Jo fir de Sujet, awer déng s/w - Konversioun gefällt mer nët wierklech, ech fannne se e bëssen ze flaach...(kënnt mer vir, wéi wann's de am PS einfach am channel mixer "monochrom" ugekräizt häss, ech iire mech awer vlaïcht)
Den 'channel mixer' ass schon eng gutt Method, awer du muss d'Wäerter vun de Faarwkanäl upassen. E Standard fir Konversioun bei Portrait ass z.B. Roud plus 64, Gréng plus 32 a Blo plus 8, awer domadder kann ee jo experimentéieren a 'séng' Viirléiften erausfannen; probéier awer am beschten am Ganzen op plusminus 100 % ze kommen.