Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

History of Pain

 
All Fotoen an dëser Serie:
10333 Thumbnail
10334 Thumbnail
10335 Thumbnail
History of Pain
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.09.2010
  • Gekuckt:
    34015
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    3
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
Picassa : Soft Focus

Fir anzesetzen: [pg_img=49285]
Kommentar vum Fotograf:
FDJ Fuerer deen seng Schwierigkeeten um Tour de Luxembourg 2010 haat an deen ech während 2 Deeg suivéiert hun. Leider kennen ech sein Numm net...
Nicon07 29.09.2010 - 20:54
Ganz interessant Etude vun deem Coureur. Ech fannen et just schued, datt, außer op där läschter Foto, de Jong ni richteg scgarf ass, virun allem am Gesiicht. Ech weess aus eegener Erfahrung, datt déi Kärelen séier ënnerwee sin, an datt den AF net ëmmer di Saach richteg an de Grëff kritt, an dacks geet et duer, datt se an deem Brochdeel vu Sekonn tëschend dem Scharfstellen an dem Ausléisen e Stéck weider gefuer sin, datt se schon aus dem Focus sin. Ech kann ee Liddchen dervu sangen, hun ech dach och genuch Velosfotoe gemaach. Mais dàng Approche, fir méi gezielt Szenen aus dem Peloton ze sichen an anzefänke, gefällt mir gudd. Fuer roueg sou weider. Ech gesin sou Fotoe gären.

Gratuléiere, Bridderchen!

An hei an dëser Serie vum Gala TdF gesäis du, datt och ech Schwieregkeeten hat, fir richteg scharfzestellen.
Gala Tour de France

An hei nach eng Serie vum Cyclocross bei eis zu Rammerech.
Durch de Bulli an de Schnéi
VeloBen 29.09.2010 - 21:20
Merci fier den 1ten Kommentar!

All Kritik ass naatirlech wëllkomm!

Déi 1. Photo ass express mat Picassa Soft Focus onscharf nobeaerbecht gin, an just d'Gesiicht e wéineg scharf geloss. Ech haat do eng Idee een Effekt dran ze brengen wéi wann een dronkeg get. Keng Ahnung opp et gelongen ass. Mee als normal scharf war et mer ze langweilig.

Déi 2. Photo wou en aus dem Suedel geet. Ass vum Prolog wou d'Jongen nawell deck Vitesse dropp haaten an lues awer sëcher d'Liicht emmer méi schlecht gouf.

Beim 3. Bild war einfach perfekt Liicht !
VeloBen 29.09.2010 - 21:11
.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 611 Gäscht online