Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

End of all days to come

 
End of all days to come
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.04.2010
  • Gekuckt:
    21381
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f11
  • Brennwäit:
    11 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    1024x680
  • Späicherplaz:
    336 KB
  • Originaldatum:
    1.04.2010
  • Fotoapparat:
    D300s
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:
stativ. polfilter

Fir anzesetzen: [pg_img=44475]
Kommentar vum Fotograf:
fir se méi schaarf ze gesinn, bitte drop klicken...
et ass mein éischte Versuch am S/W...merci fir är konstruktiv kritiken
gtaddei1 12.04.2010 - 09:35
Et ass eng flott douce veraarbeschtung, mé durch d'Kontrat applicatioun geschitt daat de Bësch ze donkel gett... ech geif dén e ganze bessi ophellen , an den Forground e bessi oofdonkelen (dén wirkt baal méi hell ewei den Himmel.

Soss ass alles flott.

PS: huel dei Elektresch Poteauen ewesch , wann et nett zefill Gepidels gett... Am Fong stecht dén am Golden Point an et ass daat eischt waat én gesait.
m-otiv 12.04.2010 - 09:40
aiai captain....den owend huelen ech d'pinselen eraus smile
gtaddei1 12.04.2010 - 10:02
Vous pouvez disposer "angry"
ludiol 12.04.2010 - 12:25
Ech muss dem Gennaro Rescht gin! Hien huet schons alles gesoot. Fibonacci lässt grüssen
m-otiv 12.04.2010 - 12:38
merci smile ... who the f...is Fibonacci??
McQueen 12.04.2010 - 12:45
deen huet sech mat Zuelen amuséiert...deen haat keen Digitalen Knipsapparat wei mier.
Ech vermessen nach eng Foto vun Dier hei smile
m-otiv 12.04.2010 - 12:47
muer ass och een daag (villaicht)
ludiol 12.04.2010 - 14:37
Also, den Fibonacci ass en Mahematiker aus dem 12.Jh deen sech ennert aanerem mam gëllenen Schnëtt beschäftegt huet. Méi net. Nozeliesen z.B enner http://de.wikipedia.org/wiki/Goldener_Schnitt.
Fir eng iddi ze hun, waat den gellenen Schnëtt nach sou alles ass, wéi nemmen Fotographie.
m-otiv 12.04.2010 - 14:42
Ah, jo regles des tiers... Wosst net vun weem daat koum mä wosst dass et och an der molerei ugewänd gouf aert et iwwerhaapt photographie gouf
Gaga 12.04.2010 - 23:55
nee, la règle des tiers as net den gellenen schnett vito !
http://www.einpraegsam.de/2008-11-18/der-weg-vom-schnappschuss-zum-foto/
m-otiv 13.04.2010 - 00:05
eh hallo? ¨
"Die Drittelregel Der goldene Schnitt" sou fänkt dein Artikel un

eng linn ass de schnëtt an die 4 punkten wou d'linien sech kraizensin d'golden points... oder henken ech op der leitung?


Gaga 13.04.2010 - 00:07
och daat liesen waat drenner steht Vito !bigsmile !

Da diese Beschreibung in der Realität recht schlecht zu merken und umzusetzen ist, wurde der Goldene Schnitt etwas vereinfacht als Drittelregel dargestellt und beschrieben.

De gellenen Schnett get mat enger Spiral an engem Rechteck fun 1:1.618 (mengen ech opgebaut, an as mega kompliqué !bigsmile !
also (1 racinede5)/2 ! fier genau ze sin !


m-otiv 13.04.2010 - 00:12
jo dann passen ech eben smile merci Fibonacci fir deng hëllef bigsmile
Mä wanns'Du mir elo sees dass du dir seng spiraal do beim knipsen virstells fir méi en harmonecht bild ze kréien, dann kaafen ech dir daat net esou ganz of...oder hues du do eng iPhone app (es gibt eine app für alles) bigsmile
Gaga 13.04.2010 - 00:22
nö, ech hun mer eng Spiralförmeg quadratschabloun gemach fier als Ennerlag am Fotoshop !
mais wanns de wees dat 61% den 2/3 fun der gellener lin sin,
kanns de der mat hellefslinen am PS ganz gut hellefenbigsmile !
mais ech ronnen och emmer op 66,6% opbigsmile !
m-otiv 13.04.2010 - 00:25
ech pèche mir d'spiraal um sucher bigsmile
Gaga 13.04.2010 - 00:26
haha de bass du net !!!!

