Schéin dass déi aal Foto der gefällt an deng Fantasie uregt... De background wéi se entstahnen ass, ass allerdëngs zimlech nüchtern. Wann d'Ackerbauverwaltung an der Zäit Aarbechte gemaach huet, ass daat ëmmer fotografesch festgehaale gin, wéi an dësem Fall, wou ët ausgesäit wéi wann eng Kanalisatioun niëwent der Eisebunn geluecht gi wir. Ech hun ca 4.000 Negativen aus der Zäit vun 1960 bis 1980 an dovun sin der vläicht e grappvoll " publikatiounswürdeg"...
Wow also ech froen mech grad vun wini dei Foto do ass? (Well den Mann, d'Lok an d'Signal tendieren ech op 60-70Joer, mee dann passt d'oberleitung awer net esou richteg, well hiren Baustill relative modern ass ) Mee egal wei ass et eng schéin Foto
Di Oberleitung ass original, déi monophasé-Leitungen a Masten si vun Ufank un sou "modern" gewiescht. Dat ass de Viirdeel vum 25 kV 50 Hz Wiesselstroum par rapport zum Gläichstroum. Do brauch een nëmmen op d'Klengbettener Streck ze goe, fir den Ënnerscheed ze mierken. Bref: Di Oberleitung passt an des Foto, si hätt och kéinten 1956 gemmach gin, da wier d'Oberleitung t'selwécht...
Merci, ech wosst dat d'Obhänkung bei Wieselstroum mei einfach ass well d'Reckleitung iwert Schienen leeft, mee et war einfach esou en Androck(virun allem weinst dem Mast)
... ah Nico, du bass wierklech de Fachmann hei an Zuchfroen... hues de eventuell eng Ahnung wou daat kéint gewiercht sin... ech wéss ët nähmlech nët an d'konnt och bis elo kée mer daat soen...
Dat do ass eng schwéier Fro, mais net onméigléch ze beäntwerten. Du muss mir just erlaaben, di Foto hei ze "klauen" an u Bekannte vu mir weider ze mailen. Do ass bestëmmt een drënner, deen di Plaz erkennt. Dat sin nämléch meéng Kollegen vun der Association des amis du Chemin de fer luxembouegeois (alacf). Doheem si mir op http://www.rail.lu.
E ganz flott d'Dokument aus enger Zäit wou och d'Telefonskabelen nach duerch d'Luucht gefouert goufen an d'Maryland oder d'F6 an de Schlapphut "in" woaren. An d'Zich Minetts- a Koksramme gefouert hun.
ausser enger Héichspannungsleitung an enger élektrifizéierter Oberleitung gisinn ech hei keng Telefonskabelen, awer dofir eng ganz staark Dokumentsopnahm aus engem Archive, wou op jidde Fall derwärt ass hei gewissen ze gin
mir gefällt esou ëpes...
a vun der Qualitéit, mat där déemoleger Technik schon guer net ze schwätzen..!!
D'Qualitéit vun der Technik aus de 60-er ass groussarteg gewiecht, besonnesch am Mëttelformat. Dëst Bild gefällt mer eben dowéngt esou gutt well quadratesch, S/W, vintage etc.
P.S. déi Lok'en do sinn nach laang no de 60-er gefuer. Ech kann mech nach ganz gutt un déi Maschinnen erënneren.
Déi sin nach guer net sounlaang ausser Betriib. Läscht Fahrt am Regelbetriib war den 18.März 2005. !!! An am Moment gët eng am Atelier an der Stad neess renovéiert a wärt geschwënn viru Sonnerzich an den Asaatz kommen.
Fotoen sin ze fannen ënnert http://www.rail.lu an dann an der lénkser Spalt bei der Rubrik "Motorisierte Fahrzeuge", duerno rofscrollen bis bei Monuments ferroviaires au Luxembourg (Foto vun der Diesellok 1604), uklicken an dann rofscrolle bis bei BB3608. Do klicken a scho sidd der bei de Fotoe vun der Restauratioun.
... et war mer baal esou wéi wann ët nach keng Eiwegkeet hiir wär dass ech déi Lok an der Géigend vum Paul Würth um CFL Gelänn gesin hätt... ech misst och nach eng Foto aus den 80ties vun hiir un engem Persounenzuch a mengem Gewulls hun...
... normalerweis misst ech se nach hun, misst se just emol eremsichen a fannen... . Wanns de interesséiert bass kann ech der se präiswert iwerloossen...
Ee Kolleg vu mier mengt mat 99%er Sécherheet, datt dat do um PN beim Kierfecht zu Téiténg/Remeléng ass. Lénks géing et an de Laangegronn a riets op Remeléng/Otténg goen.