddi gewiecht, an vum gtaddei hätt mech daat och net gewonnert smile
gtaddei1 04.04.2010 - 16:54
Jo mé ech sinn am Mudamm gewiecht .. an bis ech an de Mudamm ausgestallt ginn mengen ech daat nach jett hektoliteren Waassser ennert der Brëck fleissen muss... 2-3 Liewen ? brauch én...
OK-Photography 04.04.2010 - 17:23
hehe joh mat der Zensur duercht ech o schons....closed_eye (ech hett se wascheinlech awer och aktiveiert)
as eng propper Foto dei op dei 5 SCHENIAL Fotoen (un der Mauer) nach eppes klenges drop setzt!smile

ech geiff awer mengen dass eng kleng Notiz zum Kènstler ubruecht wier! Kathrin Freisager


ps: dem R. Fischer seng 2 Portraien hun allerdings och eppes! closed_eye
gtaddei1 04.04.2010 - 17:39
Merci ... wei soll ech daat maachen?
OK-Photography 05.04.2010 - 00:35
closed_eye
(wei mengsde? den link krissde wansde [ url=XXX ] K.F. [ /url ] OUNI dEspacen schreifs) smile
gtaddei1 05.04.2010 - 01:07
Oh ... haat jo nett verstaanen dass daat de Link wär... Pardon ... ech klammen direkt vun der Leitung eroofsurprised
OK-Photography 05.04.2010 - 14:23
closed_eye
Houll-art 04.04.2010 - 17:41
Ganz denger Meenung waat Fotoen maachen ugeet. Hun do och schon e puer Motiver fonnt. Een tip: Mettwochs ass emmer owes ab 18:00 fräien Entrée, an wann e Vernissage vun enger neier Austellung do ass, dann onbedengt dohin goen. Do fennt een meeschtens och Visiteuren déi sech mol fotographéieren lossen, an en plus gëtt et lecker a vum feinsten vir ze iessen an ze drenken.
gtaddei1 04.04.2010 - 17:46
Merci daat woost ech och nett .... 18 Auer hein .. just in time no der aarbecht
Houll-art 04.04.2010 - 18:01
Ech mengen esou ass et och geduecht. Daat ganzt heescht "Wednesday at MUDAM" oft och mat enger Klenger Musik Band. Jo eben esou en After Work Event.
Besser ass du renseignéiers dech awer virdrun wanns du wells goen closed_eye
Gaga 04.04.2010 - 18:39
Cool foto gt !
mais ouni elo falsch verstanen ze gin, waat as elo genau erlaabt an waat net, ech hun nämlech geduecht eng weiblech broschtwarz wier tabu ... as se et oder net ???
sin elo nemmen genitialen verbueden oder wei ?
gtaddei1 04.04.2010 - 20:13
Oupss ... So keng Krass Wieder... "Warzel...?" oh jé ... an dann Genitalien?... nach méi schlemm... Soo ass hai Inquisitioun? ... Ech gesinn Méédecher dei sech selwer Plaakesch fotografeieren an hai hunn ech eng Oeffentlech Foto genippst ... Plagiat ... jo villeicht... mé waat ass dann dobai eng Fine Art Plakescht Médchen oder Mann ze waisen?... Ahh --- Jo dann misst de Site fir -18 Joer verbueden sinn... mé dei wessen mei ewei esch ? cf meng Neveuen...
Witzen natiirlesch... "closed_eye"
Johny 04.04.2010 - 21:20
Ech kann der et och erklären, dann ass och kloer wisou dës trotzdem aktivéiert ginn ass: Mir erlaben eigentlech näischt esou als direkt Foto well esou Fotoen extrem delikat sinn, heescht dass se wirklech musse gutt gemaach si fir dass se propper duergestalt sinn. Ausserdem wëlle mer vermeiden, dass wann esou Fotoen um Site wiren, dass "Kanner" ufänken sou Saachen och wëllen ze maachen an dann géif just nach schlechtes komme respektiv souguer onästetesch asw ... An fir dat ze vermeiden hale mer eis einfach un d' Regel allgemeng keng sou Fotoen ze erlaben. Well hei awer just eng aner Foto duergestalt gëtt, gëllt dat guer net fir dës Foto, an dass d' Foto anstänneg gemaach ass ass jo doduerch ginn dass se ëffentlech zougänglech ass.

