Hmmmm? Gaga? An eiser westlecher "Welt" ass lenks "vir" (Edit: also den Ufank). Alles get vun lenks no riets "gelies". Wann een eng Line vun Lenks no Riets opsteigend weist heescht se eppes positives, awer wann se vun lenks no riets fällt léisst se e negativt Gevill aus. Daat kennt dovun dass mir gewinnt sin vun klengem un vun Lenks no Riets ze schreiwen an liesen. An aaneren Länner ass net emmer sou.
Ech mengen ech stin e bessi op der Leitung bei dengem Kommentar. Kann daat sin? Oder mengs du eischter dass den Feil no hannen weist?
Mir perséinlech falen zu desem Bild (inclusive Titel) folgend Zeilen an:
"Doit-on se courber encore et toujours pour une ligne droite ?
Prière pour trouver les grands espaces entre les parois d'une boîte
Serait-ce un estuaire ou le bout du chemin au loin qu'on entrevoit
Spéciale dédicace à la flaque où on nage, où on se noie"
(A l'envers, à l'endroit vun Noir Désir).
jo du heus recht JC, mais ech mengen et effektiv , wei ech och soot "en pfeil deen no hannen weist !" oder zereck un den Ufank, waat eichter bei dein kommentar passt !
Wei beim Kassettenrecorder, oder fier dei mei jonk, den Minidisk, oder fier dei ganz jonk, um CD-player !
lenks heescht bei eis "zereck", "no hannen", "zum Ufank"
Awer och "hannerzeg" (gouf et jo och bei besseren k7teplayeren !
t'waasser soll normalerweis an den gulli laafen, net eraus !
an den torschong benotzt een dobanennen, net dobaussen !
Le monde à l'envers ... alles verkeiert eben hei um Bild !
Ah OK, also hat ech dech awer richteg verstanen obwuel ech een Doute hat. Sin och denger Meenung an fannen et emmer interessant ze gesin wéi dem Maimonides sou Sachen an Ae faalen fir se festzehalen. Dofir muss een wirklech den Moment erliewen an net gedankeniwerströmt durch d'Géigend laafen.
Du wars deen 1. deen gëäntwërt huet, Gaga,
an duerfir soën ëch dir,
dëm Shanti,
an dëm suraki
ën décke Merci
fir di flott comments.
Wann een awer iwer ësou eng Foto schéi Geschichte ka schräiwen, da sin dës Geschichten nach méi schéin wann ee weess dass dës Foto, am Fong geholl, ganz banal an trivial ass. Zu Paräis gin d'Reversen gëbotzt mat dëm Waasser wat aus dëm "Gulli" ëraus leeft. Fir dass dat Waasser awer di richtig Richtung kritt, gëtt eben deen Torschong dobäi gëluecht.
Wat mir bäi dëser gutt gëfall huet, dat war dee "Pfeil", ...an di aaner Richtung.