Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zu Sinz

 
All Fotoen an dëser Serie:
8338 Thumbnail
8339 Thumbnail
8340 Thumbnail
8341 Thumbnail
8342 Thumbnail
Zu Sinz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.07.2010
  • Gekuckt:
    20906
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    06.2010
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon 70-200
Kategorie: Events »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=47364]
Kommentar vum Fotograf:
meng escht Fotoversich bei de "Sinzer-Paerdsdeeg" um Birkenhof.
michal1993 20.07.2010 - 14:03
die eicht 4 fotoen sinn onsharf ! also sharft as op denen net do wou se solt sinn ;]
Jeanny 20.07.2010 - 18:24
merci Michal, kanns du mir Tipps ginn, wei ech et besser mache kann,
michal1993 20.07.2010 - 20:50
ja bon Val huet jo schon alles schein erklart bigsmile also et as net sou schlecht me et fehlt e bessi scharft
Jeanny 20.07.2010 - 21:21
ginn nach eng keier probeieren smile, ass e Statv wichteg oder net, dei do haat ech ouni gemaat
michal1993 21.07.2010 - 10:38
also bei zeiten wei 1/800 as den stativ net onbedingt sou wichteg
Val 20.07.2010 - 18:52
Salut Jeanny
Jo ! Sport Fotografie ass net esou einfach.
1) mat dengem 70-200 méi no erun goen
2) Autofokus op Kontinuéierlech setzen
3) Minimum 5 Fotoen maachen ( Fotoserien )
4) Blend op 4,5
5) Zäit op Minimum 800 - 1200 / bei Sonn 2000 -2500
6) ISO op Automatik
7) de Fokus soll ëmmer um Kapp vum Reider leien
8) Matzéien ass awer nëmmen vun der säit méiglech ( dat ass awer net esou einfach do muss en mat der zéit spillen ( 150 - 250 ) datt hänkt vun der Schnellegkeet vum Päerd of

Vill Spaass nach matt den Biddien
MFG Val

Jumping ( Suessem )
Jeanny 20.07.2010 - 21:19
Villmools merci fir deng Hellef Val, lo muss ech mol kucken wou Biddie Laafen a Sprangen, da ginn ech nach eng keier probeieren.
Hunn dech haut an der Zeitung gesinn, wann ech keier kreien, ginn ech laanscht deng Fotoe kucken.
gtaddei1 20.07.2010 - 22:01
An den WB (Weissausgleich op 5000-5500 dat d'gesiiter net Kriepsroud ginn ...
AutoISO ... oppassen wannste dann op Schwarz diichst dann get alles Schneiweiss
Matt enger 5D ... eng Serie vun 5 ... do brauch dén 5 minuten ... mecht bal kén Sënn
Blend op 4.5 ass nach vill bei esou engem unroueschen hannergrond ...
Den Spot op den Kapp vum Reider ... dén ass meschtens Schwarz... dann hunn ech leiwer ISO heisch an -1bis 2IL

Voilà dat sinn nach e puer Tippen wannste gesaiss dat eppes schief gangen ass
Jeanny 21.07.2010 - 10:59
och dir villmools merci Gennaro, hu mir alles kopeiert an eraus gedreckt,
nach eng Froo, bei Agility, sin Astellungen do dei nemmlecht?
gtaddei1 21.07.2010 - 11:47
Jo absolut ... mé dei kleng Hënn sinn onwahrscheinlech flenk an wibbelech... De fait ass dat fir eng scharf foto am Digitalen ze kreien muss én anstellungen esou setzen dat 1:2000 bis 1:4000 an der vitesse sinn (zemools bei der 5D... ganz vill Pixelen an dei weisen all onschaerft)
Jeanny 21.07.2010 - 12:24
Si mat mengem Tessy zu Beetebuerg, an der Hondsschoul, , wollt do mol eng kéier probéieren, déi sinn dann och do mat hiren Hänn fir ze teneieren
gtaddei1 21.07.2010 - 12:48
Ech hunn dei fotoen mat mengem Bruder senger Lilli (Border Coli)
Laurent76 21.07.2010 - 07:53
Vin mir keen Kommentar mee och een Tip, daat Erfahrungswerter sin.

Wann s de Päerd fotographéiert däerfs de Päerd ni an der Kéier huelen, dat heescht wann si sech krëmmen, dat gesäit net elegant aus. (Dat wann Päerd lafen)

Beim Sprangen wierken Päerd besonnesch elegant an kraftvoll kuerz nom Ofsprangen, esou wei ob denger Foto 3.
Déi aner Fotoen bréngen, laut Päerdsexperten, Päerd net an deeër beschter Pose eriwwer....(krut ech gesot, elo kanns du domadder maachen waats du wells closed_eye )

Ech maachen meng Fotoen mam 70-200 an ech fokuseieren mir dei Plaatz wou sie ofsprangen, also net kontinuierlechen Fokus.
Mee ech mengen awer dat hei den Val eisen Expert ass an dat ech ob jiddferfall seng Rotschléi mol déi nächsten Kéier berücksichtegen an ausprobéieren.
Jeanny 21.07.2010 - 11:03
Villmools merci Laurent, da kett elo ausprobeiert smile
TseEll 21.07.2010 - 18:31
Ech haat och schon emol e Pärd fotograféiert ... "mattgezunn" ... wanns Du wëlls wëssen, waat verwackelt WIRKLECH ass ... closed_eye
Jeanny 22.07.2010 - 06:36
smile deier haat ech och derbaismile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 672 Gäscht online