Ech hoffen dat war lo verständlech an huet et bëssen opgeklärt smile
gtaddei1 04.04.2010 - 21:39
Johny daat woar kloer fun Ufank fir mech.
daat fir d'Kanner ass och kloer ... hunn ech dropp ugewisen.
Merci fir d'Erklärung...
Allzäiten ech wollt fun Ufang uns iwerhaupt net provokativ sinn.
Ech sinn kén Puritan awer du huess vollkommen Recht dech an verschidden regelen ze haalen.
Gaga 04.04.2010 - 22:31
ok, merci Johny !
Ech haat dei diskusioun och schon eng keier resp. haat schon firun engem joer nogefroot !
wor elo just e bessen duercherneen komm, mais dann haat ech et richteg an erennerung !
Ech wollt et just nach eng keier kloergestallt hun !
Ech verstin dei "tonguereventif" seit, ech mengen iwert daat aanert gt, brauchen mer net ze schwätzen, an all shampoo-reklam gesais de haut mei ! closed_eye
an dat t'jugend keen bioskuer mei brauch fier opgeklärt ze gin, dat missten dei mescht jo och mettlerweil wessen !
smile

schlussendlech as et awer t'oofbildung fun enger aanerer foto dei hei ausschlaggebend as, t'foto dei un der wand hänkt, wier als foto hei also net accepteiert gin !

Johny 04.04.2010 - 22:35
Richteg smile
gtaddei1 05.04.2010 - 01:09
Mé d'fotoen geheieren dem Mudam also dem Letzebuerger ... cool
gloda 04.04.2010 - 21:17
Flott, mee iergendwéi kèennt et mer fir wéi wann d'Foto gestaucht wier, wéi wann se u sech hätt misse méi breed sin.
gtaddei1 04.04.2010 - 21:31
ganz rischtesch ... et fehlen 2 foteon riets an d'Médchen woar genau an der Mett an daat huet mir nett gefall ... dofir é Kropp... gudd gesinn... mé si ass nett gescaled
suraki 04.04.2010 - 21:17
ech hun de MuhDambigsmile net gären, dat heiten awer gefält mer super,
eng Ursach trotzdem nach enol dohinner ze goen smile

ps: Meng Nuen, gin elo gerummt an dann ... hahaha
gtaddei1 04.04.2010 - 21:32
deng Nuen?
Merci fir d'appréciatioun
suraki 04.04.2010 - 22:13
jo, an der Zeit hun ech och esou eppes gemach closed_eye
ech si nët emmer an aalen raschtegen Indutriebrochen ennerwée gewiercht,
de Mensch évoluéiert ... et as dach Darwinjoer bigsmile
gtaddei1 04.04.2010 - 22:14
Jo mé an de Broochen do ass kén ... also mir hoffen daat kén do ass.
Laurent76 06.04.2010 - 09:02
Gefällt mir ganz gudd, super Idee...
gtaddei1 06.04.2010 - 10:03
Thx very much
TseEll 11.04.2010 - 14:32
Wéi mëcht een daat, fir guer keng Verzerrung ze kréien ? Ech hun gëschter daat selwescht Motiv fotograféiert, mee nuje ... 't ass just ze gebräuchen fir op Pisa ... nirwend den Turm ...
Gaga 11.04.2010 - 14:52
PS : Filter: Objektivkorrektur
dann : Bild: Transformieren : Verzerren

TseEll 11.04.2010 - 15:10
Merci !
Gaga 11.04.2010 - 15:16
kee problem !

PS : beim verzerren dei ierwecht ecker huelen, dann ALT gedreckt haalen ! closed_eye
gtaddei1 11.04.2010 - 20:28
Et géét och matt enger Richtiger Distanz vum Subjekt an dann de Foto apparat esou stellen daat d'Horizon Linnen an dei Vertikaal Linnen openéén stemmen ... ech hunn op mengem 7D eng Wo (Waage oder Niveau miesser ) dann géét et emmer ... soss ewei de Gaga soot
endorphine 30.09.2010 - 00:05
FLOTT!
gtaddei1 30.09.2010 - 12:30
Merci villmols

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 615 Gäscht online