Ech erklären elo mol einfach mein eischten Gedanken wei ech Foto gekuckt hun
D'A sicht an sicht an fend net esou genau waat dei Foto mir well weisen..., ass et den Park, Gebei oder dach den Himmel? Den Park an den Himmel tippen ech emol net, an wann dann éischter 2te rangeg oder als Begleiterscheinung. Also muß et Gebai sinn. Gebei ass aus dem heiten Bleckwenkel awer esou detailarm well ze weit eweg daß et ob mech schon nees oninterresant wirkt....., also stin ech nees bei Problem 1, waat well dei Foto weisen....!
Voilà, souweit zu mengem Gedanken, technesch ass Foto awer korrekt...
... sou wäit sou gutt jeune homme, mais domat huet de Laurent76 nach keng Äntwert ob seng Fro..., ët siëw dann du wolls just én technesch gudden HDR weisen...
ma d'ambiance:
-den prachtvollen park am virdergronn, deen vun der sonn bestrahlt get
-schlass waat lück tescht den beem riets an lenks opfellt an als barriere zum hannergronn dengt
-an den düsteren himmel, wou den stuerm eropzitt, mee nach zreckgehaal get vum schlass
zu gudder lescht en kampf teschend hell an deischter, gudd an beis, prachtvoll an bedrohlech ... my interpretation
hmmm okay....dain HDR as op allefall propper, war mer nik opgefall - pluspunkt!! ;D
allerdings wannsde wolls dei "bedrohlech" Stemmung riwwerbrengen hett ech mer manner Haus an MEI Himmel gewönscht!
een Heischkant Kadrage, bei dem zbsp just daat mettelst Gebai, mat den zwou Sailen an der Wiss ennen an FILL Himmel uewen drop ze gesin wier, hett daat secher besser riwwerbruecht!
(mengmeenung)
(thanks4reply)
... daat hues de schéi gesoot Pavel... sou ass daat eben mat der Konscht; deng Interpretatioun gët vun engem Aaneren eventuell guer nët zur Kenntnis geholl... am fong ass ët mat der Konscht eigentlech nët esou wichteg waas de mëchs, waat wichteg ass, ass dass d'Leit sech d'Maul driwer zerappen, ob positiv oder negativ, Haaptsaach ët gët dervu geschwaat, dann ass ët Konscht...
DAAT as hai mol apsolut ereescht! fannen et awer gudd dass mer den Thema sou grendlech behandelt hun! hehe
mengen bei "gudd" oder "netgudd" gin dMeenungen souwisou ausserneen, do fannen ech soll een am Endeffekt daat maachen waat een selwer am beschten fent, an vlait just eng Grimmel fun der Majoriteit hieren Vierschléi matdranfléissen lossen....