Kommentar vum Fotograf:
Wann der lo geduercht hudd, ech hätt well eng nei Mercedes E-Klass an wirr dermatt an d'Toskana gefuer, dann hun ech gudd Aarbecht geleescht.
An zwar ass just d'Zypressenallee real, den Auto ass en 3D-Objet, am 3ds Max matt enger HDR-Sphäre beliicht, wat dei perfekt Reflexiounen vum Lack ergett an och d'Sonnenastrahlung entsprecht däer vun der Hannergrondfoto.
Den Auto ass matt VRay rausgerendert, an iwwert den OpenEXR sen dei verschidden Passes am Photoshop zesummegefügt gin.
Vill Aarbecht stecht do hannendrun, hoffen et geseit fotorealistesch aus.