Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

et as keng Blancpain ...

 
et as keng Blancpain ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.04.2010
  • Gekuckt:
    42650
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/13 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    8.898 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    900x1150
  • Späicherplaz:
    599 KB
  • Originaldatum:
    2010:04:11 20:57:32
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot G11
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44467]
Kommentar vum Fotograf:
... Breguet, Rolex, Breitschwanz, Ebel, keng Perregaux, Glashütte oder IWC an nach manner eng Maurice Lacroix, Jaeger-LeCoultre oder Omega, ... wär et awer eng Patek Philippe gewiercht .... wär ech d'Molette siche gangen !!
Ech si mer just secher dat et nach eng gud aal méchanesch war. :)

( ech warden nach emmer op aner Biller, ... daje ... der Zwée ... mm also éichter dräi .... ah zwou Grupgen , ups véier Léit .... né do war och nach den .... wéi hécht e nach ? derzougestous. Quatsch ... Zwee wollten haut nach e Bild weisen *lol* )
Shantideva 11.04.2010 - 21:41
Flott Bea an schon erem mat der G11. Firwaat schleefs du déi aaner iwerhaapt nach mat? smile Ween mengs du dann mat "Zwee". Do waren nach drei aanerer hei vum Site dobei. Et war een flotten Daag obwuel ech an denen 6 Stonnen, ech mengen keng eenzeg anständeg Foto gemeet hun. Mais bon, ech war jo schon do. De Pano huet e Stitchingfehler. Den Desch huet awer gewackelt... unhappy Mol kucken ob ech daat eraus kréien an dann schecken ech dir e Link.
gtaddei1 11.04.2010 - 21:53
Doo woar e Stéénchen drenner oder d'Dauf ass ze déif geflunn ... Du wärst mir nett soen dass du doo neischt maachen kenns ... e klengen Hansabpflast ... et puis ass daat an de rai!

Ed... Blancpain ass Letzbuergesch gewiescht ... ech mengen dén wollt an dém Stil do waider maachen an dann hunnsen den Direkter fort gescheckt... et wär ze daier ginn "bigsmile"
m-otiv 11.04.2010 - 22:49
Stitchfehler daat kènnen Ech gudd (matt den miniplanets) ... Wann s'Du mir erlaabs eng kéier driwer ze kucken, sin elo firwezeg smile
hun e puer trix entwéckelt fir meng fäll fir (ball) emmer e perfekten 360 graad pano hinzekreien, och wann fehler am stitch sin
Shantideva 11.04.2010 - 22:57
Gären. Ech wollt eigentlech keen 360° Pano machen. Et war mir just em een Ausschnett gangen, an genau do ass och nach grad den Fehler. Hun och mein Panokapp benotzt an virdrun d'Parallax agestallt fir secher ze goen dass keen Fehler optrett. Awer ech stoung op engem Desch deen op engem Been e bessi gewackelt huet. Ech denken (oder ech sin secher) dass dodurch den Fehler entstaanen ass. Ech hun se schon als PSD mat den Layeren generéiert, awer ech kréien et och net sou hin. Ech sin och net méi sou a Form. Vieleicht geht daat muer besser. Op jidde Fall muss ech en nei generéieren well en schon geläscht ass. Et ass awer een 360° Pano (wou ech schon amgangen war....). Ech kucken vieleicht muer mol meng Punkten manuell ze setzen, awer daat get jo eng Heedenaarbescht. Wéi mechs du et an mat waat schaffs du (ech hun PTGui).
m-otiv 11.04.2010 - 23:07
Ech och.. PTGuiPro... Jo wann et net klappt maachen ech kontrolpunkten manuel, an och wann ech een verpasst hun, dann layers am PS... Ass e bessi méi handaarbecht mä bei planéiten geet daat nët aanescht (do ass et nach mei oft de fall dass den stitch net setzt)
suraki 12.04.2010 - 20:26
do kann ech nët matschreiwen, mat ierch Zwee unhappy , ech kënne net genuch derfun ? smile
suraki 12.04.2010 - 20:22
Ech wés Gennaro closed_eye ech hat esou gueren déi schéin Rousenholzkëcht am Grapp an konnt déi sechs wonnerschéin Aueren begrappschen, déi do am roude Samett virun mir lungen, fir all Dach eng Ahner ! Mein onerréchbaren Favorit as den tourbillon ... ok ech halen elo op mat drémen a kucken op " meng " !!!! 7ent Auer vun him aus der Schatulle, déi fir Sonndes ! Wéi sot hien ewéi e gefrot gin as .... virwat nëmmen sechs, a wat di mer Sonndes un ?? .... eng SWATCH sét Hien dann mat engem grinsen an Gesicht closed_eye
suraki 12.04.2010 - 20:02
den Desch huet gewackelt ?? ... ausrieden , meng G huet ké Stativ an ech wackelen ( nach zidderen ech nët, gelle !!!) méi ewei déin Dech do wann ech freihänneg Panoen machen tongue Also kuck dats de eppes draus mech'sbigsmile
Shantideva 12.04.2010 - 22:58
hahaha.... An ech hun en awer hikritt.. géi mol op den Luxurbex kucken... tongue
suraki 12.04.2010 - 23:17
dat machen ech smile
McQueen 11.04.2010 - 21:47
Du hues nawell e gudden gout war Aueren ugett, Ed smile
suraki 12.04.2010 - 20:27
jojo, mé de "gout" alleng geht nët durbigsmile
dukefrog 11.04.2010 - 22:18
Schéin technesch Foto.
Eng Auer gesin ech zwar net, nemmen Manometer, wahrscheinlech vun der Mark "Wika" smile
suraki 12.04.2010 - 20:31
mmm .... alles wat ronn as an en Zär huet ... as dach eng Auer ?bigsmile
"Wika" foen ech muer emol an menger bijouterie, ... wéi lang geht se, wann se ganz opgezunn as ... hehe
m-otiv 11.04.2010 - 22:52
Super suraki-like... Du hues définitiv dein markenzéchen an deng fotoen brauchen keng ennerschreft méi (Oder eng Rum bigsmile)... Esou wéi een en Dali ennert 1000 biller erem erkènnt
Gaga 11.04.2010 - 23:18
so deem daat och nach ! pfff .... geschwenn flit en es fort !
bon,
se as net schlecht !
sad
suraki 12.04.2010 - 20:41
natierlech, steppel du roueg weider ... bla bla bla smile
Gaga 12.04.2010 - 20:43
Ed, du wees net wei frou ech sin dat ech mat Dier een fonnt hun deen mech versteht !

smile
suraki 12.04.2010 - 20:39
lo hal awer op Vito, meng Aueren hei déi hänken dach nët iwert de Schieberen an drëtonguesen lénks a riets erof. An dann den gréisten Ennerschéd techt dem Dali a mer, (enner eis) ech mache jo bësser Biller ewéi hienbigsmile dat as jo kloer , .... mé hien huet emmer besser verkaaf, ...ech selwer hu nach nie e Sou fir e Bild vun mir krittbigsmile
Jeanny 12.04.2010 - 07:36
wonnerbar Edy
suraki 12.04.2010 - 20:41
merci Jeanny
Laurent76 12.04.2010 - 08:53
Gudd Foto, an och dein Wessen iwwert Aueren ass net vun schlechten Elteren....
suraki 12.04.2010 - 20:42
ech wéil ech gif manner driwer wëssen an ech hät der méibigsmile
thx Laurent
Laurent76 12.04.2010 - 20:56
Daat stemmt och alt nees... closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 483 Gäscht online