numm keng ahnung...
mëch beschäftegt eppes aaneschters, deng méi aal saachen gefale mer besser. deng lescht serien sin zwar technësch immens me mir fehlt et u charakter, me vlait ass et jo gene dat wat's de wëlls maan.
die läscht serien sin fir e Kallenner vun 2 bekannte plaatzen hei am land....do stung den Thema fest:lingerie an on location...
Also ass meng bea kräfteg an richtung high-end beauty retouche gaang...karakter fotoen (manner idealiséierend) missten dese weekend geshoot gin..
Mamm Kapp ass och gutt sou, ech hätt d'Scene nach méi frontal kadréiert.
Probéier mol wéi et ausgesäit wanns de déi Blotéinung aus den Déiften hëls, stéiert mech iergendwéi.
also als beliichtungs-noob hun ech eng remarque oder fro, an et wonnert mech fierwaat keen et uschwätzt well mech steiert et (?!?) fier mech kennt t'lucht vun der falscher Seit !
....ass jo alles regelmässeg beliicht, oder net?
Hàtt ech se emgedréint, hätt ech schiet vun den Hoer an d'gesiicht an keen detail méi an den hoer...
An fir esou een schiet ze kréien, wollt ech net matt 2 softboxen schaffen....haat awer e reflekter op der rietser sait
Jo, eventuell wier e bëssi Detail vun ënnen gutt komm (Hals, Broscht) an de Schied wier dann och e bëssi méi douce. Ech denken den Gaga hätt léiwer eng Beliichtung vun riets gehat. ADG
jo, sou hun ech geduecht, as awer mei eng fro, ech fannen den schiert riets fum model ob der wand net gut, och am gesiicht ... ob elo ganz emgedreint beliicht besser wier wees ech net, mais e bessen reflektor fun fier riets oder esou epes ?!? hmmm ...
u sech gefält Bild mer gutt, hat hätt awer missen e gutt Stéck vun der Wand ewech sinn. Blëtzluuchten an dann e Meter virum Hannergrond ass ëmmer schwéier .
Lo wollt ech schreiwen, dann muss een eppes kennen ... dat hätt de Vito awer elo schockéiert ( Vito dat war néet eecht gell )
emmerhin gutt genuch fir op der slideshow vun der view/stern haut ...
Deen semi haarden schiet hunn Ech ganz oft an menge läschte biller drop (posten muer villaicht nach eng série esou)...awer schon wäll et mir gefällt...net wäll et e Fehler war...