Haptsach DOOOOOOOM fir mech bessi zevill geglättet (mee as meng Meenung, well ech meng HDR nie sou maan, mee do looßen ech jidderengem seng kenschtleresch Fräiheet)
soss gefällt se mär tiptop, mol rem eng kéier zur Oofwiesslung bessi URBEX
Ech kéint hei Platzen... !!!!
Elo grad hunn ech dir een groussen Kommentar geschriwwen an dann ass meng Sessioun ofgelaf. Ech halen mech dann elo kuerz, obwuel dat villäicht net sou gutt klengt.
1. Als éischt op d'Regelen vum Grafikdesign oppassen fir een gudden Bildopbau ze maachen. (Sujet net unbedingt direkt an d'Mett an deels Oofgeschnidden... ennnen)
2. Urbex ass net alles wat ausserhalb vun Fashion, Street, Makro oder Landschaft fällt... hei ass et éischter Doku duerch däin Bildopbau (wéis du et selwer sees).
3. Deng Beaarbechtung soll net d'Regel Nr. 1 ersetzen, awer héchstens se ergänzen....
4. SORRY fir deen onperséinlechen Kommentar... awer wann ech mech probéieren mech anstänneg auszedrécken ass alles wat ech geschriwwen hunn einfach ze oft beim Drock op "Späicheren" verluer. Also halen ech mech sou kuerz wéi méiglech.
Et ass net schlecht gemengt awer du kanns vill méi aus dësem Raum maachen wéi een Sujet an d'Mëtt setzen an eng staark Beaarbechtung mat HDR/DRI drop setzen.
(ass mir fréier och oft geschitt ... wou ech nach laaaang Comments geschriwwen hun ...
dun, no langer Zäit, hun ech ët endlech hinkritt fir drun ze denken eng Kopie ze machen ier ech gespäichert hun
an elo, ben elo schreiwen ech näischt méi )
ët gëtt een richteg sauer, ech verstin dech ganz gutt
Eigentlech denken ech och ëmmer drun, awer dës Kéier war et ze spéit. Schued... well dat wat ech elo geschriwwen hunn kennt fir mech net sou eriwwer wéi ech et ausdrécken wollt...
...dann hunn ech erëm een Timeout an meng Meenung ass automatesch geläscht wann ech op "Späicheren" drécken. Do hëlleft och keen "Back" an Browser méi... Dat huet d'Jade sécher och gemengt...
ech kann dir hei leider keen Comment schreiwen, ech kennen mech guer nët heiranner aus, deet mir Leed
ech hätt héchstens daat selwescht wéi den Shanti bei sengem 1. geschriwwen ... awer fir den Rescht nix/nada
ech wollt just dem Shanti soen, dass ech och oft un deem Problem gelidden hun
:-P, Schreiwen cmd A cmd c, probeieren, wann et net geet cmd v .
1.Ech wees hat net dei Zäit op där Plaatz fir dat mei ze perfectionneieren, d'stativ (Gorillapod) Stung am eck op engem stull an ech hu mech ganz komesch missten haalen fir mäi Kapp hannert de fotoapparat ze kreiern ;-). Et war mer suguer opgefall dass de Sockel ugeschnidde war mee bon, spueren fir en Tokina 11-16 da geet dat.
2. Ok ech well
3. An hei war d'Bearbechtung mol eng Keier Nr.1, wanns de meng aaner Fotoe kucks do ass dat meescht out of cam mat e bessi Filter contrast a Vignette(gin och ausnahmen). Wollt mat der luscher Luut dobannen eben en DRI Tonal Contrast Stuff Zeen maachen. Dee Motor huet duerno Gejaut. Wann ech nach eng keier d'Meiglegkeet an d'Zäit hun da gin ech nach eng keier dohinn probeieren.
Wéi gesot... huel mäin Kommentar net schlecht... Ech hat dir e puer Saachen geschriwwen déi einfach fort waren an do hat ech den Frust nach eng Kéier vun vir un ze fänken. Bei der Bea gierf ech just probéieren méi Subtil ze bleiwen. De Rescht wier dann guer net sou an d'Gewiicht gefall.
Uewen e bëssi manner... an ënnen méi, gierf och schon vill ausmaachen, well den Sockel ofgeschnidden ass. D'Réier sinn net immens interessant...