Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Turìa

 
Turìa
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.11.2010
  • Gekuckt:
    18141
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    6 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    683x1024
  • Späicherplaz:
    108 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 1D MK4
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    24-105 f4
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50668]
Kommentar vum Fotograf:
Meng Intentioun bei deser Foto war ganz besonnesch
Miisamm 15.11.2010 - 07:08
Gaaaanz komesch!
Awer mega gäil!
gtaddei1 15.11.2010 - 09:46
Jo ... du hues recht , komesch!
Et war ganz einfach ... eng Ombre chinoise ... oniresch
Et ass villeicht net onbedingt fotografesch
Merci fir de Gäil smile
gtaddei1 15.11.2010 - 21:30
Kuck dei aner Erklaerungen
Miisamm 15.11.2010 - 23:04
Yeah smile liese mech mol duerch, haat lo net vill Zäit
Zora 15.11.2010 - 09:50
Also dei pabeiers Tuut um Kapp.... Daat ass top bigsmile
gtaddei1 15.11.2010 - 09:59
Et ass eng Kescht, Cartons Kescht ... Dei Arm ... sie huet sech gefrot firwat seng Mamm se leiw gemét huet an ech net sein flott Gesiit fotografeiren wollt
lol
Zora 15.11.2010 - 10:09
Daat ass awer och net leiw closed_eye schein Gesiichter muss een weisen smile
gtaddei1 15.11.2010 - 10:19
Na ja , et war jo eng mise en scene dei am Fong én Konzept vun mir wollt ausdrecken ... den natiirlesch schrecklesch interpretativ ass an den Konzept gett am Fong duerch den Titel ausgedreckt.
m-otiv 15.11.2010 - 11:39
waat och emmer dat ass...gefällt mir
gtaddei1 15.11.2010 - 13:12
Merci Vito
Ech faengen um Studio mat einfachen Sachen un
Héhé

Dat ass ... na ja ... et stét am titel
KeeBlitz 15.11.2010 - 13:31
duerch dem Turia sein Bett si mer dese Summer nach getreppelt......et mecht awer net klick sceptical
gtaddei1 15.11.2010 - 15:24
Ech mengen due hues villeicht den richteschen " turia" erwescht ... du misst dann mei an neuroscience kucken an an der Superconscience oder hyperconscience (Adler an Jaspers sinn dei 2 neuropsyen dei dat am meschten studeirt hunn)
Dess Foto huet eppes mamm Freud, Vedanta an K Jaspers ze dinn
E bessi rechercheiert mé bon ... et ass é Konzept mei ewei eng Foto "en soi"
Ech fannen et normal dass et net "klick" mecht
Maimonides 15.11.2010 - 20:30
"Looss dech goen, awer net passiv, trau dëch..." am Sënn vun enger sexueller Symbolik, fotografesch onirisch (!) gewisen.
Esou kënnt se bei mir eriwwer. Ech hunn express näischt nogesicht.
Interessant pikant, Gennaro.
gtaddei1 15.11.2010 - 21:17
Charel ...
Meng eischt Intentioun ass net Sexuell , mé total oniresch. " looss dech goen ... " awer dann total , ouni Intellekt, ausserhalb vum Freud vill mei Junghianesch, ... bis bei den Jaspers. Oder gei einfach zereck em zech tausenden vun Joeren wou d'Inder dat schons erwaent hunn ... Turia ... et ass Indesch, mé schrecklech rechercheirt ginn vun den Neuropsyhiatren bis an heutischen Dég.
Jo , Sexuell, geheirt och dozou wann én un den KamaSutra denkt (primär de But vum Kamasutra... guer neischt pornografesches , celà va de soi)
Den Tantra Yoga ass och esou eppes aenleches.

