Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kén Urbex

 
Kén Urbex
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.05.2010
  • Gekuckt:
    23222
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    30
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    580XII
  • Beliichtung:
    Soft vun Lx,
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    217 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    50 mm 1.2
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45529]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Prise matt engem 50 mm op engem Full Format.
Präsenz vun Liichetem Brétwenkel Effekt.
Nicon07 18.05.2010 - 21:54
Et ass keen Urbex, sécher, awer et ass eng edel Foto. Einfach a propper, näischt Verschnörkeltes oder Gekünsteltes. Natirléch a flott. Sou ee Genre vu Portraiten gefaale mir ganz gudd.


gtaddei1 18.05.2010 - 21:59
Minimal geschminkt, baal en Snap (et ass kén) well d'Médchen soss ze vill konzentreiert woar op seng expressioun ... Merci fir deng Wieder
Nicon07 18.05.2010 - 22:10
Ech ka mir dat virstellen, datt et net einfach ass, fir sou einfach Fotoen hinzekréien. Ech weess aus Erfahrung, wéi d'Leit reagéieren: entweder ass et: Grimass a blintzel:"Dajee, mach virun!" oder et ass: "Wat sin ech dach esou photogen, wow..." an d'Nues weist no uewen. Oder - ganz schlëmm - handyselbstbildnisgrinsen... unhappy An ee snap sur le tas, do erwëscht ee meeschtens di grimassöst Gesiichtsausdréck, wann een dat sou ka soen. Dofir gefällt mir des Foto jo sou gudd.
gtaddei1 18.05.2010 - 22:18
Et ass net extraa vun der Luucht aus , étant donné daat d'Luucht dirigeiert ginn ass vun engem aaneren fotograaf... ech hunn de flash geklaut wann dén Aaneren gerad eppes aanersters gemét huet oder den Model dirigeiert huet ... Dofir d'aan e bessi aus dem Wenkle an d'Schieter (dei net esou désgrable sinn ) .
Ouni unzeginn, d'Médchen woar frou fun sengem Shooting seff dei vum Fotograaf seff dei vun mir
Shantideva 18.05.2010 - 23:37
Wann schéin Leit op gudd Fotografen treffen dann bedarf et kengem groussen Schnick-Schnack fir dass alles passt... closed_eye
Daat do erennert mech dach un den leschten Week-End... do waren dach och e puer sou Leit zesummen getraff. Awer daat hei Resultat ass méi "subtil"! bigsmile
gtaddei1 19.05.2010 - 00:55
Jc ... also vun dir gesoot ze kreien ... gudde Fotograaf ... ass jo eng E'ier confused,,, d'Gefoor ass daat ech och nach drunn glewe keint an daat ass nie gudd... Du wéés jo ewei d'Italiener sin kennen ... closed_eye
De Merit ass hauptsächlech vill deint , mé ech muss absolut zouginn daat och verschidden aaner PG posteren meng Fantaisie erwescht hunn an , ouni se noozemaachen, mech inspireiert hunn.

Mamm Carine asw woar et och eng onvergiesserlesch Experienz wou , wann d'Lait loscht sech flott mat enén ze amüseieren hunn dann kann eppes flottes dobai eraus kommen
1- http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/4613317596/
2- http://www.flickr.com/photos/shantideva/4618446956/

Subtil... jo villeicht... mé den 1- an 2- hun och eppes an sech waat iwerhaupt net banaal ass an zemool den 2- ass supeverschafft...

