Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Himmel blo

 
Himmel blo
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (05.04.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2010
  • Gekuckt:
    42563
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    11 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    420 KB
  • Originaldatum:
    5.04.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Allgemeng »» Panorama
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=44272]
Kommentar vum Fotograf:
daat war Haut...Richtung Dippech et ass eng Baustell, kee Séi...mä et huet jo gudd gerénnt...
Shantideva 05.04.2010 - 22:23
Vito, daat do ass HDR wéi aus dem Billerbuch (oder wéi "gemolt" ). Waat bei dengem HDR fehlt ass den Pepp. Daat heiten ass zevill schéin fir der Woueregt ze entspriechen. Et hängt natierlech oof waats du wells mat dengen Fotoen machen. Wells du duerstellen waat deng Ae den Moment gesin hun, dann ass et besser net sou "moleresch" ze schaffen. Ech well domat net dein HDR schlecht machen wells du menger Meenung déi Sach mat dem Tonemapping baal perfekt am Greff hues (awer dorop kommen ech bei dem nächsten Kommentar nach zereck). Hei ass d'Foto fir mech zevill Saturéiert. Firwaat? Ech denken du hues den Kontrast an d'Luucht geschrauwt an eventuell vergiess dass dobei och d'Saturatioun verstärkt get. Probéier einfach mol mat der "Vibrance" ze spillen. Awer... jenseits mengem Gemeckers ass den HDR/DRI dir ganz gudd gelongen... Respekt.
m-otiv 05.04.2010 - 22:32
Jo du hues recht ... Ech hun haaptsächleg d'vibranz an d'luucht gesaat.. Wollt esou e bild wie bei dene windows desktop hannergrënn (daat war d'Iddi)...also schon méi grafeg an surrealistech... Haat och ganz gudd opgepasst mam tonemapping keen halo ze kreien an kontrast erof, highlight smooting gudd erop an strength op 50 (schon ziermlech zréck gehaal fir deen plastegen hdr effekt ze meiden)
Shantideva 05.04.2010 - 22:38
Genau... daat ass "affaire de gout". Ech hätt do bei der Vibrance eischter eroofgesaat wéi eropgesaat. Awer daat hängt dovun oof waat een well erzielen: een Truetone HDR oder een méi molereschen HDR. smile Ech sin do eischter een Fan vun Truetone well daat méi op daat eraus kennt waat d'Ae och gesin huet. Awer do gin d'Meenungen immens auserneen.
m-otiv 05.04.2010 - 22:52
Truetone = Faarwen wei an der realiteit?
Shantideva 05.04.2010 - 22:54
Jo, genau.
m-otiv 05.04.2010 - 23:09
hun se verbessert (oder verschlechtert?)
Shantideva 05.04.2010 - 23:11
...fir mech verbessert... ass awer "affaire de gout" (shift-refresh)
m-otiv 05.04.2010 - 23:15
merci nach fir deng Zait....also Du wees...wanns'du eng kéier e workshop hälls, sin ech dein éischte klient closed_eye
Shantideva 05.04.2010 - 23:17
Gären! smile Den nächsten ass fir den "Vernissage St. Petersburg" an der Central Exhibition Hall "Manege" an Russland, am September. Awer daat ass wuel e bessi weit... bigsmile
m-otiv 05.04.2010 - 23:20
e bessi schon bigsmile
gtaddei1 05.04.2010 - 23:19
An , a part den HDR ... dén hai effectivement Affair de Gout ass, d'Bildopbau ass diskutabel (op HDR oder och nett!) d'strauchen am 1 schten Plang steieren e bessi an iwerkreizen sech matt den Elektreschen Linien. Horizont an der Mett (oder wei wann) an hunn d'Gefill daat en em e puer Grad no lenks eroof hängt.
Wann d'Zech kén Unhalt punkt huet (daat ass keng polémic mé én verglach) dann wou ass en hai ?
Den Ganzen Visuellen Equiliber ass gesteiert vum firgrond (forground) .
devil:
Den HDR ... daat ass awer nach e bessi distant vun engem TTHDR (wou ech nach emmer appliziert hunn an 2 Joer gebraucht hun bis ech et eraus haat, ewei de Shanti schons wés))
Shantideva 05.04.2010 - 23:22
Probéier mol mat engem "Shift-Refresh". Vieleicht hues du déi aal Versioun nach am Cache. Manner Saturéiert ass se schon vill besser. Ech mengen et wor dem Vito hei net sou em den Bildopbau gangen.
gtaddei1 05.04.2010 - 23:27
JC , eng Foto ass en ganzt ... an daat wést du jo nach besser ewei ech ... t'en est pratiquement le maitre.
HDR oder och nett ... HDR ass eng opnaam technik an d'FOTO ass en tout premier lieu den Opbau ... no menger Ménung ass daat daat eischt ze kritiseieren ...
Shantideva 05.04.2010 - 23:39
Jo, ech kann dir do secher net onrecht gin... Wollt den Vito elo eppes mat der Foto do ausdrecken oder wollt hien sech just am HDR üben? Ech denken et wor wuel éischter déi leschten Tatsach. Obwuel et secher besser ass mat der eischter unzefänken. Awer ech hun léiwer een HDR/DRI wou den Bildopbau net perfekt ass wéi een overcooked HDR/DRI wou den Bildopbau passt. Oder vieleicht sin beid "kif kif"?
gtaddei1 05.04.2010 - 23:48
kif-kif geif ech soen
m-otiv 06.04.2010 - 00:02
Männer, daat heiten war just en test... Muer posten ech iech d'photo vun der woch Die 2 wochen unhällt smile dot iech waarm un bigsmile
gtaddei1 06.04.2010 - 00:04
"bigsmile""bigsmile""bigsmile" oder Ha Ha Ha sinn awer gespaant...
Shantideva 06.04.2010 - 00:05
closed_eye (mein Vote hues du)
gtaddei1 06.04.2010 - 00:25
Mai? ben nach nett... waat gesst du mir? cool
m-otiv 06.04.2010 - 00:41
E kuss op d'stier smile also seriö, den daag wou meng foto, d foto vun der woch ass (also e meinden), dann ass et wäll sie die bescht foto war...an net wäll een italiener mech racketeiert fir eng geigeléchtung closed_eye Mir verhandelen net matt der mafia...
Buona notte e sogni d'oro smile
gtaddei1 06.04.2010 - 00:59
MIr?... Vito Marinelli ? Daat klengt jo baal ewei Weber Jang oder Schmit Fracis... tongue"
m-otiv 05.04.2010 - 23:39
Alles afferstaan ausser: horizont an der mett: do wollt ech d'spigelung vum himmel hun an absichtleg règle des tiers ignorieiert...truetone ass e begreff deen mir sait 20 minuten bekannt ass (merci shanti fit d'erklärungen).. Matt är hellef hun ech schon esou vill hei baigeleiert smile
ass awer scho komeg et mengt een een hätt eppes acceptables, an dank reality check pg mierkt een wei falsch é lait.. Dofir ass PG super smile
heinsdo ass et och emgedreint: eng foto ouni erwaardung, kënnt mega gudd un. Waat ech leieren muss ass besser selbstkriteg ze sin... Soulaang erlaaben ech iech mir de wee ze weisen, mein padavan bigsmile
Shantideva 05.04.2010 - 23:46
Du mechs ech richteg esou. Ech hun hei vill beigeléiert obwuel ech mir aus " perséinlechen" Grënn virgeholl hun just nach hei ze kommentéieren an keng Fotoen méi erop ze lueden. Awer daat huet neischt heimat ze din.
m-otiv 05.04.2010 - 23:49
Bleiw awer op flickr smile
Shantideva 05.04.2010 - 23:51
Jo, wéis du secher gesin hues hun ech haut do nach eng Foto erop gelueden... closed_eye
gtaddei1 05.04.2010 - 23:47
closed_eye
Daat maachen ech och an lauschteren jidderengem no.
A propos HDR... eng technik dei Genial ass mé et brauch vill training fir daat d'Fotoen Fotografesch ausgesinn !
Dourno den normalen Post-processing ewei den Shanti, ech oder Suraki (ouni HDR ) oder och nemmen am banalen Portrait ass eng aaner Saach... daat geheirt der Foto haut ewei fréier den Labo, Filteren oder soss esou eppes.
Den Horizon... wei du wells mé den refelt kriss du dropp matt 1/3 - 2/3 --- mé daat ass hai awer relativ... ech maachen och gären 1/2 - 1/2 an daat ass justifizeiert nemmen dann (vun engem Fotografeschen point de vue ) wann daat der Foto eppes méi brengt... an daat ass wouer an denger.
m-otiv 05.04.2010 - 23:56
Ech waar haut fir deischt an mengem liewen uerbexen smile
ganz alleng ouni ziel...
Wäert se des woch uploaden, an do kënnt dir dann esou richteg d'sau eraus lossen bigsmile
ech posten, dann direkt eng xanax, an e bessi yoga... An ech waarden "peace" op är rotschléi bigsmile
gtaddei1 05.04.2010 - 23:59
Vito ... alleng? gudd Idée... mé ech hoffen dass nett an der CT woarst... well do ass nett mei Urbexen mé én Ausfluch ewei op remerschen ... sceptical
m-otiv 06.04.2010 - 00:21
Ween Huet nach keng fotoen vun der CT oder de Neuen teather?

