Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Smoking is shit

 
Smoking is shit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.06.2010
  • Gekuckt:
    24896
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    5.1 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x601
  • Späicherplaz:
    147 KB
  • Originaldatum:
    2010:06:14 17:23:48
  • Fotoapparat:
    DMC-LX3
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46349]
Kommentar vum Fotograf:
Rothaar 14.06.2010 - 22:39
Fannen hei sin net nemme d Zigsen schaiss ... :/
Femmen as net gesond ok, mee bon, sorry...
klex 15.06.2010 - 04:51
mee wou e rescht huet, huet e räscht smile
Nemo 15.06.2010 - 11:00
Naja fir de Kolleegen am Soff eng Keier ze weisen fannen ech se gudd, mee fir en Site deen sech jo sou drop behaapt nëmmen artistesch gudd Fotoen wellen z'akzepteieren fannen ech dat do en massiven Schlaag no hannen.

Sorry, as nix perseinleches, mee hei sin schon Fotoen refuseiert gin dei definitiv awer besser a manner degueulasse waren wei dei doten. An zum krönenden Abschluss as se och nach net scharf.....:-S

Virun allem als Start op PG hätt ech mer eppes erausgesicht wou d'Leit net just de Kapp driwer musse reselen. Sin iwerzeegt dass de mei drop hues wei dat doten closed_eye
Locke 15.06.2010 - 12:47
gin där do mol vollkommen Recht
suraki 15.06.2010 - 16:59
et ass e Schlach an d'Gesitt fir Léit déi di eng oder aner Foto schonns refuséiert kritt hunn. Mee och eis Administrateuren wëllen ewéi verschidden aner Usere eben e bëssen provozéieren, ob et elo Frae sinn déi sech am Bësch huppen, oder oder .... ënnert dem Numm Konscht kann een eben ewéi schonns esou oft bewisen, all Schäiss verkafen.

de But ass awer erëm erreecht, e Bild .... pardon, eng Foto mat erëm villen Umierkungen.
(et get awer elo fir dech ganz schwéier en Bild erofzelueden dat duerch seng Kreativitéit genau esou vill Unmierkunge kritt ewéi dat Startbild hei closed_eye )

ech versti selwer net firwat ech mech elo maträisse gelooss hunn hei iwwerhaapt eppes ze hinzeschreiwen ??
Donkey_town 15.06.2010 - 22:35
Déi Photo huet 100% net déi Faarwpracht wéi deng Photoen an och technesch ass déi Photo ganz simpel. Ech hätt solle meng Motivatioun zu dëser Photo sollen ausdrécken, wat Mëssverständnisser aus dem Wee geraumt hätt.

Ech empfannen meng Foto definitiv net degeulasse, mä: "Les goûts et les couleurs ne se discutent pas!"
suraki 16.06.2010 - 12:51
du hues just verpasst en Kommentar mat denger Motivatioun drënner ze schreiwen an als eicht Bild .... mmm, na ja fir mech net esou glécklech smile

@ les gouts et les ....

do hues de Recht smile)
... Affaire de goût sot den Af,
... do huet en an d' Seef gebass

ok, dann loosse mer nach fläisseg weider liesen.

ech wënschen der awer nach fill gutt Biller hei op PG,
mat villen an interessanten Diskussiounen smile


OK-Photography 15.06.2010 - 15:32
provokativ, souvill steet fest! bigsmile

et as USECH eng Konzeptfoto, wann och aus dem ennechten Tirang. Als Fan vun KONZEPTER fehlt et mer hai awer definitiv un Kommentar an Déift, wat ech schued fannen!! (well dann bleift JUST nach Provokatioun...)