Sinn ech zefill kriptesch ?
Maimonides 15.11.2010 - 21:24
Fir mech net, ech mengen dass ech d'Essenz vun denger Foto matkritt hätt...Ech hat vun e enger sexueller Symbolik geschwat, an dat huet sécher näischt mat Porno oder Perversitéiten ze dunn....
gtaddei1 15.11.2010 - 21:42
Do sinn ech iwerzécht .. ech hunn dat just nemmen en marge précisiert well ech (absolut net bei dir, Charel, mé fir all dei aner) vun Kamsutra an Tantra Yoga geschwat hunn.
D'Sexuell symbolik ass voll drann och wann et ze konsidereiren ass ewei am Kamasutra an am Tantra Yoga. Endorphinesch gemengt (ouni Allusiounen op eng Persoun ze machen , natiirlesch)
Merci Charel, an och hai ech hoffen dass ech net zefill Schweierfaellesch gin.
KeeBlitz 15.11.2010 - 15:37
da probéieren ech emol (ouni recherche, ass mer ze opwändeg elo) : Turia ass kanaliséiert an ronderem Valencia gleet gin
de Mensch geet duerch säi Liewen wéi eng Marionette, blannemännerchers (Kescht um Kapp) dem schwarze Féiereck (Tele, Pub, Philosophen) no, an e schéngt net onglécklech ze sinn, well en de Kapp héich dréit
zur Foto: wat mech e besse stéiert, as de Réck vom Stull, wou de Model drop setzt, blockéiert mer Perspektiven vun der Idee.....
gtaddei1 15.11.2010 - 21:26
Uh là, hai muss ech och iwerléen well et eng komplex Iwwerleeung ass déi du hei gëss.
De Réck vum Stull ... exzellent Kritik... misst ech verbesseren du hues rächt. Hat dat awer elo net esou gesinn ma ech hätt missen!
Den Konzept vum Ueberich wollt ech effectivement duerstellen, awer duerch déi schwaarz Kescht déi do haengt, esou wei du dat schonns erwaent hues. En Effet , den Afloss op eisem Behuelen , Denk Art an Weis, op eisem Charakter huet.
Elo Firwat d'Kescht um Kapp ? Nu jee , mir sinn wat mir erliewen , wou mir liewen , eis Gesellschaft an Mortalitéit. Mee firwat dann Onglécklech? Né muss net onbedéngt sinn , oder? An D'Marionette ? An firwat an Ombre Chinoise?
Metalbambi 15.11.2010 - 16:28
Flotte Concept. Just den Titel ass ë bëssen schwiereg, do muss een schons Italien-Expert sinn vir ouni Google no ze kommen. smile
gtaddei1 15.11.2010 - 21:27
Ah né ... neischt mat Italien ze dinn! Awer dann guer neischt, ausser du hells e bessi Vatikan mat erann. Mee dat ass och net Vatikan.
Metalbambi 16.11.2010 - 21:53
Damn, wat schreiwen ech e Schäiss...! Sollt natierlech Spuenien sinn.
gtaddei1 16.11.2010 - 22:07
Spuenien?
Metalbambi 17.11.2010 - 23:30
Turia fléisst duerch an Spuenien
gtaddei1 18.11.2010 - 01:47
E floss? Me dat wosst ech awer net
ZerberuZ 15.11.2010 - 16:31
huch ween ass den puppetmaster ? smile
dem Keeblitz seng erklaerung klengt ganz interessant , mech steiert den reck vum stull net esou well en negligable ass an der idee
woubei mer opfaellt .. eng eidel kescht als ersatz fier en fraaenkapp ouni gesiit also ouni perseinlechkeet ... eng reduktioun op en weesenloost ferngesteiert wiesen oder kierper ?
ganz interessant an gudd fotografeiert smile ... woubei ech net dohannert kommen waat dei zweet kescht soll sin :D
nujee meng interpretatioun also net beis gemengt smile

gtaddei1 15.11.2010 - 21:30
PErfekt ... du liest mir an d'Gedanken an ech sinn eîmmens frou doriwer.
Mé hai och virwat en ombre chinoise? Ech haett jo dat selwescht kennen mat enger " normaler" Foto machen.
Entschellescht wann ech iech op de Géscht ginn.
Mé ech well et net einfach esou soen.
Et interesseiert mech immens de fil conducteur vun deser Diskussioun.
Merci fir mat ze machen
ZerberuZ 15.11.2010 - 21:58
huch dann sin mer jo schon 2 mat fier d'normaliteit friem gedanken oder just messverstaanen smile
ombre chinoise ... eng subtil verschwommen duerstellung vun eppes waat do ass an awer net gewissen get ... oder eischter gesoot deenen meeschten erkannt an awer net verstaanen an dofier ignoreiert get
an dessem fall eng duerstellung vun enger fraa dei zu engem wesenloosen sexual objekt duergestallt get dei manipuleiert get daat ze sin waat d'geselschaft an him gesait an vun em verlaangt ... an net daat ze sin waat et well sin
gesellschaft oder patriarchat deens de duerch dei aaner eidel kescht duergestallt hues ... well en individuum an sech intelligent ass mais an der mass huel get ....
sou elo gin ech meng pellen huelen bigsmile
gtaddei1 15.11.2010 - 22:11
Abolut fantastesch deng Oniresch Duerstellung
Et passt alles ewei eng Fauscht op d'Aan.
Deng realiteit , dei och meng ass , ass elei erann gesat ginn ... dat watst du hai gesot huess bass du an ech. Dat wat ech Super Fond hunn , fir meng Foto, ass dass kén mat engem harden Toun , polémesch an Agressiv geaentwert huet. Just nemmen observeiert ass ginn.
An probeier mol nemmen ze kucken an guer neischt ze soen , neischt ze interpreteieren dann geseiste villeicht nemmen dech ... an dén dé kuckt , oder observeiert , dén jugeiert net... !
An wann neischt jugeiert get , dann ass den Intellekt aus (off)... dann ass Turia voll do , voll bewosst dass mir Marionetten sinn , voll bewosst dass mir total beanflosst ginn, Intellektuell an Sexual Wiesen (am largen Sënn natirlesch).