De Schnick Schnack... komesch ewei esch mech dess Woch dogeint wieren ... ewei én Don Quichote villeicht , mé wärd et weider maachen fir e bessi ... gucken el^mool waat dobai es^raus kennt.
Shantideva 19.05.2010 - 10:26
Bleiwen wärt daat emmer (Schnick Schnack, wéi mir et elo nennen), awer et ass jo sou dass daat den eischten Moment een Wow-Effekt ausléist. Beim zweeten Kucken denkt een sech... "hmmm do stemmt eng net". An beim dretten Kucken fennt een et net méi gudd. Wann daat net sou ass, dann huet een "nach" keen gudd Ae. Awer "Don Quichote" stemmt... obwuel et wichteg ass mam Fanger op sou Sachen ze weisen fir dass zevill Schnick Schnack net irgendwann als "Fotografie" bezeechnet get, well daat ass et jo net méi, laut dem richtegen Senn vum Wuert. Mais bon... ech wollt mech eigentlech hei kleng haalen, an elo halen ech awer erem een ganzen Discours... sceptical
gtaddei1 19.05.2010 - 11:43
Ben du huess genau de fanger op d'Bless gemét...
De Schnick Schnack ass jo net den Post-processing well daat ass d'Donkelkammer vun haut.
Am Fong hunn ech guer neischt geint de Schnick Schnack wann et matt Gefill , Proper, an matt Gleichgewiicht. Et ginn Digitaal Compoen dei einfach emwerfend sinn ... de Wow Effekt ass do einfach d'Icone ann sech an nett én Artifiziellen gepushten unreell Farwencompo.
Wann én elo séét daat den HDR "verschafft" ass an zefill ... ass nett wouer. Den HDR get engem d'Opportuniteit alles emmzesetzen waat Digitaaldonkelkammer ass... daat héescht dei Fotoen sinn esou platt daat én alles dorausser zeien muss...
Oh jé ech mengen daat én Argument fir an engem flotten Samsdesch Metten Symposium ze diskuteiren
Shantideva 19.05.2010 - 11:58
Jo, mat Wow-Effekt hun ech och effektiv schlecht manipuléiert Fotoen gemengt. Obwuel ech jo selwer genuch mam Photoshop schaffen probéieren ech mat mengen Manipulatiounen dem Bild een zousätzlechen Wert ze gin, andems ech d'Kontraster verstärken, etc. Déi digital Dunkelkammer eben. Awer als Schnick Schnack beim HDR (z.B. - obwuel HDR per se jo keen Schnick Schnack ass) zitéieren ech gären den Ferrell McCollough: "Give an image an unnatural appearance by creating strong tone reversals and halos and most people will say, "Wow!" for the first 10 images. After 20 images they'll say "not so sure" and by 25 they'll say "shoot me!"."
Den Wow-Effekt bei enger gudder Fotographie bleiwt och een Wow-Effekt wann een se 100 mol gesin huet. Awer daat huet elo jo iwerhaapt neischt méi mat denger Foto hei ze din.
gtaddei1 19.05.2010 - 12:28
Jo JC, sinn absolut denger Méénung... ech hunn villeicht 2 oder 3 Fotoen mamm Typischen HDR effekt geméét... dann awer néés ganz schnell eroof komm vun dém trip. Ech hunn mir selwer gesoot waat daat wier. Dann hunn ech én Artikel gelies vum Inventeur vum HDR gelies (Den Numm fällt mir elo net an) . Hien huet eppes ganz einfaches gesoot... " den HDR ass um service vun der Fotographie an vum Digitaalen Apparat. Et soll hellefen d'Limiten vum Digitaalen Reflexe ze corrigeiren.... hien huet dann den terme True Tone erfonnt zum geigensaatz zum Photomatix effekt dén och Mickeymouse oder och Illustrativen Effekt genannt get.

Dann, d'Filteren , Plugins, asw asw... dei sinn och um service vun der Normaaler Foto ze considereiren... asw asw..