ëmmerhin....se huet puer Läit zum Denken bruecht....an wann och nëmmen iwwer dAktiveirungscritèren.... bigsmile
JADE 15.06.2010 - 15:43
ech mengen ech leien richteg, wann ech soen dass daat dooten Sch**ss ass! ... ne?

bigsmile

EDIT:
bon ... heiansdo ass shit och smoking ...
daat huet awer net déi selwescht Wirkung

closed_eye
Blimchen 15.06.2010 - 16:37
Also ech hunn mech elo gedrëckt fir hei en Kommentar ze schréiwen, mee wann ech elo d'Meenung vun denen Anneren liesen muss ech mech nemmen denen uschléissen.
Fannen d'Foto wierklech éckelech. Déi eichten Kéier wei ech se gesinn hunn war ech am gangen en Kichelchen ze Iessen an mir war den Appetit bessen vergangen.

An dann muss ech dem BlackPanther komplett Rëcht ginn. Wann en esou eng provokant Foto online sëtzt muss en dach puer Wieder do driwwer schwëtzen an erzielen wéi en zu der Idee kënnt.

Ech sinn selwer och keen Frënd vun Zigaretten an hier "Noweihen". Mee ech mengen et gët den Léit firun An gefouert dass et en Risiko ass wann en un enger Zigarette zitt. An dann ass et hieren Choix. Mee fir dat elo mat irgendengem Katzendrëck ze vergleichen... mhh fannen ech perséinlech net esou flott.

Mee erziel eis mol deng Idee!!

Sou ech kéint nach vill mei schréiwen ... mee ech mengen elo gët mol duer smile
Mir wëllen dir den Spass jo net un der Photographie eweg huelen.
JADE 15.06.2010 - 16:44
"An dann muss ech dem Jade komplett Recht gin ..."

euuh, ech hun awer naischt esou gesoot ...?
Blimchen 15.06.2010 - 17:09
upsi dem Blackpanther closed_eye
Sorry
OK-Photography 15.06.2010 - 17:32
@JADE: yay *wins*

eh...ok... bigsmile
Blimchen 15.06.2010 - 17:33
? häaa
JADE 15.06.2010 - 18:39
jo ... häh? ................ ?

eng Goldmedaille fälleg villaicht? tongue
suraki 15.06.2010 - 18:57
net ganz, eng Mentioun op Sch...(léif) pabéier gedrëckt tongue
OK-Photography 15.06.2010 - 19:48
harhar bigsmile an dem Fall hai wier däs nawell ganz praktech z hun....errhm....
Donkey_town 15.06.2010 - 22:01
Nodréiglech zu de Kommentare meng Ausso:

1) Déi Photo ass Tatsaach, Realitéit an net zesummegestallt. Meng Motivatioun fir datt ze fotographéiere war engersäits datt divers Fëmmerten net nëmmen de Leit hir Loft verpeschten, mä doriwwer aus och nach hiren eidele Pack an t'Natur musse werfen. Den Exkrement bekräftegt mech an menger Meenung, duerfir hunn ech déi Foto geschoss.

2) Vun all de Kritike war just eng technesch Kritik dobäi, déi ech 100% acceptéieren. Fir Leit déi Surflandschaften an Australien oder Kierchen a Südamerika fotographéieren ass dat sécherlech näischt.

3)Eng Photo soll ureegen, a wann ech t'Komentare liesen, schéngt dat jo gelongen ze se. Anersäits hätt déi Photo vun Ufank un sollte kommentéieren.

3)Merci un t'Maacher vu Photogen datt se déi Foto fräigeschalt hunn.
Shantideva 15.06.2010 - 22:14
Fir wat hunn ech Photogen sou gär??? Genau dofir... :D
Den Koup ass awer am Gëllenen Schnëtt... smile smile smile
Ech denken jo net dass du do eng "mise en scène" gemeet hues (igitt!!!), awer du wollts een Message mat denger Foto ausdrécken. Dat ass fir mech schon eng Ursaach firwat eng Foto sollt aktivéiert ginn.
Dass se allgemeng net op vill Appreciatioun gestouss ass wonnert mech net well se awer fototechnesch, an och vum Sujet schlecht ass. Do kanns du dech sécher nach verbesseren awer deng Idee, mat enger Foto deng Meenung auszedrécken, an domat ze kommunizéieren, ass OK.
Awer déi Foto ass eben just een Schnappschoss an dofir hues du och déi Reaktiounen kritt. Du hues awer bestëmmt nach méi "schéin" Saachen fir eis ze weisen, wou och een Message kann dran sinn.
Donkey_town 15.06.2010 - 22:46
Merci,

Du bréngs et op de Punkt, Schnappschoss, Technik a Message spillen hei net zesummen.

