Freet mech, wann se gefält.
Ech war nämlech eng Zäitchen amgaang, well no all Photoversuch, konnt ech d'Sprëtzer am Aquarium vir déi nächst Photo ofmaachen.
déi ass ganz extra ginn, Top!
ass daat nëmmen eng Photo.... well do hues de der jo bestëmmt missten vill maachen fir d'Erdbieren op ennger Héicht ze hunn?
Et ass just eng Photo. Mee et waren ongeféier 20 Versich néideg bis se mir gefall hat. Entweder hunn ech ze fréi oder ze spéit ofgedreckt.
An do zwëschen ëmmer nees d'Sprëtzer am Aquarium ofbotzen.
Wann ech dem nächst nach sou eng maachen, maachen ech och mol eng Photo vum Making Of. Ech menge dat ass eng gutt Iddi vir hei bei Serie dann hei drop ze setze.
Ech fannen esou Fotoen emmer flott....,
an well ech dei Fehlversich saat hat mam ze frei oder speit ofdrecken hun ech mir eng Lichtschranke besuergt...., an elo get mat Trockenübung Ausleisung festgesaat an dann brauch ech nemmen 1 mol Sauerei ewegmaachen...
Ech hat och schon un sou eppes geduecht.déi vun Jokie ass nach am Preis OK, mä hunn et awer mol nach sinn gelooss, well et awer sou och nach zimlech gutt geet.
Dat freet mech, well ech hat mech bëssi mat der Luucht ameséiert.
Ech hunn mir extra en zweete Blëtz kaaft fir kënnen den Hannergrond auszeliichte an dat hei ware meng éischt Versich.