Ech wosst nët dass et nach der aaler hölzener Kaazenaen hei am Land géif gin. Hun der haut den Mëtteg eng ganz Rei laanscht enger Strooss zu Uesweller gesin.
jo dao ken ech mech nemmen uschleissen. An wei's te schon gesot hues ass dat doten wieklech eng Rariteit op onsen Strossen. Ech fannen dass te den Alter gudd eriwerbruecht hues. An et war och eng super Idee fiir d'Motiv lenks am Bild ze placeieren dat get dem ganzem Bild ''das gewissen Etwas''.
Ech fannen di Foto grafesch. Du hues dee Poteau vun der richteger Säit portraitéiert. D'Sekrecht um Poul spigelt séch an den 2 Beem. Di Zickzack-Linne vun der Landschaft zéien de Bléck vun ennen no uëwen, d'Hell-Donkelspill um Poul gët vun der Landschaft gespigelt, d'Luucht vu rechts zitt de Bléck vu lénks no riets duech d'Bild, a gët deem ganzen eng flott Dynamik, an de Knuet am Holz as wéi een Aa, wat déch ukuckt, an der seet: Jo du kanns méch kucken, mais bleif net stoen, et geet weider.
Eng immens flott Foto, un däer wierklech näicht auszesetzen ass. Die gereng Schärftendéift an happtsächlech de Dal als Hannergrond brengen dës leider zur Raritéit gin, hëlzen Balise (techn. Terme fir en Kaatzenaa) zum Viirschéin.