Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

the view

 
the view
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.04.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2010
  • Gekuckt:
    29783
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    10,5 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    800x581
  • Späicherplaz:
    547 KB
  • Originaldatum:
    30.03.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    Nikkor 10,5mm fisheye
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:
gorillapod

Fir anzesetzen: [pg_img=44257]
Kommentar vum Fotograf:
Verbessert versioun...merci un all fir d'suggestiounen.
Hei war Ech am Tuerm vun der "Astronomical Watch".
Ech hun e gorillapod (mein wäertvollsten accessoire an deser vakanz) einfach um glänner fest gemaach an als tripod benotzt
g3ckko 05.04.2010 - 12:24
Den HDR as der gutt gelongen. Weieen Program hells de dovir?

An wars de an d'Tyn Kierch ob der selwechter Plaatz?
m-otiv 05.04.2010 - 12:31
Merci g3ckko.
Nee, an der Tyn war ech net eran...hun se just vun vis-a-vis um Tuerm fotograféiert..
HDR matt photomatix
Jean-Jos 05.04.2010 - 13:12
Dat fannen ech e flotten Asaatz vun HDR.
De Gorillapod gehéiert zënter e puer Méint och zu méngem Equipment, super Asaatzméiglechkeeten, nëmmen ze recommandéieren!
m-otiv 05.04.2010 - 16:39
merci...jo den gorillapod ass tiptop wäll en esou einfach ass ze transportéieren...hun och e monopod mä net ideal fir laang beliichtungen oder HDRen
suraki 05.04.2010 - 13:41
hei gefällt mer alles drun, flotte Kadrage gut verschafft ... einfach e flott Bild
Maimonides 05.04.2010 - 15:27
Genau sou...
m-otiv 05.04.2010 - 16:40
merci villmools... smile daat freet mech
rivende 05.04.2010 - 17:00
schöner Blickwinkel.
m-otiv 05.04.2010 - 17:18
danke smile
Richie 05.04.2010 - 17:04
Ech fannen de Kadrage an d'Bea top. Just uewen riets geiff ech nach eppes mam Himmel maachen.
m-otiv 05.04.2010 - 17:18
jo effektif...do kéint een eppes maachen closed_eye
m-otiv 06.04.2010 - 07:58
ech hun et verbessert...merci fir d'suggestioun
Richie 06.04.2010 - 08:00
Villmols gär geschitt.Et gesait top aus esou.
gtaddei1 05.04.2010 - 20:28
Dei ass flott
m-otiv 05.04.2010 - 20:33
merci merci smile
Shantideva 05.04.2010 - 22:32
Thumbs up fir déi baal onendlech Déiftenschärft. Waat ass Program A? Benotz du automateschen Bracketing? Daat eenzegt waat mech hei (immens vill) stéiert, ass den Halo honderem déi stark kontrastéiert Elementer um Rand vun dengen Fensterscheiwen. Fir d'Foto perfekt ze machen kanns du se och zwee mol tonemappen. Déi eischten Kéier mat engem Wert vun 30-50 am Strength an déi zweeten kéier, wéi hei mat den "standard" Werter (70). Dann lees du beid Fotoen am PS iwerteneen an verbesserts d'Haloen... etc...
m-otiv 05.04.2010 - 22:47
smile merci fir deng gedold...
Jo auto-bkt... Wann et esou daischter ass huelen ech de maximum biller am autobkt, mam spot metering moossen ech den hällste punkt, an den daischtersten. Wann den ofstand net mei wei 10 stoppen sin, dann sätzen ech mein spotmetering op engem mettleren punkt (net daischter, net häll) an autobkt.. Checken dann histogramm dass ech iwwerall wäerter hun, an um mac sichen ech mir dann d'fotoen aus fir den tonemapping dass ech op der ganzer range um histogram wäerter hun. De rèscht wees du jo...
Wei gesoot, ech sin wierklech e beginner, keng 6 meint matt foto beschäftegt (awer grafik scho mei laang)... Mä d'leidenschaft ass enorm an ech well et hikreien...wittmen tägleg stonnen fir mech ze besseren
Shantideva 05.04.2010 - 22:53
Ma et huet sech jo bis elo gelount. Hei fannen ech einfach déi Déiftenschärft super wann just déi Haloen net wieren. Mais, wanns du d'Originaldateien nach hues kanns du déi Method mat dem duebelen Tonemapping mol probéieren. Dann am PS openeeen leen an mat engem Mask den Halo eraus huelen. Daat ass vieleicht am PS e bessi gepiddels, awer dann kenns du ouni kommerziell Filteren (wéi Nik oder Akvis) ganz gudd aus an du léiers den PS richteg kennen. smile
m-otiv 05.04.2010 - 22:58
Ps ass keen probleem smile ech huelen e bild wou keen halo dran ass an aligneieren eng ébene driwwer, layer mask, an löschen alles bis op den deel wou den halo ass
Shantideva 05.04.2010 - 23:05
Also wann déi zwou Fotoen an zwee Layeren sin: Dann kanns du och just d'Fensteren selektionéieren an d'Selektioun mat dem Feather méi douce machen an se dann maskéieren. Oder, beim CS4 einfach den Feather op denger Mask (Mask Tab) upassen. Daat klappt super.
m-otiv 06.04.2010 - 07:57
ass verbessert smile
Shantideva 06.04.2010 - 08:09
Excellent! Elo stéiert do neischt méi. Et sin heinsdo sou kleng Detailer déi engem direkt an d'Ae sprangen.
Du hängs jo grad sou vill hannert denger Kescht wéi ech, wéi ech mierken... bigsmile
m-otiv 06.04.2010 - 08:42
ech hänken permanent un menger këscht....ausser wann Ech schloffen net... bigsmile ...
Hun iwwerall computeren an sin iwwerall online
Laurent76 06.04.2010 - 08:40
Gefällt mir ganz gudd....
m-otiv 06.04.2010 - 08:41
merci villmools Laurent smile daat freet mech
Laurent76 06.04.2010 - 09:05
Lues an lues ges du een richtegen Chef am HDR....
m-otiv 06.04.2010 - 09:15
jo mä kuck...den shanti an den Gtaddei hun mech ennert hier frilléck smile ... all klengste féhler ...boom
Laurent76 06.04.2010 - 10:16
Durch faalen leiert een goen seet een aal Sprachwuert....!
Dofir ass deen Site hei einfach esou top.
Wann een mam Fanger ob dein Fehler weist fällen mir duerno och Saachen ob dei ech virdrun net gesin hun..., an esou soll et sin.
Net nemmen bei mengen mee och bei deenen aneren hier Fotoen....!

Waat mei Kommemtarer bei menger Foto sin waat ech et besser fannen....
m-otiv 06.04.2010 - 11:09
absolut...bei mir sin d'kommentarer mettlerweil ganz tutorialen bigsmile
mir maachen daat scho richteg....bei eis kritt baal jiidereen e kommentar, e konstruktiven...
E puer leit fannen daat ok, aanerer net...mä jidereen mist seng mehnung gin...
Laurent76 06.04.2010 - 11:13
Daat stemmt.
Wann ech mech eng Kier mei mam HDR well beschäftegen wei elo gin ech dein Chantier zu Mamer eremsichen..., do ass et saugudd erklärt...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 550 Gäscht online