Ech hu mech bei Photogen.lu ugemellt fir ze léieren.
JADE 15.06.2010 - 22:56
du kenns mech nach net, daat ass normal closed_eye
mengersaits wor et "just" Ironie closed_eye
ech wosst naemlech guer net waat dozou schreiwen soen (bon, muss ech och net, OK)

ech wollt awer nach just eppes zu deem Message op der Packung soen, huet also och elo naischt direkt matt denger Foto ze din, sorry

perséinlech hun ech Schokola fir ze fr*cken gaeren,
an waat ech méi drop hingewisen gin wéi schlecht deen ass fir d'Gesondheet (dach, dach, an deenen Ausmoossen wou ech en fr**ssen, schon!), fir d'Linn (idem), etc ... waat ech méi Loscht drop hun
an esou geet et bestemmt och deenen déi gaeren femmen,
wann ech gesin wéivill daer Autocollant'en iwerall sin matt duerchgestrachenen Zigaretten drop ... ma ech verstin, dass et schwéier ass an deen Konditiounen vun der Zigarette lasszelossen
:-(

smile
Gaga 15.06.2010 - 22:40
dier hud daat allegeurten falsch verstaanen :
den Sch... as gezielt op den blöden Message gedreckt den mech zenter Joeren nerft ... ech froen och emmer dei päck mat dem message do, well leiwer eichter stierwen wei nie mei een heich kreien ... ups ! pardon fier dei oncharmant wieder !
PS : ech geheien meng Päck net an t'Natur, an och net den Plastik ronderem an den selwerpabeier, souguer den Filter probeieren ech emmer dohinenr ze geheien wou en net verknascht ...
ps : eng fro : waat schued der emwelt mei, den pack aus 80% pabeier an Alufolie, oder dei Tonn Gouderon dei do ennendrenner leit ?

PS : den Pack do geheiert och eindeutech engem Kiffer, an net engem Standart 0815-Femmert ... erem en message ?

PS : Edy : elo sin mer erem bei der Geschicht fun der Schlaak um Poteau, oder net ?

zum Schluss .... en Schnappschos, mei net .... alles anescht as eraninterpreteiert ... hei huet eichter t'Kaatz de luef verdingt ... et kann een nach soen : gut gesin, mei net !
xaph32 15.06.2010 - 22:42
message hin oder hier, dat steet jo schons op der verpackung dass et schiedlëch ass. ech sin déi anti-fëmmert diskussioun dëck leed, ech sin well rausfëmmen gaangen ier et an den restauranten verbueden war an hu mer een äschenbecher/dreckskëscht gesicht fir meng verpackung lass ze gin. ech géif dann mol pauschal soen dass et eben dreckssäck gin déi hieren dreck an d'natur geheien, me dat ass nët fëmmerspezifiësch. ech sin och lo nët beandrockt iwwer deng zivil-courage oder gesellschaftlëch kritik well den sujet huet well 20 joer um bockel an ass nët nei. beandrock mëch an déi aaner matt enger gudder foto
am résumé niewt menger bescheidener perséinlëch meenung, kënnt dann och nach déi technëch: d'foto ass an allen hisichten e bëssen "kaka"
Gaga 15.06.2010 - 22:43
lol ... edited ! closed_eye
salut awer en passant closed_eye
xaph32 15.06.2010 - 22:49
jo och salut, et misst ee mol rëm eng starten, vlait studio?
Gaga 15.06.2010 - 22:51
majo, so mer wou a weini ! closed_eye

