Flott ze kucken. Déi Mass uewen riets hëlt vläicht e bëssen ze vill Opmierksamkeet, wann s de uewen nach e bëssen eppes ewech schneids wierkt d'Bild méi ausgeglach.
Ech hun do scho wech geholl, Awer ech wollt rechts uewen dat Hellt an den Eck auslaafe loossen an awer lénks net och nach eppes wech huelen. Mat dem resultat, datt di däischter Mass uewen effektiv e besse vill dominant ass, awer dat wollt ech mat a Kaaf huelen.
Dat ass DEN Top-Allroundzoom fir Nikon, dat neits an dat bescht fir die giel Marque. Quasi nëmmen iwwertraff vum 24-70mm f/2,8 vun deenen aaneren do, wéi heeschen se scho méi??? Ça non! oder sou ähnléch...
Effektiv: Mir hun nach gemittléch Kaffi gedronk am Gaard, wéi ech dunn di Strahlen do gesin hun. An dunn ass et séier gaang. De Fotoapparat an de Bureau sich gelaaf, op de Kanner hier Rutschbahnplattform rop an dunn drop gehaal....
Waaaat een Himmel!!!!
mir gefällt et sou, perséinlech géing ech nët schneiden, well dat méi donkelt uewe lenks e flotte Kontrast bréngt. D'aan ass ugezunn vun der däischterer Wollek an der Mëtt an de Straalen, déi do erauskommen
an a puncto Reen, hei sin elo just e puer Drëse gefall, awer och just e puer
Sou get alles gerecht verdeelt. Di läscht Woch hu mir just gesi, wéi et ronderem gereent huet a mir konnten de Gaard mam gespäicherte Reewaasser netzen. Gëschter du goufe mir gehéiereg geduscht....
Sou een Himmel huet een net all Daag. Mais ech wéilt awer net sou engem Himmel begéine, wann ech wäit ewech vun engem Haus oder méngem Auto zu Fouss ënnerwee sin. Well dat wat en ukënnegt, ass net sou witzech...
...op de Kanner hier Rutschbahnplattform rop an dunn....
daat bedéit, entweder selwer ze kleng oder d'Heck ze héich
nee, lo am Eescht, schéin knackeg Wollecken mat herrlechen Tounwerter, an ganz speziel déi dezent Sonnestraalen wou hannert deem "schwarzen Klotz" durchdrengen
gefällt mir ganz gudd esou..!!
sou Richtung Riesenhaff - Bungeref huelen ech môl un, oder?