1 fannen ech langweileg, 3 gesäit aus wéi wann se nach méi Potential hätt (mat enger anerer Zesummesetzung), 4 ass ok (den Filter ass net ménges) an den 2 ass mega! Déi ass richteg flott an aussergewéinlech.
Déi 2te ass excellent Claude.
Ech weess jo net obs te beim Contest mat gemat hues an ob een dat hei däerf verroden, mä dat wär ganz sécher een vun mengen Favoriten gewiescht...
Merci Laurent ! Hun och am Kontest eng Foto agestallt , mee VILL méi eng rouheg; hât mer och absolut net erwaart, dass meng Foto(en) esou e groussen Uklang géng fannen, sie (och déi 2t) ass nämlech "nëmmen" matt Picasa verschafft an hei op PG sin jo awer wierklech grouss Spezialisten betr. Photoshop; bei deenen Effekter muss ech kapituléieren