desen mount as voll ... met juli ? 10ten doremmer ! smile
xaph32 15.06.2010 - 22:52
jep closed_eye
Rothaar 15.06.2010 - 22:46
Idem, wei schons gesoot ...
xaph32 15.06.2010 - 22:50
closed_eye
Donkey_town 15.06.2010 - 22:52
Hätt ech solle kommentéieren "Firwat sch... eng Katz op ee Pak Zigaretten?"
xaph32 15.06.2010 - 22:57
verstin dat do nët confused
mengs de dain titel? well e kommentar zu dengem "wierk" hues de keen gemaach...
an wou katzen oder honn hikacken brëngt mëch och am liewen nët wierklëch weider, me mir schwätzen jo vun der foto, gell?
McQueen 15.06.2010 - 22:52
d'foto ass net dei allerbescht, daat stemmt, mee wat mech mei stéiert, ass wat den Xaph schon gesott huet. Fierwaat mussen d'Leit hiren Dreck einfach op D'Stross geheien? Ech geheien neischt aus dem Auto, naischt op den Buedem an mengem Mupp seng Bommen rafen ech och op. All Daag gesin ech Leit dei hir Zigaretten an waat wees ech nach alles aus dem Auto geheien, daat ass fir en decken Hals ze kréien.
Gaga 15.06.2010 - 22:54
ech dreinen elo erem zenter enger woch, daat as biologesch oofbaubar ! closed_eye
McQueen 15.06.2010 - 22:56
du dreins munchmol op der Felg Gaga.....
Kann / muss ech daat elo zweedeiteg verstoen ?
Gaga 15.06.2010 - 22:57
bigsmile nee nee, eendeiteg, mat engem Blietchen an zwar engem klengen! closed_eye
Nemo 16.06.2010 - 12:09
Lo si mer dann op d'Discussioun iwert d'Emmwelt ukomm....

Bien :

Dei Leit dei un sech am meechten iwert Fëmmerten hierfaalen well se Loft verpechen, hieren Dreck an de Gënz geheien,....etc, sin awer och meechtens dei Leit dei mat den décksten Autoen gefuer kommen an eiser Emmwelt mei schueden wei wahrscheinlech all Fëmmerten op PG zesummen. Also w.e.g. net se all an en Dëtonguepen geheien an e bëssen "Tolérance Chrétienne"...

A fir de Recht, vu weegen les goûts et les couleurs....wat sin ech frou dass ech net dei selwecht Opfaasung doriwer hun weis du...fannen einfach dass et aner Messagen gett, dei duerch besser a mei ästhetesch Fotoen z'iwerdroen gin wei an desem Beispill.
gtaddei1 16.06.2010 - 12:57
Oh la ... hai gét et haard hier fir eng Message Foto ...
Fëmmen ass schlecht fir d'Gesondhét... jo ... an et ginn Lait dei werfen de Paak an der Natur... jo...
Mé wien op d'Maus gét (de Bierg vun Deifferdang) dén gesait do Tuten an tuten vun Drëck... well den Dräcksémer op de Kilo verrescent get vun der Gemeng... jo ... dan ginn et Aarm Drecksäck dei e puer Euroen spueren wellen...
D'Zigarette?... Jo ... dei verpescht dei dei nett fëmmen ... mé et brengt vill Accisen erann ... ganz vill Accisen... mat dénen Crêchen ... Spidéler an Schoulen gebaut ginn ... an awer och d'Receptiounen dei de Staat organiseiert wou Wein, Homard, an an an gett...
Jo meng Interpretatiooun ass daat de Fëmmert deck beschass get...
D'Foto... jo ... eng Foto muss net emmer Perfekt sinn ... out of the Box... ass de Leitmortiv des Lëscht op PG... Schnick Schnack... Candy shots ... et sinn der vill ze vill do...
Merci fir dein Message