Majo ech smile
ne hun eng aal scheune fond haut, ech mengen do hun Oder liewen leit. Vill schong an muscht an an an ... Kanns op flickr lussen wanns de wells.., e bessi inspireiert hues du mech schon, mä do spillen ech mam feier
gtaddei1 06.04.2010 - 00:26
Ginn luussen
gtaddei1 05.04.2010 - 23:31
Jo et ass e bessi manner Satureiert.
Mé hai ass och den Tonalen Kontrast ze stark ... fannen ech Allzäiten.
Esou eng Foto hunn ech läscht Joer op 1 Concour gescheckt an den Verdikt woar ... eng Katastroph --- 12-12-9 vun 20
Daat gefällt nett oft hescht daat ...
Shantideva 06.04.2010 - 00:14
...an iwerhaapt... (just fir ze steppelen iert ech mech an d'Bett leen gin)... Hei bei PG ass nach keen Meschter vum Himmel gefall... tongue
An d'Resultater vun den Concouren sin fir mech oft "äusserst" zweifelhaft, genau sou wéi bei der Eurovision. Mir kennen eis jo an ech denken dass du mir des zwou Äusserungen net béiss ophells.
Nilagraphics 28.02.2011 - 10:04
dei heiten foto huet eppes un sech, mir gefaellt se
just haet ech firgezunn wann den himmel sech net esou immens am waaser geif spiggelen (et laenkt iergendwei bessi oof) an d'stroumleitungen steiren mech och bessi mee dat ass eng saach vun geschmack ob een dei gae dran huet oder net (: mee awer am groussen ganzen eng flott foto! (:

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 495 Gäscht online