"A", den éischten Buchstaw vum Bebé sengen Virnumm, méi get net verroden. Kritiken sin wellkomm, well als zukünftegen Papp ass een souwisou verschoss :-)
Wann deng Fra am 8ten Mount ass fannen ech Foto net grad "optimal" gerooden well hei deen dach relativ decken Bauch irgendwou ennergeet.
Meng Fra ass am 4 Mount an do ass den bauch schon mei deck wei en ob déer heiter Foto bei denger Fra am 8ten wierkt. (Ech kann wuehl unsetz erkennen ennen bei der Box mee kloer eriwer kennt et net, fannen ech zumindest, zumindest dann wann ech nach vun der eischter Keier wees wei "rieseg" dei "Denger" do sin am 8/9 Mount.
Sorry fir daat vill Gemerkers bei engem Thema wou een daat evtl net verdreit
Ma ech hu mer daat selwecht geduecht, et ass zwar do op der Foto réischt am 7. Mount gewiecht, mee effektiv fannen ech och dass den Bauch net deck genug ass. Ech muss vläicht mam Liquify tool e bessen an d'Breet zéien. hehehehe.....
Menger Fra gefällt se well den Bauch grad net su déck ass. Me bon du wees jo wi daat bei hinnen ass. "Stuppi fenns de dass ech déck sin?"
Jade, ech gin definitif net mat Liquify Tool dru schaffen, den But war och net onbedengt d'Gréisst vum Bauch ze weisen, mee effektiv dass op d'Kand gewaart get. Ech hun der nach ähnlecher mat enger aanerer Perspektiv, ech haat di dooten verschafft well se menger Fra am Beschten gefall haat.
Ma di éischt Foto vum Bebé (mam Numm) kennt natiirlech op PG. Ech hun nach eng Partie aaner Fotoen, meng Fra well awer net bei allen dass ech se veröffentlechen. Hei kruut ech den Accord.
Fannen daat ëmmer flott op en Bébé ze waarden. Bei eisen waar ech leider nach nët vum PG-Féiwer ugestach an hun keng sou schéin Fotoën vun menger Fra hierem Bauch gemaat.