PS: Sinn kén Robin Hood
Shantideva 16.06.2010 - 14:09
Awer (bis elo) 326 Hits an 37 Kommentaren. bigsmile Se ass definitiv interessant! bigsmile Soss ginn ech dir vollkommen Recht, Gennaro, ausser dass du d'Ausgaben vergiess hues déi Krankekeesen hunn wéinst all deenen Krankheeten déi duerch d'Fëmmen ausgeléist ginn (direkt oder indirekt). Mäin Papp ass jämmerlech drun "krepéiert" (een anert Wuert kann een dofir net gebrauchen). :-(
De Fëmmert gëtt souwisou iwwerall beschass... vun den Tubakskonzerner, vum Staat an dann beschäisst en sech och nach selwer well en sech domat selwer futti mécht. Wann et ëm Sucht geet ginn et jo ëmmer Interessekonflikter (déi eng kasséieren an, an déi aner mussen bludden). Ech hunn och mol gefëmmt, an mir deet et wéi, wann ech déi kleng ignorant Spunten vun 10 bis 12 Joer gesinn mat enger Zigarett am Back duerch Géigend lafen. Awer sou fänkt déi absurd Sucht jo mol un. Een Erwuessenen ass jo net sou domm mat fëmmen unzefänken.
Awer... domat ass vir mech mol d'Thema ofgeschloss vun dem Zigarettepak wou d'Katz drop gesch... huet. smile
xaph32 16.06.2010 - 14:50
dat wier dach mol eng story... wisou ass et méiglëch gewiercht dass jiddereen mir matt 14 joer ongestroft zigaretten verkaf huet, ech meng gesondheet ruinéiren well ech richteg süchteg sin, an den staat sëch ëmmer nach als gréissten "drogendealer" domm an dämlëch un alkohol an zigaretten verdingt trotz sougenannten neien gesetzer?
bei sou engem message héiert ke mënsch vu mir eng negativ kritik...
gtaddei1 16.06.2010 - 17:17
Geanu dat wollt ech soen...
JC dat matt de Krankheeten ... ech hunn dat willkürlech net zitéiert, well eben do net nëmmen d'Zigarett schold drun ass...
1- Obesitéit... de vollfraass ... ass am Fong grad esou gefeierlesch ewéi d'Zigarett...
2- Den Alkohol... fir sech an fir déi aner...
- Wann én sefft an Auto fiert... do brengt én sech an dei aaner emm
- Wann een sauft an heem geet an d'Fraa deet én schäissen ---- dan gëtt nëmmen drop gehaen
- Wann én suft an d'Kanner net méi consideréiert...
3- Wann én Frësst an Sauft --- an och nach dobai femmt --- dann freckt én frei
4- Wann én manner ewéi 5 Zigaretten fëmmt den Dag dann geschitt neischt (den Ayurveda set dat én dierf schonns an verschidden Perioden am Joer Fëmmen)
5- Fëmmen an Gesondheets Keess: Eng reng Hypocrisie ... de Xaph huet rescht ...
6-Drogen ? ... an allen sengen Formen ... Playstation, Fernseh, rave Party, Dezibellen bis de Kapp explodeiert, Internet, Philosophie , Kultur... an Heroin, Cocaine, Krack, Speed, Slow an lenks ëmm d'Keier

An dei dei freier gefëmmt hunn?... beim Heischuewen , am Asbest, an nierwend toxesch Exalatiounen ... Ech hunn Lait an menger Bieger gesinn dei egal waat gefëmmt hunn mé un de Roentgen nie eppes ze gesinn... Zu Rome ... lait dei nie gefëmmt hunn haten en Long ewei én SchornsteinFeger...