Fazit: Alles ass flott wann et sech un den Fundamentalen Regelen haalen vun der Fotographie , Artdesign, oder Peinture...
Dei leschten Saatz résumeiert am Fong meng ganz Visioun fun der Foto mé awer och fun den Effekter
pfoto 19.05.2010 - 11:11
Einfach as einfach gudd !!
gtaddei1 19.05.2010 - 11:44
merci ... mé einfach ass nett emmer daat einfachst
xaph32 19.05.2010 - 11:20
jo dat as eng fir den 2. blëck closed_eye
schued ass dass een déi dacks nët wouer hëllt well een eben zevill "schnick schnack" gewinnt ass
closed_eye
gtaddei1 19.05.2010 - 11:51
Exzellent remarque... daat ass eben geint waat én sech villeicht wieren misst ... datt ais "sensen" esou conditioneiret ginn op daat "staarkt" daat én einfach alles muss stark gepeffert an gesalzt hunn ... mé ewei schweier ass de Minimalismus, oder daat einfaacht... oder och nach daat komplext ze vereinfachen?... Kuck emool de Caravaggio ... herrleschen detail, kontraster an Luucht spill... Kuck emool de Klimt... Schnick Schnack mé fantastesch einfach... kuck mool de Paul Klee ... strecher an Punkten mé alles matt Regelen ... asw asw...
Daat soll elo nett eng Hymn op dess foto sinn... um Gotteswellen ... dei ass jo net esou gudd... mé kuck emool d'Jay... dei probeiert matt einfachkéét én gefill mattzeginn ... an nett matt Schouberfouer Effekten.
Maimonides 19.05.2010 - 23:17
Ech si mol gespaant, Gennaro, weivill Lait mam Kapp no rechts gebeit do soutzen fir dee Bleck vun daer Fra richtig koennen ze gesin an ze verstoen. Durch di duebel Diagonal (Aen an Nues) get dai Portrait richtig interessant, an de Kadrage ennerstraicht dat. Sou ee Portrait wei deen do geif duerch Schnickschnack total zersteiert gin.
Weins denger subtil einfacher an diskreter Approche gefaellt dese Portrait mir super. An dat e bessen "Schelmigt" an deem Bleck ass de Clou.
gtaddei1 19.05.2010 - 23:43
Charel , dein Kommentar ass mir vill Wärt. Du bass , ewei e puer aanerer , dei vill gefill hunn , dei verschidden saachen aus dem Bauch eraus soen (ouni jeux de mots) ... Et ass eng Eier un dir vun Shanti vum xaph an och vum Pfoto esou ewei den Nikon 80 esou flott kompliemter gemét ze kreien...
Ech wés nett virwaat mir daat esou vill fréd mecht... mé et mecht mir fréd .
gtaddei1 19.05.2010 - 23:43
Erklär mir 3 schelmigt* weg ... é Wourt dén ech geschwenn waider wés
Maimonides 20.05.2010 - 14:33
ein Schelm = e Lausbouw
an dat "lausbouwemeissigt" get dengem Modell e ganz interessante Charakter: et ass also keng elegant "Poeppi".
closed_eye
gtaddei1 20.05.2010 - 16:09
Haat daat rischtech interpreteiert , dem Kontext no... Ech hunn menger Fra gesoot: Kanei mia poniri Faccia (schlaut gesiit)
Maimonides 20.05.2010 - 20:08
Et ass awer net "schlau" gemengt gewiescht.
So denger Fra dat hei: "kee banale Modell, also keng Schabloun, mais e Gesicht mat Charakter an engem ganz perseinlich private Charme. An doduerch och nach ganz e besse sexy."
Mais iwersetz dat elo awer richtig.
closed_eye
gtaddei1 20.05.2010 - 20:14
Mé e Laisbouw ass dach e bessi schlau ... nu jé ech iwersetzen de Wourd "schlau" vum italieneschen wou mir dann Furbetto soen (an nett Furbo) ... also ewei én Lausbouw... e bessi hannerleschtesch... oh la ech wärd daat wourd jo mool richtesch verstoen.
De Modell ass meng Niiess ... an sie gett an e puer Wochen eng Kollegiin vun ais ...
Also , ech fillen daat selwescht ewei du ... an stell die mool vir... meng Fra wou si dess foto gesinn huet , huet och effectivement de Kapp inclineiert an leiw geschmunzelt... Daat mamm sexy .. keng angscht ... ech wéés waat du domaden mengst an et waert richtesch iwersaat ginn oder plutot matt gedélt
Maimonides 20.05.2010 - 20:28
Deng Niess ass keng "Blimmchen",
esou keint een et effektiv och soen.
closed_eye
gtaddei1 20.05.2010 - 21:21
Merci fir sie ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 622 Gäscht online