Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schau mir in die Augen

 
All Fotoen an dëser Serie:
11262 Thumbnail
11263 Thumbnail
11264 Thumbnail
11265 Thumbnail
11266 Thumbnail
Schau mir in die Augen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.11.2010
  • Gekuckt:
    30698
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50482]
Kommentar vum Fotograf:
Der Reih no:

1)Carpilius convexus ( Varaiable coral crab) op enger Nuetsplonge gesin, e warbessi genervt vun eis, en as verzweieflt em seng Korall gelaaf fir sech ze verstoppen)

2)Pterois volitans (Lionfish, oder Feierfesch) de sutz do ze lungeren. Stachelen vun him si gefteg, mee net déidlech wei all Mensch seet. Wann e gepickt gouf, soll et anscheinend just gudd brennen.

3)Cheilinus undunlatus (Napoleonfish)dee war bessi begeeschtert vu mär, dei si freier vu den Tauchguiden mat haartgekachten Eer ugefiddert gin an hun haut nach e Faible dofir (mettlerweil as mam fidderen opgehaal gin well rausfonnt gin as, dass se doduerch krank gin). Wei ech en dunn geknippst hun, huet e geduet den Diffusor op mengem Bletz wier en Ee a wollt en dunn buffen, ech war richteg gudd erféiert an et as net evident en 2m Täissel ewegzedrécken.

4) Amphiprion bicintus (Red Sea Anemon Fish oder och Nemo genannt) ;) deen wollt op Ach und Krach seng Anemon verteidegen. Fir mech dei tapferst Fesch am ganze Mier, well dei attackéieren alles waat hiere Annemon ze no kennt, egal wei grouss et as :)

5)Taeniura lymma (Bluespotted Stingray aka Blaupunktrochen) Dei leihen am Sand a faulen do viu sech hin, mee net ze nokommen oder nerven, se hun 2 Stachelen dei gefteg sin.

Sou genuch mat der Fischkunde;), hoffen Fotoen gefaalen :)
Blimchen 08.11.2010 - 21:19
wow den 3 Fësch, dat ass jo en Kollos smile super Fotoen hues de do gemaach. Gees de elo nemmen nach Tauchen?
Locke 08.11.2010 - 21:23
Merci smile

Jo nawell, haat domm gekuckt wei deen op eemol gefetzt komm as fir mäi Bletz ze buffen smile

Ma sin an der lescht mei zu UW-Fotoen komm, mee wärt mech geschwen awer o rem mat menger DSLR op den Tour maan smile
Blimchen 08.11.2010 - 21:58
smile oh wow wei grouss ass den dann ?
den Mont ass jo rieseg smile
ech war am September mat mengem Frend tauchen an der Corse, an ech weilt et dirket nach emol maachen. Dat ass esou wonnerschéin an dei Wëlt vun Ennerwasser anzedréngen.
Mee mir hunn keng esou eng schéin Fotoen hinn krit smile
Locke 08.11.2010 - 22:01
brauchs e gudde Bletz UW an am beschten Raw, da kanns de na vill raushuelen smile deen do wärt 2m gehaat hun smile
Blimchen 09.11.2010 - 09:11
Also mir haten eis eng Sealife (occasioun) um Internet kaaft, an do ass en Blëtzarm mat drob.
Also si ginn schon mol besser, wéi mat enger klénger Ennerwasserkamera smile
Fir ze schnochelen an bessen tauchen ze goen get et an sech duer.
Waaat esou en riesen Fësch dein kéint dech jo verspeisen closed_eye
ech mengen ech hätt mir awer en Flapp an den Neoprem gemaach.
Locke 09.11.2010 - 09:28
dei SeaLife denger si na guer net sou schlecht, wollt mär am Uafnk och ou eng kaafen oder eng Sea&Sea, bis de Nemo seng aal verkaaf huetsmile mee et as awer trotzdem och emer vill Beschaffs duerno um PC unhappy
jo egal war et mär net, soe mÄr sou, wann en de Bletz kritt hätt, hätt ech mär keinten e neien kaafen, mee mengen e war selwer och erféiert wei e geschubst gin as smile
Nemo 09.11.2010 - 10:14
Oh keng Angscht, eise gudde Locke huet och dëss Vakanz méi wéi een Flapp gemeet....bigsmile bigsmile bigsmile bigsmile
Locke 09.11.2010 - 10:16
schnick schnack schnuck a sou bigsmile bigsmile
Nemo 09.11.2010 - 10:18
Eben....bigsmile