D'Questioun ass net esou evident ... mé awer bewisen fun den Medizineschen Autoriteiten...
Le coût pour la caisse de santé dérivant de la consommation de tabac est évident , mais en fin de calcul il est moins cher que ce que les accises rapportent ... donc l'état est gagnant. Mais... l'obésité:- Cout des cures pour le dos et les genous, cout du diabète, cout d'une réduction de la peformance au tavail, cout de la prise en charge de l'infartus, etc etc ...
25 % de nos enfants sont obèses ... mais l'obésité ne rapporte rien à l'état ... sauf la TVA des aliments vendus (et en général très peu puisque c'est du fast food) ...
Donc la prochain photo à proposer ....
JADE 16.06.2010 - 17:28
den Gesondheetsministère wees net waat en verpasst iech net an hieren équipen vun der promotion à la santé ze hun !
dir macht daat richteg gutt!! awer wierklech ... alles ass ungeschwaat, alles ass gesoot smile

ah jo,
an dann nach femmen plus Pell = 3x méi Herzinfarkter fir daat weiblecht Geschlecht surprised

gtaddei1 16.06.2010 - 17:40
Oh freck dat hat ech nach vergiess...
Pëll Smoke = Grueff Anticipé ... mé na well vill eischter
Shantideva 16.06.2010 - 18:07
Ech gesin daat awer net als Excuse fir den Tubak ze rechtfäerdegten. Gleef mir Gennaro... et war keen schéint Bild ze gesinn wéi mäin Papp mech ugebiedelt huet hien gierf erëm gären Heem kommen (en loung grad am Spidol) an dann gierf hien net méi fëmmen, an dann gierf dat mat e bëssi Beweegung erëm goen.... zwee Deeg drop war hien doud... an ech wousst schon dass hien gierf stierwen wou hien mir dat gesot huet... ech sinn dobäi bal ënnergaangen. Dat ass näischt schéins, an dofir hunn ech opgehalen mat Fëmmen...
Awer, ech brauch dir dat net ze erzielen, du gesäis méi sou Leit wéi ech. Ob dat elo Geld fir den Staat an Tubakindustrie ass oder net. Et war een Liewen wat mir immens vill bedeit huet wat ech do verluer hunn duerch den Tubak. An dat ass onbezuelbar gewiescht fir mech. An ech hunn och schon genuch Kollegen un den Drogen an um Alkohol gesinn stierwen. Egal wéi et ass. All Mënsch den un enger Sucht stierft, ob et Tubak, Alkohol, Drogen oder Obesitéit ass, ass een Doudegen ze vill an mengen Ae.
gtaddei1 16.06.2010 - 18:16
Ech verstinn dech vollkommen... Ech hunn mein Pap net duerch femmen verluer mé baal... hien huet en Häerzinfarkt gemeet nodeems hien 63 Joer gefëmmt huet...
All Doud dén én kënn éviteiren ass én doud ze fill...
Ech wollt absolut net perséinlech ginn ... wollt nëmmen soen dass den tubak nëmmen én klengen Deel ass vun den onnetzlechen doudegen ...
Effectivement ... ech gesinn der vill mä ech gesinn der méi Aarmseichlescher vum Alkohol...
Jo... ech misst och ophalen ze fëmmen... et ass net rischtech vis à vis vun mengem klengen ... an nach méi well ech et eben besser wëssen muss
Shantideva 16.06.2010 - 18:25
Nö, dat ass den Nodeel bei sou geschriwwen Diskussiounen. Ech hunn näischt perséinlech geholl. Awer haut sinn ech immens frou wann ech bei verschidden Kandidaten op der Aarbecht eppes erreechen déi sou eng Misère just hannert sech hunn. An virun allem sinn ech frou wann se net erëm dran falen. (Sorry, ech geheien alles an een Dëtonguepen, well fir mech och alles an een Dëtonguepen gehéiert, déi eng Saachen bréngen méi schnell Resultater wéi déi aner, awer d'Resultat ass ëmmer Krankheet an Doud).
gtaddei1 16.06.2010 - 19:48
Mir sinn ais 200% énns... Et ass alles fir an engem Dëtonguepen an dat soll och nett vegiess ginn... oder soll iwerhaupt gesinn ginn...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 517 Gäscht online