Sech lass Spriechen vum Jugement ? vun der Interpretatioun... awer am vollen bewosstsënn dass mir awer Marionnetten sinn
Nu jé mir sinn an der Neuropsy nach nett esou richtesch dropp komm mé et get extrem interessant. Well wann eng Aentwert op dess Fro kennt dann hunn mir d'Freihét défineiert.
KeeBlitz 15.11.2010 - 22:29
du wells en net erfassbart Bewosstsinn duerstellen, dat net duerch Logik an net duerch Pathologie ze erklären ass.
d'Ombre Chinoise gëtt der Méiglechkeet ze abstraéieren an ätonguepes duerzestellen, wat mer eventuell Séil kenne nennen?
gtaddei1 15.11.2010 - 23:24
Jo ... !
Freck ass dat awer en Emwé gewiecht!

Am Fong ass just nëmmen den Status dén én Erreechen sollt , och wann én nëmmen Musek lauschtert , é Bild kuckt oder och nëmmen duerch de Bësch trëtonguepelen geet.
Sech lass loossen vun den Gedanken, an dann nach just fillen an d'Gefiller et interpreteiren
De Nietzsche huet dat ausgedreckt mamm " se prédisposer..." eppes ze erliewen ... mé dat gét net wann én seng Iwerstrukturen net kennt.
Voilà ... sinn elo um Enn


KeeBlitz 15.11.2010 - 23:36
ganz flott Gennaro, d'Bild huet mech ugeregt nozedenken an hu ganz vill gelies, merci fir desen Ausflug!
ZerberuZ 16.11.2010 - 16:36
feiheet kann een net global defineieren lait an der erfellung vun jiderengem senger individueler perseinlechkeet leider gin et net genuch querdenker an freidenker dofier awer emmer mei eidel keschten an oportunistesch puppetmasters op deser welt
sin mool op deng naechst foto gespaant op dei och esou subtil get smile
sichen emol schon präventif no mengem psychology lexikon tongue
gtaddei1 16.11.2010 - 22:12
Na ja ... et muss och mol Sérieux hiergoen... Et get alles hai um Site... dofir e bessi psychoFoto och ...
Also ech kennen och é gudden Pëllenverschreiwer ... dei nemmen mat Blo schafft.

smile
smile

Allzaiten eidel Këschten sinn mol net bewosst eidel ze sinn... Wei dann och well sie eben Eidel sinn. Mé dat aller schlemmst (wann én dat esou soen dierf) och dei dei mengen sie waeren rammelvoll sinn och eidel un Konzept (Liewensopfassung)
Wat elo Liewensopfaassung ass ass nach eng Onendlech Fro ... komm et ass geschwenn WE an esou schweier Sachen huelen mir net matt an den WEJumm
ZerberuZ 17.11.2010 - 18:33
gin der rescht .. verschieben mer des diskussioun op mei en gemitlechen owend bigsmile ... muss esouguer zougin bild inspireiert mech iergentwei zu villen koomeschen fotografeschen ideen closed_eye
gtaddei1 17.11.2010 - 20:53
Upps ... Waat mengste do?
ZerberuZ 17.11.2010 - 21:11
dei affaire mat psychofotoen ... klengt fier mech gnaz interessant .. mool kucken op ech dest joer nach zait kreien ... sin grad debordeiert ....
gtaddei1 17.11.2010 - 23:03
Dann sinn ech eierlech gespahnt.
Jeanny 15.11.2010 - 19:56
hunn se e puermol ugekuckt, ech weess net wat ech schreiwe soll, ass schonns ganz speziell Gennaro
gtaddei1 15.11.2010 - 21:10
Jeanny, et ass eppes immens einfaches ze reliseieren vun engem Fotografeschen point de vue.
Et ass net dass ech de précieux wollt machen andéms ech elo keng spezifesch Erklaerungen ginn hunn , me wollt bei deser , irgendwei klasseschem Thema, én Konzept ausdrecken. Klassesch villeicht mé ech hunn et nach net esou erliewt , dat héscht en ombre chonoise. Des Form ass verdrémt ondéfineiert, well de Konzept net ze défineieren ass . Et lait ausserhalb vun den klasseschen Kant Kategorien (d'Logik) . Just nemmen de Konzept leit auuserhalb vun der Logik.
Uh la dess Foto get elo Schweierfaellesch. Mé et ass villeicht interessant.

Du waerst dech denken , wat erzielt dén do. Ech kommen progressiv drop , mé net ze schnell soss get et net verstanen.
Kuck meng Aentwerten Uewen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 462 Gäscht online