Klassesch awer emmer erem schéin. Besonnesch huet gudd deng Canon déi schwiergeg Beliichtung gemeeschtert, oder huës du dee Stäreneffekt nodréigléch erageschummelt? Egal; hei mécht dat gudd, fannen ech mol. Just eppes as net esou gléckléch: Du hues Stebskären op déngem Capteur, an déi gesäit een nawell zimmléch däitléch op der Vergréisserung. Entweder stempelst du déi am PS weg, oder du muss de Steps vum Captuer blosen. Mais dat as eng Kriddeleg.
Merci fir aer Remarquen. Den Staereneffekt mat der Sonn ass net noodreiglech agesaat, mee kennt duerch dei heisch Blend. Den Stepskaer nervt mech...Hun allerdengs keen Plang wei een den kann erausblossen.
Ech hun och hei ans do Stebskären a ménger Nikon. Dofir stempelen ech déi emmer mam Korrekturstempel am Photoshop ewech. Wéi grouss een de Stempel do muss wiëlen, dat hängt vun de Farwen am Nopeschberäich vum Fleck of. Dat bescht Resultat kréien ech wann ech net mam Stempel reiwen, mais nemmen op de Fleck tuppen.
Fir de Stepskär vum Capteur ze kréien, misst et zwar och bei Canon méigléch sin de Spijel eropze klappen (nemme mat voll geluëdenem Akku!!!) an dann de Fotoapparat mat der Lensenöffnung no ennen haalen a mat engem Fotoblosballeg d'Glas virum Capteur botzen. Kuck an der Gebrauchsanweisung, mais esou oder ähnléch misst dat och bei Canon goën.
Jo dat as alles keen Problem. Am Menu kanns de "Sensor clean." umachen an dann einfach dem Nicon07 sengen Unweisungen nogoen.
Wichteg as, dass de net dran bléiss oder mat eppes drun gees, mee esou en Bloossballeg hels. Déi kaschten net méi wéi 15€ an sin et wert.
Sou lo awer och eppes zur Foto.
Ech fannen se schéin och wann ech net ganz frou mat dem Effekt sin (Stär). D'Farwen sin flott, an kadréiert as se och net schlecht, wéi schon gesot gin as, déi Symetrie Bam-Sonn as gutt gewielt.