Next Keier wa mer zu Saarbrécken sin gëss de beim Pelizzaeus agedeckt mat Ventiler....etc smile
Locke 09.11.2010 - 10:24
do gin ech net mei mat, dofir as meng Zäit mär ze Schued bigsmile

ps: an ausserdem geet um Kapp tauchen mindestens genee sou gudd a sou Fällbigsmile
mischii 08.11.2010 - 22:08
einfach wonnerbar!Nen Napoleonsfësch gefällt mer super, awer och d'Bild mam Nemo, do wars d'awer no drun, well déi sin dach sou kleng
Hun der op de Malediven vill beim Schnorchele gesin, awer Tauchen muss wahnsinneg flott sin
Locke 08.11.2010 - 22:12
Merci smile
Nemos am Roude Mier sin na relativ grouss, hu sou 10-12 cm, mee sou am oppene Mier si se aggressiv wei Sau smile mengen dei denken sech all Keiers "scho rem e Penner deen de Film gesin huet a mech knippsen well" bigsmile

Hmmm Malediven, do well ech o eng Keier hin :(
Nemo 09.11.2010 - 10:29
Hey, hey, naischt géint Nemoen gell du....!!!!

Wann se aggressiv gin, hun se emmer en gudden Grond bigsmile bigsmile
Nemo 09.11.2010 - 10:16
Bon Figlio, wéi et ausgesait huet de Wikipedia gescht gebrannt wous du bis laancht wars...closed_eye

All Fotoen sin vom Feinsten, hätt just vlait n° 4 bessi uewen gebotzt. Mee stéiert awer net onbedingt smile
Locke 09.11.2010 - 10:21
net Wiki, mee de Maxi Memofish Depliant deen ech mär zu Hurgadha kaaft haat bigsmile bigsmile

jo di Steve maan ech na irgendwann eng Keier am PS komplett mat mam Stempel propper, mee u sech kenns de mech jo, si net sou fir Stempel ;) bigsmile (läit o vläit drun dass ech net domat eenz gin) bigsmile bigsmile
Nemo 09.11.2010 - 10:26
Mengen daat as éichter de Problem...smile

A propos, kanns der jo virstellen wéi dei lescht Foto gi wier wanns de

a) mir mol géiffs nolauschteren an bessi méi no erun geiffs goen (c.f. vu vir a bessi vun ennen knipsen),

b) net zevill un Steve Irwin Szenen géiffs denken a kee Kaka Béxi géiffs maachen wann en sech beweegt...bigsmile

Am Zweifelsfall einfach den Apparat no ënnen haalen ouni op den Display ze kucken. Du hues de Virdeel dass daat bei dir geet. Bei mengem Geheis mat Dome as daat scho méi Arbecht...

renzo79 09.11.2010 - 12:08
D'Serie ass wierklech gudd gelongen, respekt!
Locke 09.11.2010 - 12:20
merci smile
sylvie 09.11.2010 - 20:15
Ech mengen ech hun nach keng besser Ennerwaasserfotoen gesinn. Top! cool
Locke 09.11.2010 - 20:33
merci smile
m-otiv 09.11.2010 - 22:56
jo bei esou saachen bass du de King... do kann keen matthaalen... an mech kriss Du nett matt der knips enner waasser.

Fotoen sin supper....1 an 5 sinn ganz propper an gutt saturéiert.

2,3,4 fehlen u Pep...Ech mengen vun der Bea do ass beschtemmt méi dran fir d'Faarwen ze erhiewen, d'Stemmung ze bréngen an deen faden, trueben look do lasszeginn...
verstoh mech net Falsch.
Locke 10.11.2010 - 00:49
wann ech där eng keier d`Originaler weisen stauns waat ech na rausgeholl kruet closed_eye mee merci awer fir Kritik smile
g3ckko 10.11.2010 - 11:40
Dei eischt geföllt mer hei am beschten. Et gesait esou befriemlech aus... baal wei wann et um Mound wier. smile

Bis elo dei beschten Serie vun dengem Trip.
Locke 10.11.2010 - 12:14
lol merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 599 Gäscht online