duerno get alles schief ...

mais et get e puer där geschirrer :

# 2.3 Goldenes Rechteck und Dreieck
# 2.4 Goldener Winkel
# 2.5 Goldene Spirale
# 2.6 Goldener Schnitt im Ikosaeder
m-otiv 13.04.2010 - 00:29
maach mech fäedeg....ech soen daat am gèck, an elo gët et daat wierklech bigsmile
ludiol 13.04.2010 - 07:07
goldene Spirale, daat klengt e bessen wéi en Verhütungsmettel fir Milliardàren smile muaaahhahahahahaha
ludiol 12.04.2010 - 14:44
Kennt unsech och net vum Fibonacci, me deen huet eng relativ einfach Formel entweckelt, di ganz no do dru kennt.

0,1,1,2,3,5,8,13,21,34, etc
m-otiv 13.04.2010 - 00:18
waat dir alles wësst smile merci, also Ech zéien mir daat eran...merci fir d'info smile
suraki 12.04.2010 - 23:47
Vito , ech ka mech nët demadden ufrennen, an dat schlemmst ...
ech kann der nët emol erklären virwat.
Shantideva 12.04.2010 - 23:51
Fehlt vieleicht een Sujet? Ech wees et net awer bis op den Stroummast zitt neischt richteg mein Bleck un, oder besser ech gin net richteg durch d'Bild geleed. Kéint et daat sin? Ech sin mir hei och net sou secher.
m-otiv 13.04.2010 - 00:15
ok...poubelle smile ... next smile...nee muer posten ech nach 2 an där richtung matt villaicht e sujet...suspens
suraki 13.04.2010 - 00:17
fir mech as et och iergend wéi ... eidel ?

m-otiv 13.04.2010 - 00:20
an wéi ass et matt der S/W veraarbechtung (hors kompo lack of subject) ?
Ed, du bass jo mega gudd doranner...an hei ass mein 1ste versuch
suraki 13.04.2010 - 00:32
Vito , fir mech !! as et e bessen zevill dés Gudden. Den Himmel passt (erem fir mech!) nët hei an d'Bild eran .... Né ech kann dat nët eklären wells du aner emotiounen un déer Foto hänken hues.
m-otiv 13.04.2010 - 00:39
Keen probleem Lordicarus closed_eye ... bei mir brauchs Du keng pincetten... ech verkrafften daat schon smile also d'iddi war verwüstung post apocalypteg atmosphere (also eben eidel) matt déck (toxeg) Wolleken an d'graas waat esou platt an d'waasser leit (wei no enger atomescher explosioun)...dann wier waarscheinleg guer kee graas mei do smile
Hun se extra hei gepost, wäll se op Flickr och keen succes haat, keng awards, keng invites to join groups etc, dofir wollt ech verstoen virwaat
Shantideva 13.04.2010 - 09:17
Oh, d'Awards an Invities ass eng Sach vun Fund. Ech sin emmer immens virsichteg mat denen Gruppen wou steht (Post 1, Comment X). Wanns du se an sou eng Gruppe setz kriss zu zwar deng Kommentarer voller Awards an Billescher, awer et ass neischt brauchbares dobei. Dann kritt een just Kommentarer well een Kommentéieren muss (oder besser soll - et muss een bekanntlech jo just stiewen).
Zur Foto: Fir eng Weltennergangsstemmung ze kréien misst se vill méi düster sin. Kuck mol déi lescht vum Spako. An déi Richtung misst se verschafft gin.
m-otiv 13.04.2010 - 00:23
Tutorial Alert!!!
merci un all smile fir är super produktiv Kommentarer smile op dëser foto seng Kommentarer sin esou vill infoen an experienz smile ... daat ass jo e ganze kuer..
Merci wierklech smile
suraki 13.04.2010 - 00:34
Jo esou gesin ech et, e Bild an dém immens vill probeiert gin as , an et as och alles gelongen
.... mé, ... et hätt nët Alles derfen sin closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 513 Gäscht online